lb | fr | pt | en |
Oktav 2024 : Mëttwoch 24. Abrëll
Geschicht vum Dag a Fotoen
D’Ste-Sophie-Schoulen hunn de Moien an der Kathedral e méi jonke Wand bruecht. Déi frësch Stëmme vum der Chouer gi vun engem Piano begleet. E Publikum vu freedege Kanner, deenen de Frère Jean-Luc, hire Kaploun, a Rou, mat zouenen Aen, eng kleng Übung offréiert huet, “fir den Här ze froen, wat mir wëllen”. Lues a lues gëtt et roueg, Sonnestraalen beliichten de Chouer, an d’Mass kann ufänken, a Präsenz vun eisem Äerzbëschof Kardinol Jean-Claude Hollerich. D’Schüler hunn d’Thema vun der Oktav illustréiert, “...fir ze déngen”. Si hunn all zesummen nogeduecht an hunn dräi konkret Beispieler identifizéiert: Anerer hëllefen, sech selwer ze hëllefen; d’Perséinlechkeet vun all Persoun ze respektéieren a verschidden Aufgabe fir d’Gemeinschaft iwwerhuelen. E Programm deen och fir d‘Erwuessener eng gut Iddi ass!
Eng méi feierlech Atmosphär fir d’Mass fir de Gemengerot an d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg, a Präsenz vum Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad, a ville Gemengebeamten. D’Chorale Mixte du Conservatoire de la Ville de Luxembourg, spillt d’Missa secunda vum John Ferenc Farkas meeschterlech, an dat ënnert der Leedung vum Marc Dostert..
Mëttes hu sech ronn honnert Leit um Parvis vun der Kathedral fir e Friddensgebied versammelt, virbereet vu Justice et paix, Caritas, CSI an aner chrëschtlech inspiréiert ONGen.
- Oktav 2020 online . Octave 2020 en ligne
- Oktav 2017 . Octave 2017
- Oktav 2019 . Octave 2019
- Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés
- Oktav 2018 . Octave 2018
- The Origins of the “Octave of the Mother of God” in Luxembourg
- As origens da Oitava em honra da Mãe de Deus no Luxemburgo
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- Eng Käerz bei der Tréischterin
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave