Homepage>Glawen & Pastoral . Foi & Pastorale >Texter a Kommentaren . Textes et commentaires >D’Evangelium op Lëtzebuergesch >Joer C >
lb | fr | pt | en |
Joer C
25. November 2015
16. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 10,38-42
38 De Jesus ass an en Duerf komm, an eng Fra, déi Martha geheescht huet, huet hie bei sech opgeholl.
39 Si hat eng Schwëster, déi Maria geheescht huet. D’Maria huet sech bei dem Här seng Féiss gesat an huet him nogelauschtert.
40 D’Martha awer war ganz mat e sëllegen Déngschter beschäftegt. Si ass dunn dohigetratt a sot: “Här, stéiert et dech net, datt meng Schwëster mech eleng gelooss huet, fir den Déngscht ze maachen? So hir dach, si soll mir eng Hand upaken!”
41 Den Här awer huet hir geäntwert: "Martha, Martha, du méchs dir vill Suergen an du gëss dir vill Méi,
42 ma nëmmen eng Saach ass néideg: D’Maria huet nun emol dee gudden Deel gewielt; dee gëtt hir net ewechgeholl."
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique