lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

25. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 16,1-13

1 De Jesus sot zu senge Jünger: "Et war emol e räiche Mann, deen hat e Verwalter. Dëse Verwalter gouf bei him ugeklot, hie géif sengem Här säi Verméigen zur Fënster erausgeheien.

2 Den Här huet hie geruff a sot zu him: ’Wat héieren ech do vun dir? Lee Rechenschaft iwwer deng Verwaltung of, well du kanns net méi mäi Verwalter bleiwen!’

3 Du sot de Verwalter sech: ’Wat soll ech maachen, wa mäin Här mir elo d’Verwaltung ewechhëlt? Fir am Gruef ze schaffen, sinn ech net staark genuch, a fir ze heeschen, schummen ech mech. –

4 Elo weess ech, wat ech maachen, fir datt d’Leit mech bei sech ophuelen, wann ech d’Verwaltung ewechgeholl kréien!’

5 Hien huet all déi, déi bei sengem Här an der Schold stoungen, een nom anere komme gelooss, an hie sot zu deem éischten: ’Wéivill bass du mengem Här schëlleg?’

6 Deen huet geäntwert: ’100 Faass Ueleg.’ Du sot hien zu him: ’Huel däi Scholdschäin, sëtz dech a schreif séier: 50.’

7 Zu engem anere sot hien: ’An du, wéivill bass du schëlleg?’ Deen huet geäntwert: ’100 Mooss Weess.’ Hie sot zu him: ’Huel däi Scholdschäin a schreif: 80.’

8 An den Här huet deen ongerechte Verwalter gelueft, well deen sech esou lous ugeluecht hat. D’Kanner vun dëser Welt sinn nämlech am Ëmgang mat hiresgläiche méi lous, wéi d’Kanner vum Liicht et sinn.

9 An ech soen iech: Maacht iech Frënn mat deem ongerechte Mammon, fir datt si iech deen Ament, wou en ausgaang ass, an deenen éiwegen Zelter ophuelen!

10 Een, deen trei ass am Klengen, ass och trei am Groussen, an een, deen ongerecht ass am Klengen, ass och ongerecht am Groussen.

11 Wann dir also mat deem ongerechte Mammon net trei ëmgaange sidd, wie vertraut iech da jeemools dat un, op dat et wierklech ukënnt?

12 A wann dir mat friemem Besëtz net trei ëmgaange sidd, wie gëtt iech da jeemools ären eegenen?

13 Kee Kniecht kann zwéin Hären déngen; entweder haasst hien deen een an ass frou mat deem aneren, oder hien hänkt un deem engen a veruecht deen aneren. Dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu