lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Epiphanie ABC

Mt 2,1-12

1 Wéi de Jesus zur Zäit vum Kinnek Herodes zu Bethlehem a Judäa gebuer gi war, si Stärendeiter aus dem Osten zu Jerusalem ukomm,

2 an si hu gefrot: “Wou ass de Kinnek vun de Judden, dee grad op d’Welt komm ass? Mir hunn nämlech säi Stär am Oste gesinn, a mir si komm, fir hien unzebieden.”

3 Wéi de Kinnek Herodes dat héieren huet, war hien an enger Oprou, a ganz Jerusalem mat him.

4 Hien huet all d’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert vum Vollek zesummegeruff a bei hinnen nogefrot, wou de Messias gebuer gi sollt.

5 Si hunn him geäntwert: "Zu Bethlehem a Judäa! Esou ass et nämlech vum Prophéit opgeschriwwe ginn:

6 An du, Bethlehem, Land Juda, du bass op kee Fall déi mannst ënner de Prënzestied vu Juda, well aus dir kënnt e Prënz, dee mäi Vollek Israel hitt."

7 Dueropshin huet den Herodes d’Stärendeiter heemlech bei sech geruff an sech vun hinnen déi genee Zäit soe gelooss, wéini de Stär erschénge war.

8 Dunn huet hien si op Bethlehem geschéckt a sot: “Gitt a fuerscht genee no deem Kand! Wann dir et bis fonnt hutt, dann dot mech dat wëssen, fir datt och ech komme kann, fir et unzebieden!”

9 Nodeems d’Stärendeiter dëst vum Kinnek héieren haten, hunn si sech op de Wee gemaach. A kuck, de Stär, deen si am Oste gesinn haten, huet si gefouert, bis en iwwer där Plaz stoe blouf, wou d’Kand war.

10 Wéi si de Stär gesinn hunn, waren si ausser sech vu Freed.

11 Si sinn an d’Haus eragaang an hunn do d’Kand mat der Maria, senger Mamm, gesinn. Du sinn si niddergefall an hunn d’Kand ugebiet. Si hunn hir Schazkëschten opgemaach an him hir Gowen iwwerreecht: Gold, Wäiraach a Myrrhe.

12 Wéi si am Dram gerode kruten, net bei den Herodes hannescht ze goen, sinn si op engem anere Wee heem an hiert Land gaang.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu