lb fr pt en
Oktav 2017 . Octave 2017  
1. März 2017

E Logo fir d’Oktav

D’Muttergottesoktav huet 2017 eng visuell Identitéit kritt

Vun 2017 un huet d’Oktav eng visuell Identitéit, déi vun do un op alle Print- an anere Supporten zur Mariewallfahrt erschéngt an esou der Muttergottesoktav en eenheetlecht Erscheinungsbild gëtt. No der positiver Erfahrung mam Logo “350 Joer Stadpatréinesch”, deen am Jubiläumsjoer 2016 genotzt gouf, ass d’Iddi op en Neits opkomm, e Logo z’entwéckelen, deen dynamesch, zäitgeméiss an d’Diversitéit vun der Wallfahrt erëmspiggele géif an an deem senger Mëtt d’Tréischterin mam Zepter a mam Schlëssel an d’Jesuskand stinn.

Ausgeschafft gouf de Logo vun engem Grupp vu Membere vun der Oktavkommissioun zesumme mam Grafiker Jean-Louis Pasque. De Logo gëtt et a lëtzebuergescher an a franséischer Versioun an all Joer mat den Datume vun der Oktavzäit.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu