lb fr pt en
Priedegten  
15. Mee 2019

Bleif bei eis – mir hunn et haut net liicht, eise Glawen ze liewen! / Lk 12, 1-10

Lauschtert a liest déi 3. Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (15. Mee 2019)

Hiféierung

Villes vu fréier gräift haut net méi, eise Glawe passt net méi wéi selbstverständlech an dës Zäit.

„Bau meng Kierch nei op!“ hat viru laanger Zäit de Franz vun Assisi verstan.

Nei opbauen oder dat Aalt flécken, wat solle mir do maachen? Beim Reparéiere kann et sinn, datt weider baufälleg Deeler och nach zesummefalen. Baue mer nei, vläicht op deene Fëllementer, déi nach gutt sinn, da si mer fir laang an engem Réibau a mir dierfen eis froen: Gëtt dëst Gebai nach gebraucht, wann et bewunnbar ass?

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

E gutt Wuert ass wichteg fir jidderee vun eis. Mir sinn elo an deene leschten Deeg e puer gutt Wierder begéint:

  • Jidderengem säin Numm ass e gutt Wuert, well a jidderengem Guddes stécht.
  • Dem Herrgott säin Numm „Ech sinn deen, deen do ass!“ dat ass nach vill méi e gutt Wuert.
  • An et kënnt nach besser, an deem Wuert „Trouscht“ do héieren ech eraus: „Ech sinn deen, deen do ass – an ech si baarmhäerzeg, wéi eng gutt Mamm.“

Dat si schonn e puer Stécker Fundament, Grondsteng, op déi mer eist Glawensliewen opbaue kënnen! Wa mer scho soen, et wier esou schwéier haut de Glawe gutt ze liewen, da loosse mer et net komplizéiert maachen a probéieren, hien op enger Rei gudde Wierder an och gudden Erfarungen opzebauen – nei opzebauen.

De Bëschof vu Limburg, déi Säit vum Rhäin, deen heescht Georg Bätzing, deen hat dëslescht gesot, mir missten eis als Kierch nei erfannen. Ech kennen dee Bëschof selwer, mir waren zesummen zu Tréier am Seminaire an déier selwechter „Wohngruppe“. Do hat hien eng Kéier gesot: „Seit ich den Guy Diederich kenne, glaube ich an die Wiedergeburt, der hat aus seinem ersten Leben noch die Schuhe.“ Dat war net wouer, mee hien hat et gesot an haut ass hie Bëschof vu Limburg an do huet hien dat hei gesot, an dat ass wouer: „datt mir eis nei erfanne mussen“!

„Sech nei erfannen“, dat léisst mech och un neit Opbauen denken. Eis Kierch nei bauen, mat liewege Steng, mat Dir a mat mir. Den hellege Franz vun Assisi, deen hat och vum Herrgott gesot kritt, hie soll d’Kierch nei opbauen, am Ufank hat hien dat wuertwiertlech verstan an huet Material gesammelt, fir eng al Kapell ze flécken. Eréischt duerno huet hie verstanen, datt et sech net ëm Steng, Kallek an Zement dréint, mee ëm d’Leit, déi d’Kierch sinn.

Sech nei erfannen, nei opbauen, dat ass esou eng Saach. Ech selwer sinn a mengem Wiese konservativ, meng eege Groussmamm hat schonn zu mir gesot: „Ech hunn nach ni esou en almoudege Kärel gesinn ewéi Dech!“ Deemols war ech 17 Joer al.

Konservativ: do hun ech léiwer, ech stäipen aalt Gemaier, datt et net esou séier zesumme fält, ech flécken do, wou et nach geet oder graff gesot: „Ech halen d’Schong aus dem virechte Liewen nach un.“

Ech ka mir virstellen, datt bei Iech der och sinn, déi esou denken: z. B. elo: „Ech kommen an d’Oktav, dat war nach ëmmer esou, well wa mir net méi ginn, da geet kee méi!‘ Mir stäipen dat esou laang, wéi et geet.

Et gëtt der och, déi si progressiv, déi wëllen Ales ofrappen an Neies opriichten. Et sinn déi, déi soen, mir missten eis nei erfannen, nei ufänken. Dat ass net esou einfach. De Neibau vun der Kierch wäert nach haut a muer net fäerdeg sinn. Et geet net esou séier, wéi beim Franz vun Assisi, wou dee frësche Wand d’Kierch ganz séier gepak hat. Ech hunn d’Impressioun, et wäert sinn, ewéi et bei deenen ale Kathedrale war, d’Strauss gëtt eréischt an e puer Jorhonnerte gefeiert.

Et ass interessant gewuer ze ginn, wéi esou eng Kathedral déi Zäit gebaut ginn ass. Wéi do de Grondstee geluecht ginn ass, woussten déi, déi dobäi waren, datt et eréischt an 2- bis 300 Joer fäerdeg wier. Déi hätten dach kee Fanger gerouert, wa si net fest iwwerzeecht gewiescht wieren, datt déi Kathedral an 300 Joer nach gebraucht gëtt.

Haut ass dat guer net esou evident. Mir sollen eppes opbauen, nei erfannen, wat an zeg Generatiounen nach gebraucht gëtt a mer huele schonn elo an Uecht, datt elo schonn deenen Allerwéinegsten eppes feelt, wann et keng Kierch méi gëtt. Bei eis ass et e bëssen ewéi zum Noah senger Zäit: et huet kee Mënsch eng Arch gebraucht, et war matzen um Land, kee Waasser wäit a breet, an de gudde Mann a seng 3 Jongen hunn awer laang dru geschafft.

Mer hun also 2 Alternativen:

  • Als eng: Mer erfannen eis nei an da liewe mer e puer Jorhonnerten an engem Réibau, wou et zitt an näischt fäerdeg ass, dat ass net agreabel.
  • Als eng aner: Mer stäipen, wat nach do steet, restauréiere mat vill Energie (oder mat där Energie, déi nach bleift) an da liewe mer zwar net an engem Réibau mat Duerchzuch, mee an de Ruinen.

Ech sprangen iwwert mäin almoudege Schied, och wann den huelen Zannt als Ruin mer gutt gefält, et ka keen dra liewen.

Keng Ruin, mee e Chantier.

Wann Dir vun der Stad op Mënster kommt, wou ech wunnen, da musst Dir iwwert eng Eisebunnsbarrière fueren, a just virun der Barrière an enger Wiss, ass esou en décken onnatierlechen Hiwwel, eng opgeschotte Knupp. Al Mënster Leit hu mer gesot, dat wier de Buedem, deen 1852 ausgeschacht ginn ass, wéi si d’Kierch gebaut hunn. Et huet also villes misse fortgefouert ginn, ier d’Fundamenter geluecht goufen, soss wäre si net ukomm mat bauen.

Et schengt mer, mir kommen och net richteg un. Net nëmmen um grousse Plang vun der Kierch heiheem an an der Welt, mee mir kommen och net richteg un, wa mer an eisem deegleche Liewen eise Glawen nei opbauen wëllen, an dat ass nach méi wichteg. Eise Glawen nei opbauen, guer net esou evident, och wa mer esou munnech al Steng vu virdrun nach kënne mat an d’Fëllementer abauen.

Fir richteg unzekommen, brauche mer eppes, wat eis Driff gëtt. Dësen Driff, dat dierf keng Gäissel sinn, näischt wou mer aus Angscht eraus aktiv ginn, mir baue jo keng egyptesch Pyramid, mir si jo an eisem Glawe keng Sklaven. Mir brauchen, wéi esou dacks, e gutt Wuert fir datt mer ukomme. Mäi Glawen ze liewen am Alldeeglechen an en dobäi nei opzebauen, dat ass an eiser Welt net liicht. Ënner eis gesot: „Et ass och net liicht, Ales ze stäipen.“

Firwat ass dat esou? Firwat ass et esou schwéier, de Glawen ze liewen an dem Herrgott eng Plaz am Liewen ze ginn?

Bei mir ass eng Ursaach, datt ech mech schummen, fir mech an der Kierch ganz a mat alle Kräften anzebréngen. Ech schumme mech, an enger Kierch ze liewen an ze wierken, wou mer u Kanner gaange sinn, an nach vill aner Ongeheierlechkeete fäerdeg bruecht hunn.

Ech schumme mech awer net nëmme wéinst där Kierch an där ech liewen a schaffen, mee och wéinst menger ganz perséinlecher Onzoulänglechkeet. Wéinst menge Feeler, Schwächten a Sënnen. Dat lähmt mech, fir a mengem Glawen nei Weeër ze goen, an dofir schéngt et méi einfach, ech halen un deem Ale fest, well fir Neies ass keng Energie do. Besser, mer bleiwen almoudesch, da brauche mer eis Feeler net ze sichen, ze bereien an anzegestoen. „Gott huet meng Sënne vergiess!“ Do muss ech ëmmer erëm drun erënnert ginn. Ech ka mer denken, datt et ville vun Iech och esou geet, vun Iech hunn der mir jo gesot, Dir hätt et och schwéier, fir no baussen als Chrëscht ze liewen.

Mir hunn Angscht, dat no baussen ze maachen, mer fäerten, et géif eis gesot: „Ma hal dach nëmmen op.“ – an da kréie mer all d’Feeler vun der Kierch an och eis eege privat Ondugenheeten ëm d’Ouere geschloen, a mer kënnen eis net emol wieren. Well déi, déi eis Reprochë maachen, hunn och nach Recht derbäi (meechtens).

No all deem do, léif Frënn, gëtt et héich Zäit, datt mer emol erëm e gutt Wuert kréien, eent wat hëlleft, nei opzebauen. Beim Herrgott ass dat net esou, wéi elo grad gesot. Hien tickt aneschters. Mir soen: „Bleif bei eis!“ an hien äntwert: „Ech sinn deen, deen do ass.“

  • Erënnert Dir Iech nach un de Moses, do wou den Herrgott fir d’alleréischt säin immensen Numm gesot hat, an der däreger Heck, do war op eemol keng Ried méi vum Doutschlag vum Egypter.
  • Déi Sënner, déi bei de Jesus koumen, fir geheelt ze ginn, déi krute gesot: „Ech verurteelen Dech och net, géi a sënneg net méi!“
  • Zu Dir an zu mir: „Ech veruerteelen Dech net, géi a fänk en neit Liewen un, lief däi Glawe gutt, schéin a fräi.“
  • „Ech veruerteelen Dech net, géi a bau meng Kierch nei op.“
  • An hie sot zum Zachäus, dem Lausbouf a Sënner: „Zachäus, klamm erof, den Owend kommen ech bei Dech zu Nuecht iessen!“

Beim Herrgott sinn eis Sënne vergiess, well si verzie sinn, bei him brauchs Du Dech net ze schummen an Dech ze verstoppen, mee deng ganz Kraaft an Energie gebrauchen, fir virun ze goen an Neies ze probéieren.

Bei Gott sinn eis Sënne vergiess, verzien… Wäit ewech vum Herrgott ass et de Contraire, do ginn eis Feeler a Schwächten ëmmer méi schwéier. Mir brauchen all eis Energie an eis Fantasie fir eng schéi Façade ze weisen, fir eng Roll ze spillen. Déi Zäit, wéi ech nach Theater zu Rued matgespillt hunn, an ech hu meng Roll geléiert, da konnt ech déi Deeg net vill Aneres maachen.

Beim Herrgott brauch keen Theater ze spillen, näischt ze iwwerspillen, well d’Sënn bleift just do, wou ech wäit vun him ewech sinn. „Bleif bei eis! Komm bei eis zu Nuecht iessen!“

Dat heescht: sief an eisem konkreten, klenge Liewen mat derbäi. Du bass kee Surveillant, kee Gendaarm, mee e Verléiftenen.

Konkret am Alldag: Wat ass dat da schonn, wann d’Leit mat Schlauheet zu hirem kommen, Villaen opriichten, déck Autoe fueren a Weltreese maachen, an Du probéiers éierlech zu sinn, du handels esou, wéi s Du mengs, datt Gott hannert Dir steet, an dobäi kënns Du zu näischt. Schumm Dech dann net, du baus un enger neier Kierch.

Wann s Du am Supermarché an Uecht hëls, datt déi an der Keess sech zu denge Gonschte verrechent huet, da mellt Dech a schumm Dech net, wann anerer Dech auslaachen, well Du baus un enger neier Welt.

A wa Leit aus Krichs- an Kriseregiounen heihi kommen, da brëll du net mat deenen, déi fäerten, hiert Stéck vum Kuch géif ze kleng ginn. Och wann de Geck mat Dir gemaach gëtt an et gëtt behaapt, Du géngs eis Natioun futti maachen a kriminellen Näischtnotzen d’Dier opmaachen, schumm Dech net a gleef hinnen näischt, Du bass nämlech am Gaang un enger neier Welt am Herrgott sengem Sënn matzeschaffen.

Dëslescht war ech mat enger aarmer Persoun, déi keen Auto an net vill Akommes huet, op Jonglënster an den Aldi. Do souz virum Agank um Buedem e jonke Mënsch ze heeschen (et soll een deene jo näischt ginn, soe se, well si zu kriminellen Organisatioune gehéieren). Ech si laanscht gaang, a wéi mer eraus koumen, huet déi Fra dem Jong e Yoghurt ginn. Wéi ech de Caddie hannescht stelle war, hunn ech gesinn, mat wéi enger Gier de Jong mam Fanger an de Yoghurt gefuer ass an en ofgeleckt huet, well e kee Läffelchen hat. An do wousst ech, datt dës Fra aus klenge Verhältnisser sech net geschummt hat, fir hire Glawen ze liewen an un enger neier Welt matzeschaffen.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu