lb fr pt en
Priedegten 2023  
5. Mee 2023

De Magnifikat

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (5. Mee 2023)

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas (Lk 1,39-56)

In jenen Tagen machte sich Maria auf den Weg und eilte in eine Stadt im Bergland von Judäa. Sie ging in das Haus des Zacharias und begrüßte Elisabet.

Und es geschah, als Elisabet den Gruß Marias hörte, hüpfte das Kind in ihrem Leib. Da wurde Elisabet vom Heiligen Geist erfüllt und rief mit lauter Stimme: Gesegnet bist du unter den Frauen und gesegnet ist die Frucht deines Leibes. Wer bin ich, dass die Mutter meines Herrn zu mir kommt?

Da sagte Maria:

Meine Seele preist die Größe des Herrn
und mein Geist jubelt über Gott, meinen Retter.
Denn auf die Niedrigkeit seiner Magd hat er geschaut.
Siehe, von nun an preisen mich selig alle Geschlechter.
Denn der Mächtige hat Großes an mir getan
und sein Name ist heilig.
Er erbarmt sich von Geschlecht zu Geschlecht
über alle, die ihn fürchten.
Er vollbringt mit seinem Arm machtvolle Taten:
Er zerstreut, die im Herzen voll Hochmut sind;
er stürzt die Mächtigen vom Thron
und erhöht die Niedrigen.
Die Hungernden beschenkt er mit seinen Gaben
und lässt die Reichen leer ausgehen.
Er nimmt sich seines Knechtes Israel an
und denkt an sein Erbarmen,
das er unsern Vätern verheißen hat,
Abraham und seinen Nachkommen auf ewig.

Und Maria blieb etwa drei Monate bei ihr; dann kehrte sie nach Hause zurück.




Här Kardinol,
Léif Geeschtlech,
Léif Leit alleguer, déi dir iwwert d’Medie mat äis verbonne sidd,

« La Vierge Marie est mon plus beau coup de foudre ! » [1] Mat dëse Wierder huet de bekannte franséischen Humorist Gad Elmaleh säi kathoulesche „Coming-out“ gemaach. No enger Privataudienz am Dezember 2022 beim Poopst François schwätzt de Kënschtler nach emol an der Ëffentlechkeet iwwert seng perséinlech Bezéiung zu Maria: « Marie me tient et je la porte en moi, sur moi… Je lui demande de m’aider, surtout avant les shows. » Déi eng hunn hien doropshin als naiv ofgestempelt, fir anerer war de Mann couragéiert an nach anerer hunn him virgeworf, datt hien an aller Ëffentlechkeet iwwert säi Glawe géif schwätzen. De Glawen, eng Privatsaach?

Am Text, dee mir elo grad héieren hunn, begéine mir och enger couragéierter jonker Fra, Maria. Si ass an aneren Ëmstänn a schount sech trotzdeem net, zu Fouss bei hir eeler Cousine Elisabeth ze goen. Fir si ass dat, wat si mam Herrgott erlieft huet keng Privatsaach, mee een Optrag, eng Missioun, déi si beweegt fir aneren heivun ze erzielen. Mir hätte gesot: „Du bleifs heiheem, well Du muss dech schounen.“ Awer fir d’Maria ass näischt ze vill. Den Opbroch an d’Méi gehéiere vun Ufank u ganz konkret zu hirem Liewen.

Si gehéiert am Fong zu deene Klengen aus dem Vollek Israel, de sougenannten „anawim“ [2]. D’Prophéiten am Alen Testament schwätze vun hinnen. Et sinn déi Gebéckten, „les affligés“, déi Aarm, déi keng Lobby hunn.

D’Maria weess, datt si alles vum Herrgott ze erwaarden huet. Hien ass hiren éiwege Fiels, op deen si baut. Hire Magnifikat ass kee banaalt Gebiet, mee eng Erausfuerderung iwwert dat eraus ze wueesen, wat ee gesäit a fir wouer hält. Et ass ee grousse Luefgesank op ee Gott, deen esou anescht ass an handelt. Der Maria hire Glawen ass geniert vum räiche Gebietsschatz vun de Psalmen, duerch déi si geléiert huet, iwwer Schwéieres a Schéines mam Herrgott ze schwätzen. Dat, wat si séngt, huet si um eegene Leif erfuer: „Déi Mächteg geheit hien erof vum Troun, an déi Damiddeg riicht hien op.“ D’Mamm vum Erléiser ginn ass kee Kannerspill, keng einfach Tâche. Si huet sech dës Plaz och net gefrot, mee si gouf gefrot. Maria weess, datt fir den Herrgott näischt onméiglech ass an datt Hien an hirem Liewen alles zum Gudde féiert. „Dee Mächtegen huet fir mech Grousses gemaach. Säin Numm ass helleg.“ Dobäi geet et hir net ëm hir eege Persoun. Gott eleng soll grouss eraus kommen, well Hien ass hire Retter. „Meng Séil verkënnegt d’Gréisst vum Här, a mäi Geescht jubiléiert iwwer Gott, mäi Retter.“

Léif Leit,

Dës puer Ablendungen aus dem Magnifikat selwer maache schonn däitlech, datt et hei ëm méi geet, wéi ëm der Maria hir Privatfrëmmegkeet. Hire Luefgesank ass ee revolutionären Text an engem ganz klassesche Kontext, wou Gott am gaangen ass, déi gewinnten Uerdnung op d’Kopp ze geheien. Hir Wierder stéieren an enger Welt, wou déi Staark meeschter sinn an et wëlle bleiwe, eng Welt, wou mat den Ielebéi geschafft gëtt fir zu sengem ze kommen, wou déi Grouss déi Kleng dacks esou subtil a konsequent kënnen ënnerdrécken. De Magnifikat ass ee Gebiet voller Sprengkraaft an enger Welt, wou de Schäin esou dacks zielt.

Esou ass et dann och net verwonnerlech, datt beispillsweis wärend der Diktatur an Argentinien grad de Magnifikat opgrond vu senger politescher Brisanz net huet dierfen an der Ëffentlechkeet gebiet oder gesonge ginn.

Ee vun deene bekanntste Kommentatore vum Magnifikat ass de protestantesche Reformator Martin Luther, deen am 16. Joerhonnert – ronn 100 Joer virun eiser Oktav – dës 2 Sätz seet (natierlech an dësem Kader op houdäitsch): „Ich kenne in der gesamten Literatur nichts, was dazu ebenso gut dienen könnte wie dieses heilige Lied der hochgepriesenen Mutter Gottes. Alle, die gut regieren und als Herren segensreich sein möchten, müssen es sich gut einprägen und merken, singt sie doch darin auf das allerlieblichste von der Furcht Gottes und davon, was für ein Herr er ist, vor allem davon, welche Werke er an den Hochgestellten und an den Niedrigen tut.“ [3]

Säi Kommentar war een Optragstext vum 18 Joer alen Herzog Johannes Friederich von Sax un den Augustinerpater, deen deemols scho vill vu sech schwätze gedoen huet. Dëst Wierk sollt dem jonke Fürst hëllefen, anescht ze regéieren an hien aus der Illusioun befreien, selwer allmächteg ze sinn.

Hie gëtt an enger Zäit geschriwwen, wou d’Mënschen och ënnert Pescht a Krich leiden. Vill liewen der ënnert der Aarmutsgrenz. D’Vollek huet et schwéier mam etabléierte Klerus a mat der kierchlecher Hierarchie. D’Hoffnungen op een neit Konzil maachen sech ëmmer méi bemierkbar. Grad an dëser Zäit kommentéiert de Luther dann och de Magnifikat. Erstaunlecherweis ass d’Maria fir hien eng eminent Botschafterin vum Jesus senger frouer a befreiender Noriicht. Lauschtere mir kuerz an seng Iwwersetzung eran:

„Meine Seele erhebt Gott, den Herrn. Und mein Geist freut sich an Gott, meinem Heiland. Denn er hat mich, seine geringe Magd, angesehen. Deswegen werden mich Kinder und Kindeskinder in Ewigkeit selig preisen. Denn er, der alle Dinge tut, hat große Dinge an mir getan, und sein Name ist heilig. Und seine Barmherzigkeit währt von einer Generation zur anderen für alle, die ihn fürchten. Er handelt mächtig mit seinem Arm und zerstört alle, die im Innersten ihres Herzens hochmütig sind. Er setzt die großen Herren von ihrer Herrschaft ab und erhöht die, die niedrig und gering sind. Die Hungrigen sättigt er mit Gütern aller Art, die Reichen aber lässt er leer ausgehen. Er nimmt sein Volk Israel auf, das ihm dient, an das er in seiner Barmherzigkeit denkt. So hat er es ja unseren Vätern versprochen, Abraham und seinen Kindern, in alle Ewigkeit.“ [4]

Et ass dëst een ëffentlecht Bekenntnis vis-à-vis vun engem Gott, deen eng aner Gerechtegkeet wëllt, eng Dynamik, wou déi Lescht an déi éischt Rei réckelen. E schwätzt vun engem staarke Glawen an enger fester Verwuerzelung am Glawen an enger Gesellschaft, wou der vill sech ducken, wann et drëm geet, perséinlech Stellung ze bezéien oder wa si an hirer Iwwerzeegung ugegraff ginn.

Mee komme mer nach emol zréck bei de Gad Elmaleh, deen am 21. Joerhonnert ganz fräi seet, datt d’Maria seng gréisst Léift ass. Als konvertéierte Judd zum Katholizismus huet hie virun enger Rei vu Méint een autobiographesche Film erausgi mam Titel Reste un peu, wou hie keen Heel aus sengen Iwwerzeegunge mecht: « Je suis étonné qu’en France, une grande majorité de catholiques ne vivent pas leur foi au grand jour. Il y a une forme de pudeur et de retenue que les juifs et les musulmans n’ont pas. Je ne sais pas comment l’analyser mais, dès lors qu’ils sont dans l’amour et dans la joie, ils devraient être fiers d’être chrétiens. »

Losse mir äis haut an elo der Maria un d’Hand gi fir äis net ze schummen, do wou mir liewen a stinn, Rechenschaft vun dësem Glawen am Magnifikat ofzeleen an ze soen, wat äis wichteg ass, duerch eist Liewen an, wann et gefrot gëtt, och mat Wierder [5]. Amen.


[1Le Figaro, November 2022.

[2Les anawim sont les pauvres de Yahvé. En hébreu, le singulier anawah est utilisé par les prophètes (Sophonie, Amos), dans les Psaumes et par Marie dans le Magnificat : les pauvres de Dieu, c’est-à-dire les « courbés », les « inclinés », les petits, les faibles, les humbles, les affligés, les doux.

[3Martin Luther, Das Magnifikat, Goldmanns gelbe Taschenbücher, 1961.

[4Ibid.

[5Franz von Assisi.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu