lb fr pt en
Priedegten 2023  
2. Mee 2023

Fäert net!

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (2. Mee 2023)

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas (Lk 1,26-38)

Im sechsten Monat wurde der Engel Gabriel von Gott in eine Stadt in Galiläa namens Nazaret zu einer Jungfrau gesandt. Sie war mit einem Mann namens Josef verlobt, der aus dem Haus David stammte. Der Name der Jungfrau war Maria.

Der Engel trat bei ihr ein und sagte: Sei gegrüßt, du Begnadete, der Herr ist mit dir. Sie erschrak über die Anrede und überlegte, was dieser Gruß zu bedeuten habe.

Da sagte der Engel zu ihr: Fürchte dich nicht, Maria; denn du hast bei Gott Gnade gefunden. Siehe, du wirst schwanger werden und einen Sohn wirst du gebären; dem sollst du den Namen Jesus geben. Er wird groß sein und Sohn des Höchsten genannt werden. Gott, der Herr, wird ihm den Thron seines Vaters David geben. Er wird über das Haus Jakob in Ewigkeit herrschen und seine Herrschaft wird kein Ende haben.

Maria sagte zu dem Engel: Wie soll das geschehen, da ich keinen Mann erkenne? Der Engel antwortete ihr: Heiliger Geist wird über dich kommen und Kraft des Höchsten wird dich überschatten. Deshalb wird auch das Kind heilig und Sohn Gottes genannt werden. Siehe, auch Elisabet, deine Verwandte, hat noch in ihrem Alter einen Sohn empfangen; obwohl sie als unfruchtbar gilt, ist sie schon im sechsten Monat. Denn für Gott ist nichts unmöglich.

Da sagte Maria: Siehe, ich bin die Magd des Herrn; mir geschehe, wie du es gesagt hast. Danach verließ sie der Engel.




Här Kardinol,
Léif Leit alleguer,

Erlaabt mer un den Ufank vun dëser Priedegt ee perséinlecht Erliewen ze stellen. Ee Grupp vu jonken Erwuessener ass 1985 an der Chrëschtvakanz op ee spirituelle Weekend an d’Ausland gefuer. Dräi Deeg Stëllt waren do um Programm. Fir mech war et déi éischt Retraitenerfarung.

Op der Plaz gouf de Grupp vun engem Jesuitepater begleet. Wat de Mann deemools wierklech gezielt huet, weess ech haut net méi. Mee, eppes ass bliwwen: An der Stëllt si grouss Liewensfroen opkomm, Froen, déi mat Ängschte verbonne waren a mat Changement; Angscht virum Herrgott a viru sengen Ufuerderungen; Angscht, all dat Schéint vun dësem Liewe missen hannert mir ze loossen, fir an eng Welt eran ze goen, wou alles gro an däischter wier; Angscht selwer ze kuerz ze kommen an dat grousst Gléck vum Liewen ze verpassen.

Ech erënnere mech dobäi nach ganz gutt un d’Bauchgefill, dat mech duerno Wochen a Méint begleet huet. Nëmme lues a lues hunn ech verstanen, datt den Herrgott kee Spillverdierwer ass, mee ee Gott vum Liewen. Meng Angscht huet Hien a Vertraue verwandelt, mäin Zécken an eng gesond Virsiicht a meng ënner Sehnsucht an eng déif Liewensfreed, déi mech bis haut animéiert a motivéiert.

Léif Leit,

D’Erzielung aus dem Lukasevangelium, déi mir elo grad héieren hunn [1] beschreift een Entscheedungsprozess. Maria war ee jüddescht Meedchen am Alter tëscht 13 a 16 Joer [2]. Seng Welt war déi vun Nazareth, engem klengen Duerf am Norde vun Israel. Ee Liewen am Haus an ëm d’Haus erëm. Hei kritt dës jonk Fra onerwaarte Besuch vun engem Engel. An anere Wierder: d’Maria huet ee spirituellt Erliewe mam Herrgott, an dat ass eppes Urperséinleches a Grousses.

Der griechescher Iwwersetzung no begréisst den Engel d’Maria mat folgende Wierder: „Chaire kecharitoméne!“ „Sei gegrüßt, du Begnadete.“ Dëse Grouss ass méi wéi eng banal Uried, méi wéi ee gewéinleche „Shalom“.

Hien erënnert un den Ale Bond, deen den Herrgott nom babyloneschen Exil mam klenge Rescht vum Vollek Israel schléisst, eng Allianz, an déi d’Mënschen all mat erageholl ginn, bis zu deene Klengsten an Äermsten, ee Bond, dee sech beim Prophéit Zefanja mat grousser Freed ukënnegt: „Jubele, Tochter Zion! Jauchze Israel! Freu dich und frohlocke, Tochter Jerusalem! […] Fürchte dich nicht Zion! Lass die Hände nicht sinken!“ [3]

Dëse Grouss riicht sech elo direkt un d’Maria. Kee Wonner, datt déi jonk Fra zesummefiert an erféiert. Als gleeweg Jüddin versteet si, datt et hei ëm Grousses an Helleges geet. Onverdéngt gesäit si sech op ee Mol matzen am Zentrum vum Heelsplang.

An den Engel fiert virun a seet: „Fäert net, Maria! Du hues nämlech Gnod beim Herrgott fonnt. Kuck, du kënns an aner Ëmstänn a kriss ee Jong; dee solls du Jesus nennen.“

Mat allem hat d’Maria gerechent, mee net mat enger Schwangerschaft virum Mariage. An dobäi sollt si dann och d’Mamm vum Jesus ginn, dem Herrgott sengem Jong, dem erwaarte Messias! Wat fir eng Iddi! Dat jonkt Meedchen ass komplett iwwerfuerdert. Hat hatt dach net nach säi ganzt Liewe viru sech!

D’Maria war eng Fra, déi mat zwee Féiss um Bueden stoung a schonn a festen Hänn war. An elo wollt den Herrgott eppes ganz Anescht vun hir, eppes komplett Neies. Och wann di jonk Fra sech an der Déift ugesprach fillt, ass si fir d’éischt emol erféiert an iwwerleet am Stëlle wat dëse Besuch vum Engel fir Konsequenzen huet. Mir sinn an der Mëtt vun der Verkënnegung, am Häerz vum Discernement, do wou d’Entscheedung fält.

Léif Schwësteren a Bridder,

A sengem Buch Wage zu träumen! Mit Zuversicht aus der Krise [4] seet de Poopst Franziskus, datt d’Angscht schonn een Zeeche vum Hellege Geescht ass. Ängschten hu vill Gesiichter. Nëmme seele gesäit de Mënsch heiran eppes Positives a scho guer net een Zeeche vum Hellege Geescht. Wie vun äis kennt se net: d’Angscht virun der ongewësser Zukunft, d’Angscht virun enger Diagnos, virun de Gebrieche vum Alter, viru Gewalt a Krich, virun neie Klimakatastrophe mat Stierm, Bëschbränn an Iwwerschwemmungen, d’Angscht, an d’Aarmut ze rëtschen oder eng Faillite ze erliewen, an dann déi lescht Ängschte virum Doud?

D’Psychologe soen, datt et wichteg ass, fir seng Ängschten ze kennen a si ze benennen, well si äis soss veronsécheren an dominéieren. Zanter der Pandemie leide vill jonk Leit ëmmer heefeger u reegelrechten Angschtstéierungen – 20 % méi wéi virdrun, seet de Raphael Bonelli ee bekannte Psychiater [5]. En héichaktuellt Thema. Do ass et wichteg, datt ee Sécherheete fënnt a Vertrauen.

Wann den Engel dann zu Maria seet: „Fäert net!“, dann ass dat de Punkt, wou si och no der Sécherheet freet: „Wéi soll dat da goen, well ech jo nach mat kengem Mann zesummekomm sinn?“ Dobäi weess si ganz gutt, datt dem jüddesche Gesetz no hir Maternitéit si a Liewensgefor ka bréngen. Wat hir zougemutt gëtt, ass ongeheierlech.

Mee den Engel rassuréiert d’Myriam: „Den Hellege Geescht kënnt op dech erof, an d’Kraaft vum Allerhéchste geheit hire Schiet op dech. Dowéinst ass och deen, deen op d’Welt kënnt, helleg a gëtt Jong vum Herrgott genannt… Well fir den Herrgott ass näischt onméiglech.“

D’Maria wees, datt hannert hirem Réck getuschelt gëtt, datt Schimmt a Gelaachs hir net wäerten erspuert bleiwen an dach lauschtert si op d’Zouso vum Engel a léisst sech op dat neit Liewen an. „Et soll mir geschéien, esou wéi s du et gesot hues!“

Léif Leit alleguer,

D’Verkënnegung ass ee Schlësseltext fir gleeweg Mënschen. De Glawe kann een net einfach maachen oder huelen oder och nach engem aneren aplanzen, fir net ze soen aschloen. Gleewen ass ee Wee. De Martin Schleske, een zäitgenëssesche Schrëftsteller, Theolog a Geiebauer, encouragéiert d’Mënschen um spirituelle Wee esou: „Fürchte dich nicht davor, Gott näher und inniger an dich heranzulassen. Nie wird etwas anderes geschehen, als dass sich verwirklicht, was du durch Gott bist.“ [6]

Heivun ass d’Maria wuel dat schéinste Beispill. Aus der Doudesangscht huet den Herrgott si a seng grouss Freed geféiert. Aus hirer enker Welt vun Nazaret an d’Fräiheet eran. Duerch hiert klengt Jo-Wuert geet di grouss Dier vun der Menschwerdung op.

„Fäert net!“ Dësen Opruff riicht sech haut un d’ganz Kierch an domat un äis. Eng Kierch, déi sech an dësen Zäiten esou dacks an den Eck gedréckt spiert; eng Kierch, déi am gaangen ass, den Tratt ze verfeelen, déi hir Sécherheete geholl kritt huet; eng Kierch, déi et schwéier huet, un d’Kraaft vun hiren eegene Messagen ze gleewen; eng Kierch, déi hiert Jo-Wuert, hiert Vertrauen an den Herrgott stänneg erneiere muss.

Léif Leit alleguer,

Maria traut dem Herrgott senger Léift méi, wéi hirer Angscht an duerfir ka si a säi gréissere Projet agebonne ginn. Fir „JO“ ze soe brauch si awer d’Kraaft vun uewen. Si brauch den Hellege Geescht, dee si féiert a schützt. Si brauch dat Wëssen, datt si ganz vum Herrgott ofhängeg ass.

Dëst gëllt och fir eist perséinlecht spirituellt Liewen a fir d’Liewe vun eise Glawensgemeinschaften an Zäite vu grousser Verännerung. Froe mir duerfir ganz einfach d’Gottesmamm ëm hir Hëllef fir net an eisen Ängschte sëtzen ze bleiwen, ze vergoen, mee couragéiert a klenge Schrëtt no vir ze goen. „Jo“ ze soen heescht: „Jo“ ze soen zu deem, wat ass an och zu deem, wat mir nach net gesinn. Amen.


[1Lk 1, 26-38.

[2Michael Hesemann, Maria von Nazareth, Paulinusverlag, 2022.

[3Zefanja 3, 14-17.

[4Poopst Franziskus, Wage zu träumen! Mit Zuversicht aus der Krise, Kösel-Verlag, 2020.

[5Raphael Bonelli, Bauchgefühle, Edition a, 2022.

[6Martin Schleske, Herztöne. Das kleine Buch, Adeo-Verlag, 2021.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu