lb fr pt en
Priedegten 2023  
4. Mee 2023

Kee bëllegen Trouscht

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (4. Mee 2023)

Lesung aus dem 2. Brief des Apostels Paulus an die Korinther (2 Kor 1,3-7)

Gelobt sei Gott, der Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater der Barmherzigkeit und Gott allen Trostes, der uns tröstet in aller unserer Bedrängnis, damit wir auch trösten können, die in allerlei Bedrängnis sind, mit dem Trost, mit dem wir selber getröstet werden von Gott.

Denn wie die Leiden Christi reichlich über uns kommen, so werden wir auch reichlich getröstet durch Christus.

Werden wir aber bedrängt, so geschieht es euch zu Trost und Heil; werden wir getröstet, so geschieht es euch zum Trost, der sich wirksam erweist, wenn ihr mit Geduld dieselben Leiden ertragt, die auch wir leiden.

Und unsre Hoffnung steht fest für euch, weil wir wissen: Wie ihr an den Leiden teilhabt, so habt ihr auch am Trost teil.




Léif krank an eeler Leit,

Wat eng Freed, fir iech hei an der Kathedral kënnen ze begréissen an och all déi Mënschen, déi duerch d’ganzt Land iwwert Televisioun an de Livestream mat äis verbonne sinn.

„Kee bëllegen Trouscht“ – esou hunn ech dës 4. Oktavpriedegt iwwerschriwwen. Dir an ech, mir kënnen äis nach drun erënneren, wéi an eiser Kannerzäit d’Mamm äis nom Fale fest an den Aarm geholl huet oder op de Schouss a wann si op de Bobbo geblosen huet, fir äis de Wéi ze erliichteren. An da sot si: „Du wäerts gesinn, dat geet erëm ewech. Pass emol op! Ech blosen et einfach fort!“

Dës einfach Geste vun eiser Mamm waren ee groussen Trouscht an eleng de Fait, datt d’Mamm do war, war schonn eng wichteg Hëllef.

Haut ass dat alles ganz anescht. Vill vun äis kënne scho laang net méi bei d’Mamm lafen, och net bei d’Gottesmamm hei an d’Kathedral.

Déi meescht vun iech sëtzen am Rollstull a goufe vun aneren eragefouert. D’Krankheet, d’Gebriechen an den Alter, déi dir un ärem Kierper spiert, ginn net mat engem magesche Gest ewechgeblosen, och net an dëser Feier. Mir kënnen äis géint all dat wieren oder awer lues a lues mat vill Gedold a Réckschléi léieren, dat Schwéiert an eisem Liewen unzehuelen.

Als Éieregäscht bei der Tréischterin am Leed wësst dir am beschten, datt dir an dëser Liewensetapp op aner Mënschen ugewise sidd: Friemer, déi nëmme lues a lues zu äre Vertraute ginn, kompetent Infirmièren a gutt Aide-soignanten, déi iech versuergen, Dokteren, déi an ärem Déngscht stinn an all aner Leit, déi an deenen ënnerschiddlechste Servicer Liicht an ären Alldag bréngen.

Vläicht seet deen een oder anere vun iech souguer: „Ech si wierklech gutt versuergt, mir feelt et un näischt!“ – Mee och eng gutt Versuergung ass net alles. Mir verlaangere nach no méi. Grad am Alter ass et wichteg datt de Mënsch ëmmer nees konkret Zeeche vun Hoffnung an Trouscht kritt. Dat muss dacks net vill sinn: een Uruff, ee frëndleche Bléck, ee spontane Besuch, eng kleng Blumm, eng Kaart fir de Gebuertsdag oder den Namensdag, eng Foto. Jo, all dës Zeeche vun Undeelhuelen a Sympathie si wichteg. Haut awer maache mir äis och op fir den Trouscht, dee mir bei eiser Gottesmamm an Tréischterin fannen.

Mir wëssen, datt d’Tréischterin eise Wéi, eisen Alter oder den Handicap net ewech bléist, mee si invitéiert äis, fir hir virum Gnodebild eis Wonne vum Liewen ze weisen. Op hirem Aarm dréit Maria hiert Kand. Alles, wat mir der Mütterlechkeet vu Maria uvertrauen, leet si weider un den Erléiser.

Äis der Firsprooch vu Maria uvertrauen mat dem Wëssen, datt si alles an d’Hänn vun hirem Jong leet, kann op eng einfach Manéier geschéien. „Maria, Du kenns mech. Kuck op meng Wonnen, esou wéi eng Mamm op d’Wonne vun hirem Kand kuckt. Féier mech bei de Jesus, mäin Heiland an Erléiser.“ – „Das gläubige Gebet wird den Kranken retten und der Herr wird ihn aufrichten“, esou liese mir am Jakobusbréif (5,15).

Wien seng Wonne weist, dee fänkt schonn am Gest vun den offenen Hänn un ze bieden. Wien seng Wonne gleeweg am Häerz zu Sprooch bréngt, dee spiert vum selwen, datt hien op Heelung ugewisen ass. D’Krankesalbung, déi dir haut de Mëtteg empfänkt, ass ee ganz besonnescht Zeeche vun Heel, vun Hoffnung an Trouscht; si ass schonn eng kleng Äntwert op äert Gebiet.

An dësem Sakrament vun der Stäerkung kënnt äis de Jesus selwer mat senger Léift entgéint. Hien, deen sech esou dacks duerch Kranker beréiere gelooss huet, wëllt elo iech beréieren an zousoen: Ech loossen dech net eleng. Ech gi mat dir!

Wa Christus mat äis geet, da geet den Operstanene mat äis, da geet ee Staarke mat äis. Ass dat net e groussen Trouscht an der Krankheet: ze wëssen, datt ee Staarke mat äis geet? Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu