lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 19. Juni gouf vu Schieren iwwerdroen
D’Sonndesmass op Härläichendag gouf vu Schieren iwwerdroen. D’Chorale Caecilia vu Schieren séngt d’Mass. Dirigent ass de Jean Gehlen. Organist ass de Marc Gehlen. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Caecilia vu Schieren
Wéi et schonns zanter Joren Traditioun ass, esou sengt d’Chorale Caecilia vu Schieren och nees dëst Joer op Härläichendag d’Tëleesmass. Déi zwee lescht Joren waren net einfach, an och eis Chorale ass vum Covid 19 net verschount bliwwen. Desto méi frou si mir, dass mir nees all zesumme kënne sangen a Gottesdéngschter feieren, an esou eis Traditiounen kënnen oprecht erhalen. Mir wäre frou, wann Dir léif Leit Iech elo schonns géift den Datum vum 15.10.2022 notéieren, wou mir zesummen mat der Chorale Concordia vun Ierpeldeng zu Schieren am alen Atelier e flotten Concert presentéieren. Huet Dir Loscht mat ze sangen, eis Prouwen sinn Donneschdes Owends vun 19h00 bis 20h30.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Allegro festivo | Noel Rawsthorne |
---|---|---|
Agangslidd | Here I am Lord | Dan Schutte |
Kyrie | Missa brevis in C | Robert Jones |
Gloria | Missa brevis in C | Robert Jones |
Alleluja | Messe de la réunion | Laurent Grzybowski |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Couronnée d’étoiles | Marc Dannaud |
Sanctus | Missa brevis in C | Robert Jones |
Agnus Dei | Missa brevis in C | Robert Jones |
Kommioun | O salutaris | LD 489 |
Schlusslidd | Großer Gott | LD 136 |
Sortie | Fanfare | Nicolas Jacques Lemmens |