lb fr pt en
 
12. August 2019

D’kathoulesch Kierch stellt 10.000 Euro als Nouthëllef zur Verfügung

An der Suite vun der Naturkatastroph zu Péiteng an zu Käerjeng

D’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg reagéiert op d’Naturkatastroph vun e Freideg, 9. August 2019, a stellt de Sinistréierten 10.000 Euro als Direkthëllef zur Verfügung. Dës Somme geet un d’Por Kordall Sainte-Barbe, déi um Terrain vun de betraffene Gemengen Péiteng a Käerjeng schafft, fir an Zesummenaarbecht mat de concernéierte Gemengeservicer an der Caritas Lëtzebuerg Hëllefsmesure fir betraffe Familljen z’ergräifen.

Wien dës Aktioun matdroë wëll, kann dat maachen mat engem Don un d’Fondatioun Sainte-Irmine mam Vermierk “Nouthëllef Tornado”: CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000.


L’Église catholique à Luxembourg réagit face à la catastrophe naturelle du vendredi 9 août 2019 et met à disposition des sinistrés 10.000 euros comme aide d’urgence. La somme sera transférée à la paroisse Kordall Sainte-Barbe, qui couvre le territoire des communes concernées de Pétange et de Bascharage, et qui se concertera avec les autorités communales et Caritas Luxembourg pour utiliser cette aide d’urgence en fonction des besoins des familles sinistrées.

Vous pouvez soutenir cette action par un don à la Fondation Sainte-Irmine avec la mention “Aide d’urgence Tornade”: CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu