lb fr pt en
 
9. Juli 2019

D’Sonndesmass gëtt vu Clierf iwwerdroen

Dëse Sonndeg live um 9 Auer a Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gëtt dëse Sonndeg, de 14. Juli, um 9 Auer aus der Porkierch vu Clierf iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Clervaux séngt ënnert der Leedung vum Erik Schmidt, op der Uergel begleet d’Anne Weis-De Jongh.

Chorale Ste Cécile Clervaux

De Clierfer Gesangveräin ass am Joer 1898 als Männerchouer gegrënnt ginn. Haut huet de Kierchechouer 43 aktiv Memberen, 22 Fraen an 21 Männer. D’Chorale steet ënnert der musikalescher Leedung vum Erik Schmidt an d’Anne Weis-De Jongh ass d’Organistin. All zwee Joer steet bei hinnen op Stiefesdag e Chrëschtconcert um Programm. Si prouwen ëmmer donneschdes a bei hinnen ass jidderee wëllkomm fir matzesangen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Toccata P. Giovanni Battista Martini
Agangslidd Meine Zeit steht in deinen Händen Peter Strauch
Kyrie St. Jousef-Mass Josy Klosen
Gloria St. Jousef-Mass Josy Klosen
Alleluja Alleluja, sangt voller Freed! Alphonse Steinmetz
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Surrexit Christus Jacques Berthier
Sanctus St. Jousef-Mass Josy Klosen
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei St. Jousef-Mass Josy Klosen
Kommuniounslidd Sieh das Lamm Gottes K. Getty, S. Townend
Schlusslidd Heilige Maria, schwarz Muttergottes M. Feider, L. Drees
Sortie: Uergel Marche triomphale Simon Lesley

Chouer: Chorale Ste Cécile Clervaux
Dirigent: Erik Schmidt
Organistin: Anne Weis-De Jongh

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu