lb fr pt en
 
21. Januar 2020

De 26. Januar: De Sonndeg vum Wuert Gottes

Um 3. Sonndeg am Joreskrees steet d’Helleg Schrëft am Fokus / Fürbitten a Vademecum fir d’Poren

Am Motu proprio Aperuit illis vum 30. September 2019 huet de Poopst François den 3. Sonndeg am Joreskrees als Sonndeg vum Wuert Gottes proklaméiert. Dat ass dëst Joer de 26. Januar 2020. Duerfir invitéiert de Generalvikar Patrick Muller déi Geeschtlech an Diakonen, d’haaptamtlech MataarbechterInnen, d’Memberen aus den Equipes pastorales an d’Uerdensschwësteren a Bridder ganz häerzlech fir dee Sonndeg d’Verkënnegung vum Herrgott sengem Wuert ganz besonnesch ervirzehiewen an d’Wichtegkeet vun der Relatioun tëscht dem Operstanenen an der Gemeinschaft vun de Gleewegen duerch d’Helleg Schrëft nei ze entdecken a rituell ze ënnersträichen.

Nieft e puer Virschléi fir d’Liturgie vum 3. Sonndeg am Joreskrees hat de Generalvikar invitéiert fir un enger Matinée pastorale en vue du Dimanche de la Parole deelzehuelen, déi vum Service de la Pastorale organiséiert gouf en Dënschdeg, den 21. Januar 2020.

Propositioun fir d’Fürbittgebiet:

- Biede mer, dass den Herrgott äis d’Helleg Schrëft ëmmer besser verstoe léisst. Herrgott, héier äis.
- Biede mer fir eis Pargemeinschaft, dass d’Wuert vum Herrgott fir äis all eng Quell vum Liewen ass an Nahrung fir den Alldag. Herrgott, héier äis.
- Biede mer fir d’Lektorinnen an d’Lektoren, dass d’Wuert vum Herrgott si selwer begeeschtert a si et mat Kompetenz an Iwwerzeegung verkënnegen. Herrgott, héier äis.

Proposition pour la prière universelle:

- Prions le Seigneur, pour qu’il ouvre nos intelligences à la compréhension des Écritures. Seigneur écoute-nous.
- Prions pour notre communauté paroissiale, que la Parole de Dieu soit pour tous les fidèles source et nourriture de vie. Seigneur écoute-nous.
- Prions pour les lecteurs et les lectrices, ministres de la Parole de Dieu, qu’ils soient vivifiés eux-mêmes par la Parole qu’ils sont appelés à proclamer avec conviction. Seigneur écoute-nous.

Vademecum: „Das Wort Gottes als Lebenssaft und Nahrung in der Pfarrei“
Vademecum: «La Parole de Dieu, sève et nourriture dans la vie de la paroisse»
Lieszeechen
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu