lb fr pt en
Sonndesmass  
7. September 2023

D’Mass um 23. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bettenduerf iwwerdroen

Den 10. September gouf d’Sonndesmass vu Bettenduerf iwwerdroen. D’Chorale Bettenduerf/Reisduerf huet d’Mass ënnert der Direktioun vum Fernand Scheller gesong, op der Uergel begleet vum Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Bettenduerf/Reisduerf

Et sinn zwou Choralen, déi dest Joer ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Fernand Scheller d’Tëleesmass sangen.
Si ginn begleet vun der Organistin Tamara Rosselet. Di Bettenduerfer Chorale Sainte-Cécile gouf am Joer 1899 gegrënnt , an di Reisduerfer Chorale Sainte-Cécile gouf am Joer 1945 als Männerchouer gegrënnt an 1972 als gemëschte Chouer ëmgestallt.
Zënter dem Joer 1998 gëtt zesummen mat der Chorale vu Reisduerf geprouft.
Di bei Choralen zesummen zielen 18 aktiv Sängerinnen a Sänger.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Praeludium in A J.S. Bach
Agangslidd Freuet euch allezeit K. Heizmann
Kyrie Messe Brève en si bémol E. Bronner
Gloria Messe Brève en si bémol E. Bronner
Tëschegesank Ps 94 LD 188
Alleluja Alleluja - Kanon F. Scheller
Credo gëtt gebiet
Offertoire Un Ami D. Rimaud
Sanctus Messe Brève en si bémol E. Bronner
Agnus Dei Messe Brève en si bémol E. Bronner
Kommioun Vater ich möchte dir danken T. Eger
Schlusslidd What a happy day L. Maierhofer
Sortie Capriccio sopra la bassa fiamenge G. Frescobaldi

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu