lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass ass aus der Giischterklaus iwwerdroe ginn
Och als Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass ass dëse Sonndeg, den 21. Mäerz aus der Giischterklaus bei Rouspert iwwerdroe ginn. Kantoren a Sänger*innen aus der Par Regioun Iechternach hunn ënnert der Leedung vum Tom Osborne gesong, op der Uergel huet de Basilikaorganist Jos Majerus begleet.
D’Giischterklaus
“Das Weizenkorn muss sterben …”
Sonndesmass aus der Giischterklaus
No onser klenger Kiermes um Jousefsfest si mir frou an dësem Jousefsjoer nach emol ons zënter Coronazäiten üblech Sonndesmass vu 9 Auer vun der Giischterklaus mat Iech iwwert d’Medien ze feieren. Nieft der Mariewallfahrt kommen och vill Pilger op d’Klaus vun der Ënnersauer bei de Schräinerpapp vu Nazareth.
Wa mir momentan d’Gefill hunn, an dësen ellen Zäite stierft esou munches, dann erënneren ons d’Lidder an d’Bibeltexter dësen “Ellesonndeg”: De Weesskär muss wuel stierwe, ma just esou kann e neit Liewe bréngen.
Kantoren, Sängerinnen a Sänger aus der Par Regioun Iechternach ënnert der Direktioun vum Tom Osborne an de Basilikaorganist Jos Majerus ënnerstëtzen de Gemeinschaftsgesang.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Prélude | Da Jesus an dem Kreuze stund | Johann Sebastian Bach (BWV 621) |
---|---|---|
Agangslidd | Das Weizenkorn muss sterben | M 620 |
Kyrie | Christus, Gotteslamm | M 175 |
Psalm | Donne-nous, Seigneur, un cœur nouveau | M 982 |
Ruff virum Evangelium | Parole éternelle du Père | CNA 219 |
Credo | gëtt gebied | |
Gowelidd | Schaffe in mir, Gott, ein reines Herz | Heinrich Schütz |
Sanctus | Saint le Seigneur | M 966 |
Anamnes | Souviens-toi de Jésus-Christ | M 1037 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | M 974 |
Kommioun | Beim letzten Abendmahle | Johann Gottfried Walther |
Danksagung | Heilger Josef, hör uns flehen | M 895 |
Schlusslidd | Wer leben will wie Gott auf dieser Erde | M 183 |
Sortie | Toccata prima | Johann Ernst Eberlin |
Chouer: Kantoren a Sänger*innen aus der Par Regioun Iechternach
Direktioun: Tom Osborne
Uergel: Jos Majerus