lb fr pt en
 
5. Juni 2019

Invitatioun fir den “Te Deum” an der Kathedral

Den 23. Juni 2019 um 16.30 Auer

Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich d’Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden. De Gottesdéngscht, dee mat engem interreliéise Gebiet ageleet gëtt, ass op Nationalfeierdag, sonndes, den 23. Juni 2019, um 16.30 Auer.

Den “Te Deum” gëtt am Live-Stream hei op www.cathol.lu iwwerdroen.

Einladung zum „Te Deum“ in der Kathedrale
Invitation au « Te Deum » à la Cathédrale
Convite para o «Te Deum» na Catedral
Invitation to the “Te Deum” at the Cathedral

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu