lb fr pt en
Aktivitéiten . Activités  
10. Dezember 2019

“Siehe dein König kommt zu Dir, öffne die Tür!”

De Weibëschof Leo Wagener huet dem Josiane Binsfeld vu Feelen d’“Consécration des vierges” gespent

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie ze kucken (Fotoen: Charles Reiser)

Sou huet et um 2. Adventssonndeg geheescht, wou de Weibëschof Leo Wagener, mandatéiert duerch de Kardinol Jean-Claude Hollerich, dem Josiane Binsfeld vu Feelen, den 8. Dezember d’“Consécration des vierges” gespent an hatt esou an de Stand vun de gottgeweite Jongfraen als véiert Fra opgeholl huet. D’Feier selwer huet am Kader vun enger festlecher Eucharistiefeier stattfonnt an dat a Presenz vum Vollek Gottes, enger ganzer Partie Geeschtlech an Diakonen, esou wéi och engem gréissere Grupp vu geweite Fraen aus aneren Diözesen (Bréissel, Namur, Léck, Beauvais, Chur, Augsburg an Erfurt), déi de Wee an d’Éisléck fonnt haten.

D’Berufung vun der “vierge consacrée” reecht bis an déi éischt Jorhonnerte vun der Kierch zeréck, wou et grad Fraen gouf, déi aus Léift zu Christus, dësem Jesus hiert ganzt Liewe geschenkt hunn. 2020 steet fir dës Berufung e speziellen Anniversaire an d’Haus. Nom II. Vatikanesche Konzil, wou mir eng konkret Notiz vun dëser Wei an der Liturgiekonstitutioun (SC n°80) fannen, sinn et genee 50 Joer, datt de Ritus vun der “Jungfrauenweihe” nei erauskoum. Dës Weieliturgie gehéiert zu deene kostbarste Schätz vun der réimischer Liturgie a beinhalt eng räich Symbolik, déi an hirer Radikalitéit am Dafgeschéie verwuerzelt ass.

De Bëschof ass de Spender vun der Wei an et ass och him virbehalen, no enger Zäit vu Virbereedung a Préifung, Fraen zu dëser Wei zouzeloossen. A senger Priedegt huet de Weibëschof Leo ënnert anerem betount:

"Josiane, deine Weihe ist einmalig, unwiderruflich und öffentlich. Sie stellt einen unauflöslichen Bund mit Christus dar, der dich zutiefst beglücken will.

Durch die Weihe kommt die Liebe der Kirche zu ihrem Bräutigam zeichenhaft zum Ausdruck und Christus bindet sich mit seiner Treue ganz an Dich."

Dëse Bond vu Léift soll d’Josiane säi ganzt Liewen am Häerz vun der Kierch bezeien a wakereg halen. Als Zeechen heivun, lieft eng “vierge consacrée” och ausserhalb vun enger fester Gemeinschaft an dréit e Brautrank, deen de Bëschof iwwerreecht, an deen un de Bond mat Christus ënnert, e Bond deen hien zanter der Daf mat Jidderengem vun äis agaangen ass.

Di éischt Aufgab fir eng vierge consacrée ass duerfir dann och d’Gebiet a besonnech d’Stonnegebiet an den Dingscht um Vollek Gottes an der Kierch.

Weltwäit gëtt ët 3000 “vierges consacrées”, déi een an deenen ënnerschiddlechste Beruffer fënnt.

«Les vierges consacrées sont «vouées au service de l’Église». Il s’agit d’un «service» en harmonie avec la vocation personnelle de chacune. C’est ainsi qu’elles travaillent à l’annonce de l’évangile et au service leurs frères et sœurs, dans une grande diversité d’âge, de situations et professions, de spiritualités et de mouvement d’Église.»

Renée SCHMIT
renee.schmit@cathol.lu

Directrice du Centre de formation diocésain Jean XXIII
Déléguée épiscopale à l’Évangélisation et la Formation diocésaine

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu