lb fr pt en
Sonndesmass  
6. Mee 2021

Um Schlusssonndeg vun der Oktav gouf d’Mass aus der Kathedral iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 9. Mee, dem Schlusssonndeg vun der Oktav, aus der Kathedral iwwerdroen. D’Mass gouf als Tëleesmass iwwer .doc TV an iwwer RTL ZWEE gewisen.
Den “Ensemble vocal de la Maîtrise” huet ënnert der Leedung vum Marc Dostert gesong, mam Paul Breisch op der klassescher Uergel, dem Gilles Leyers um Positiv, dem Marc Bauler um Konterbass an dem Luc Nilles als Kantor.

D’Mass aus der Kathedral Notre-Dame

De Schlusssonndeg vun der Oktav ass ëmmer e besonnesche Moment. Am Kader vun der feierlecher Mass erneiert a bekräftegt de Bëschof vu Lëtzebuerg d’Erwielung vun der Tréischterin als Schutzpatréinesch vu Stad a Land.
Och dëst Joer schléisst d’Oktav mat dësem Moment of, och wann et keng Schlussprozessioun gëtt.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Prélude iwwer Ave spes nostra P. Breisch
Agangslidd Ave spes nostra - Lauda Jerusalem Chant grégorien / R. Pochelet
Kyrie Messe brève Th. Dubois
Gloria Messe brève Th. Dubois
No der Lesung Selig das Volk R. Ponchelet
Alleluia Alléluia Mag. 530,7 / J.-P. Majerus
Nom Votum solemne Jungfrau Mutter heut aufs neu Mag. 884,4
Credo gëtt gebied
Gowelidd Maria Mater Jesu J.-P. Majerus
Sanctus IX Chant grégorien
Agnus Dei Messe brève Th. Dubois
Kommioun O salutaris hostia Th. Dubois
No der Kommioun Den Herrn will ich loben Mag. 261 / arr. C. Mawby
Schlusslidd O Mamm, léif Mamm Mag. 892
Sortie Präludium & Fug a ré majeur J. S. Bach

Et séngt den ’Ensemble vocal de la Maîtrise’
Direktioun: Marc Dostert
Kantor: Luc Nilles
Klassesch Uergel: Paul Breisch
Uergelpositiv: Gilles Leyers
Konterbass: Marc Bauler

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu