lb fr pt en de
 
22. Mai 2019

Von der Ministrantenpastoral, in der ’Christus lebt!’

„Ekipp Lëtzebuerger Massendénger“ bei der „Überdiözesanen Konferenz der diözesanen Beauftragten für Ministrantenpastoral“ vertrueden

Foto: AJF

Vum 13. bis de 15. Mee hunn den Tristan Häcker an d’Tanja Konsbrück als Vertrieder vun der „Ekipp Lëtzebuerger Massendénger“ zu Osnabrück un der „überdiözesane Konferenz der diözesanen Beauftragten für Ministrantenpastoral - Kooperatiounstagung der deutschsprachigen Ministrantenreferate KOOP“ deelgeholl, déi all Joer vun der AFJ (Arbeitsstelle für die Jugendseelsorge der Deutschen Bischofskonferenz) organiséiert gëtt, deelgeholl.

Déi ganz Weiderbildung/Konferenz stoung ënner Thema „Von der Ministrantenpastoral, in der ’Christus lebt!’ Christus vivit - Die Jugendsynode und die Ministrantinnen und Ministranten“. Den Haaptdeel war zesumme mam Pater Clemens Blattert SJ vu Frankfurt.

„Jede Diktatur oder Ideologie oder… versucht, möglichst keine Stille zu- und Freiräume offen zu lassen – sonst fangen die Menschen an, nachzudenken, entdecken für sich, was sie wollen und was nicht und werden zu starken Menschen, die sich entscheiden, die sagen: Das will ich und das will ich nicht. Kirche muss deshalb aus dem Glauben heraus zuhören, wachsen lassen, Freiräume öffnen und genau dazu beitragen: Menschen stark zu machen.“ (Pater Clemens Blattert SJ, Zukunftswerkstatt Frankfurt)

Selbstverständlech war och e kuerze Réckbléck iwwer déi international Roumwallfaart 2018 um Programm an Austausch/Begéinungen mat Verantwortlechen fir Massendéngerpastoral aus de meeschten Diözesen aus Däitschland an dem Vertrieder aus Éisträich.

Lëtzebuerger Massendénger

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu