lb fr pt en
 
24. Juli 2021

De Gedanke fir den Dag – aus dem Paschtoueschgaart (2)

Thema: Kardinolsdugenden

All Woch an der Summervakanz 2021 deelen d’Stéphanie Kasel an de Marco Wehles mat Iech e Gedanke fir den Dag aus dem wonnerschéinen, mat vill Léift gestaltene Paschtoueschgaart zu Eschduerf.

Dës Kéier: D’„Kardinolsdugenden“ vum Marie-Josée Kerschen:

An dëser 2. Woch vun der grousser Vakanz, wou nach vill Mënschen ënnert dem Schock vun den Iwwerschwemmunge stinn, gi mir vum Marco Wehles a vum Stéphanie Kasel op en Neits an den Eschduerfer Paschtoueschgaart agelueden. Si weisen äis d’Holzskulpture vun der lëtzebuerger Kënschtlerin Marie-Josée Kerschen.

Dës Skulpture fanne mir an der Entrée vum Gaart. D’Figuren empfänken d’Besucher a wëllen äis opmierksam maachen op déi 4 sougenannte „Kardinolsdugenden“, déi op den Thomas vun Aquin, dee gréissten Theolog aus dem Mëttelalter, zréck ginn. Op eng kreativ Mannéier gi mir opgefuerdert, souwuel der Daperkeet (Fiducia), wéi och der Gerechtegkeet (Justitia), der Mässegung (Modestia) an der Weisheet (Sapientia) am Sënn vu Laudatoi SI’ neie Raum ze ginn.

Sidd Dir un eis interesséiert, dann abonnéiert eise Kanal! Merci!

Renée SCHMIT
renee.schmit cj23.lu

Directrice du Centre de formation diocésain Jean XXIII
Déléguée épiscopale à l’Évangélisation et la Formation diocésaine

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu