lb fr pt en
 
4. Dezember 2017

Niklos – Stadtour

e Projet an der Stad Lëtzebuerg vum Schoulreferat vum Bistum fir Schoulen a Maisons relais

3 Froen un de Jean-Louis Zeien, Schoulreferent

„Les amis de Saint Nicolas“ ass jo als Numm schonns e Programm. Wéi wëllt dir dëst ëmsetzen?
De Projet « Les amis de Saint Nicolas » ass eng Kooperatioun tëschent de Partner ErwuesseBildung, Por Lëtzebuerg Notre-Dame an dem Schoulreferat vum Äerzbistum. Dobai mécht all Akteur eenzel oder an Zesummenaarbecht mat deenen aneren Aktivitéiten zum Hl. Niklos. Eng wesentlech Fro steet dobai ëmmer am Mëttelpunkt: Wien ass dësen Niklos a wéi eng chrëschtlech a kulturhistoresch Wuerzelen hunn Traditioun, Lidder, Geschichten a Symboler, déi op Niklosdag erfuerbar gi fir Grouss a Kleng?

Wat steet um Programm vum « Niklos-Stadtour »?
D’Schoulreferat bitt am Virfeld vum Niklosfest an der Zäit vum 15. November bis zum 5. Dezember 2017 eng geféiert « Niklos-Stadtour » an der Stad Lëtzebuerg un. Ënnert der fachkundeger Leedung vun enger Guide-animatrice gi kultur- a reliéishistoresch relevant Plazen (Niklosgaass, Plaz vun der historescher Nikloskierch, Kathedral, Niklosstatuen an der Stad, asw.) besicht, déi mat der Persoun vum Niklos a Verbindung stinn. Dobäi kënnen d’Schülerinnen an d’Schüler vill Wëssenswäertes op eng spilleresch a kandgerecht Manéier gewuer ginn iwwert den Hl. Niklos, säi Liewen, säi Wierken an der deemoleger Zäit. Dës Niklos-Stadtour adresséiert sech un d’Klassen aus dem Cycle 3 a 4 vun der Grondschoul.

A wéi ass et mat de Legende rondrem den Hl. Niklos bei dësem Tour?
Selbstverständlech léieren d‘Kanner och e puer vun de Legende kennen, déi ronderëm den Niklos entstane sinn. Si versti firwat hie sech besonnesch fir d’Kanner agesat huet a firwat hien op der Kathedralsentrée mat 3 Kanner duergestallt gëtt. Dobäi léieren d’Kanner och déi Seeche kennen, déi um Ursprong vum Kleesche sengem Besuch um Virowend vun Niklosdag (Schong setzen, Kleeserchersteller) steet. Et gëtt awer och de Bou geschloen zur Aktualitéit: fir wéi eng Kanner géif den Hl. Niklos sech haut besonnesch op der Welt asetzen?

Weider Informatiounen zum Niklos fannt dir en annexe.

Kleeschensdag
PDF 874.9 kio, 30. November 2017
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu