lb | fr | pt | en |
„Eng déifgräifend Neiuerdnung, déi di nächst Joerzéngten, wann net Joerhonnerten aschneidend markéiere wäert“
Neijoerschempfang um Mëttwoch am Bëschofshaus
Wäit iwwer honnert Membere vum Klerus, Uerdensleit, haaptamtlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Kierch a weider Invitéeën, ënnert hinnen och de Père Abbé vu Klierf, hate sech um Mëttwoch Nomëtten op Invitatioun vum Här Äerzbëschof am Bëschofshaus afonnt, fir zesummen op dat neit Joer unzestoussen a sech géigesäiteg Gléck an eng gutt Gesondheet ze wënschen. Et ass och de Moment, fir Merci ze soen, e kuerze Bilan vun de leschten zwielef Méint ze maachen an zesummen no vir ze kucken.
Kierchefong, Dateschutz a Matricula Online
De Generalvikar Leo Wagener huet a sengem Réck- an Ausbléck e puer wichteg Evenementer a Momenter ervirgehuewen. Als éischt goung de Generalvikar op d’Akraafttriede vum Kierchefong op den 1. Mee 2018 an an huet dëse Changement als „eng déifgräifend Neiuerdnung vun der Notzung vun eise Kierchen a vun der Gestioun vum Patrimoine vun eise Poren, déi déi nächst Joerzéngten, wann nët Joerhonnerten aschneidend markéiere wäert“ bezeechent. E grousse Merci fir di vill Aarbecht huet hien alle Leit vum Kierchefong a vun der Administratioun, ma och deenen 900 Benevole, déi sech am Fong engagéiere, gesot – besonnesch huet hien, nieft aneren, d’Verdéngschter vum Generalekonom Marc Wagener ernimmt. Zum nächsten 1. Mee wäert de Fong da vun senger Transitiounsphase a säin definitive Funktiounsmodus wiesselen.
Och d’Upassungen un déi nei EU-Dateschutzreglung (RGPD) – e spezielle Merci goung un den Uwe Franzen, Dateschutzbeoptragte vun der Diözes – an en neien Informatikstool „Church Tools“ goufen am Bilan ernimmt, grad esou wéi de Lëtzebuerger Deel vum neie Portal Matricula Online, op deem eng 170.000 Digitalisater vun de Kiercheregëstere stinn, an deen zanter sengem Lancement groussen Uklang beim Public fënnt - méi wéi 100.000 Besich goufe scho gezielt. 2019 wäerte weider Bestänn vun den Diözesanarchiven am Internet zougänglech gemaach ginn.
Konventiounen, Formatioun, Magnificat, Jugendpastoral a Fondation Sainte-Irmine
Als weidere Schwéierpunkt vun der Aarbecht fir dëst Joer huet de Leo Wagener déi ronn 350 Konventiounen, déi mat de Gemenge wéinst der Notzung vun de Kierchen a Kapellen gemaach musse ginn, genannt. Ernimmt goufen och d’Sozialwalen am Mäerz an den aussergewéinlechen Engagement vun de Katechetinnen a Katecheten an de Benevollen an der Kateches – ronn 9.000 Kanner a Jonker sinn an dësem Joer ageschriwwen, eppes méi wéi zejoer. An deem Kontext huet de Generalvikar eng Formatioun vun Éierenamtlechen an der Kateches wéi och d’Schafung vun enger Formatioun fir zukünfteg Titularkatecheten an Aussiicht gestallt. Zwee grouss Projeten am pastorale Beräich, déi dëst Joer starten, huet hien dono erwäänt: den neie Magnificat an d’Revitaliséierung vun der Jugendpastoral. Och d’Joer 2020, wärend deem eis Diözes 150 Joer feiert, werft scho säi Schiet viraus, de Jubiläumsprogramm wäert méi spéit am Joer virgestallt ginn.
Doriwwer eraus ass de Generalvikar nach op di positiv Entwécklung vun der Fondation Sainte-Irmine agaangen, déi am Laf vum Joer en neien Internetsite kréie wäert; hei huet hien alle Leit besonnesch de Fonds d’avenir un d’Häerz geluecht, deen de Finanzement vu Paschtéier an haaptamtleche Laien, déi an Zukunft agestallt ginn, sécher stelle soll.
COMECE-President a Jugendsynod
Um Enn vu senger Ried ass de Leo Wagener op besonnesch Momenter am Joer 2018 vum Här Äerzbëschof agaangen, dorënner d’Wiel zum COMECE-President am leschte Mäerz an d’Participatioun un der Jugendsynod am Hierscht, wat och dat grousst Vertrauen vum Poopst Franziskus an eise Bëschof ënnersträicht. Elo am Februar wäert de Mgr Hollerich och un der Rencontre mam Poopst iwwer de Schutz vu Mannerjähregen deel huelen, sou de Generalvikar, fir mat dëse Wierder ze schléissen: „Ënnert Ärem Episkopat mécht d’Kierch vu Lëtzebuerg grouss Changementer mat. Dir sot äis mat Recht, datt et wichteg ass, dës Changementer aktiv a produktiv matzegestalten amplaz si passiv an defätistesch ze erdulden. Dir erënnert äis awer besonnesch och duerch Är Bëschofsdevis un dat, wourop et an dësen Zäiten mat all hire kierchlechen a gesellschaftlech Verännerungen ukënnt: op d’Verkënnegung vum Evangelium: Annunciate!“
Am Numm vun alle Leit, déi d’Missioun vun der Kierch liewen an ënnerstëtzen, huet de Generalvikar dem Här Äerzbëschof e schéint a glécklecht neit Joer an eng gutt Gesondheet gewënscht. Dono huet de Mgr Hollerich zesumme mat alle Mataarbechter d’Glas op dat nach neit Joer gehuewen.
- Hohe Auszeichnung für Kardinal Hollerich
- „Eng déifgräifend Neiuerdnung, déi di nächst Joerzéngten, wann net Joerhonnerten aschneidend markéiere wäert“
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich feierte Gottesdienst mit der kroatischen Gemeinde in Luxemburg
- EU-Bischöfe fordern einen gerechten und inklusiven Wandel hin zu einer integralen Ökologie und eine menschenrechtlichen Sorgfaltspflicht für Unternehmen
- Jésus n’est pas venu apporter la brise du soir, mais un feu sur la terre