lb fr pt en
Grondgebieder . Prières de base  
13. Dezember 2012

D’Grondgebieder op Lëtzebuergesch

Kräizzeechen

Am Numm vum Papp
a vum Sonn
a vum Hellege Geescht.
Amen.

Scholdbekenntnis

Ech bekennen eiser Härgott, deen all Muecht huet,
an iech, Bridder a Schwësteren:
Ech hu gesënnegt duerch villes wat ech geduecht a gesot,
gemaach an ënnerlooss hunn;
’t as meng Schold, ’t as meng grouss Schold.

Duefir bieden ech d’helleg Gottesmamm,
all Engelen an Helleg,
an och iech, Bridder a Schwësteren,
fir mech ze biede bei Gott, eisem Här.

Gloria

Éier dem Härgott am Himmel,
a Fridd op der Äerd, de Mënschen, déi hie gär huet.
Mir luewen dech a veréieren deng Guttheet,
mir bieden dech un a verkënnegen deng Gréisst;
mir soen dir merci fir deng grouss Härlechkeet,
Här a Gott, Kinnek vum Himmel,
Härgott, allmächtege Papp.

Här Jesus Christus, eenzege Sonn,
Här a Gott, Lamm Gottes, Sonn vum Papp,
du hëls d’Sënde vun der Welt ewech,
erbaarm dech eiser!
Du hëls d’Sënde vun der Welt ewech,
erhéier eist Gebiet.
Du sëtz rietserhand vum Papp,
erbaarm dech eiser.
Well du eleng bass den Hellegen,
du eleng bas den Här,
du eleng bas den Héchsten, Jesus Christus,
mam Hellege Geescht
an der Härlechkeet vu Gott, dem Papp.
Amen.

Credo

Ech glewen un den Härgott,
de Papp, deen all Muecht huet,
deen Himmel an Äerd erschaf huet;
an u Jesus Christus, säin eenzege Sonn, eisen Här,
empfaang duerch den Hellege Geescht,
gebuer vu Maria, der helleger Jongfra;
gelidden ënnert Pontius Pilatus,
gekräizegt, gestuerwen a begruewen;
Hien as erofgaang an d’Räich vum Doud,
operstan den drëtten Dag
an opgefuer an den Himmel;
Hie setzt rietserhand vum Papp,
deen all Muecht huet;
vun do kënnt hien,
fir déi Lieweg an déi Doudeg ze riichten.
Ech glewen un den Hellege Geescht,
un déi helleg kathoulesch Kierch,
un d’Gemeinschaft vun den Hellegen;
ech gleewen, datt d’Sënde verzie ginn,
datt déi Doudeg operstinn,
an un d’éiwegt Liewen. Amen.

Sanctus

Helleg, helleg, helleg bas du, Här, Gott Sabaoth!
Himmel an Äerd si voll vun denger Härlechkeet.
Hosannah héich am Himmel.
Héich gelueft sief hien, dee kënnt am Numm vum Här.
Hosannah héich am Himmel.

Pater Noster

Eise Papp am Himmel,
däin Numm sief gehellegt,
däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien,
wéi am Himmel, sou op der Äerd.
Gëff äis haut eist deeglecht Brout,
verzei äis eis Schold,
wéi mir och deene verzeien, déi an eiser Schold sinn.
Féier äis net a Versuchung,
mä maach äis fräi vum Béisen.
(Well däint ass d’Räich an d’Muecht an d’Herrlechkeet fir ëmmer an éiweg.)
Amen.

Ave Maria

Free dech, Maria, ganz an der Gnod,
den Här ass mat dir,
du bass geseent ënnert de Fraen,
a geseent ass Jesus, d’Kand, dat s de dréis.
Helleg Maria, Gottesmamm,
biet fir äis Sënner,
elo an an der Stonn vun eisem Doud. Amen.

Éier dem Papp

Éier dem Papp an dem Sonn an dem Hellege Geescht,
am Ufank, elo an ëmmer an éiweg. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu