lb fr pt en
Sonndesmass  
1. Januar 2019

D’Sonndesmass gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf op Epiphanie, de 6. Januar, um 9 Auer aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. De Grupp “Cantus Gaudium” vun Diddeleng huet ënnert der Leedung vum Nancy Back-Kelsen gesongen, op der Uergel huet den Daniel Lang begleet.

Cantus Gaudium

Cantus Gaudium ass den Numm vun engem Grupp vu Männer, déi sech am Januar 2015 spontan zesummefonnt hunn, fir ze sangen.

Wei den Numm et scho seet, soll de Grupp d’Freed um Sangen nach förderen.

Déi meescht sangen an engem gemëschte Chouer a wollten am renge Männergesank hiren Horizont erweideren.

D’Direktioun vum Chouer huet déi ganz engagéiert Madame Nancy Back-Kelsen, déi hei zu Lëtzebuerg am Chouerwiese keng Onbekannten ass.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Agangslidd Alle Jahre wieder W. Hey – Friedrich Silcher
Kyrie VIII “De Angelis”
Gloria Die Ehre Gottes aus der Natur Ludwig van Beethoven
Zwëschegesank Jésus nait dans la crèche Noël Suisse-Romand - Arr. Pierre Nimax
Alleluja Alleluia W.A. Mozart (Magnificat 208)
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Vom Himmel hoch, da komm ich her J.S. Bach
Sanctus Klänge der Freude Willy Trapp
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei VIII Choral Agnus
Kommuniounslidd Hymne an die Nacht Ludwig van Beethoven
Schlusslidd Singt ihr heiligen Himmelschöre Mathieu Lamberty

Chouer: Cantus Gaudium
Dirigentin: Nancy Back-Kelsen
Organist: Daniel Lang

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu