lb fr pt en de
 
31. Juli 2019

Marienwallfahrt Girsterklaus

Programm der Muttergotteswoche 2019

Fotos by Jim Wanderscheid / intranet.cathol.lu [cc by-nc-nd]

Jährlich findet um Mariä Himmelfahrt herum die Marienwallfahrt Girsterklaus statt. Hier das komplette Programm der Muttergotteswoche 2019.

Sonntag, 11. August

09:00: „Radiomesse“, anschl. Frühstück unter den Bäumen
Festgast: Monseigneur Georges Hellinghausen, Luxemburg
15:30: Rosenkranz
16:00: Muttergottesandacht

Montag, 12. August:

10:00: Kinder- und Familientag „Maria und Krautwisch“ bis 16:00 Uhr
18:15: Rosenkranz mit Impulsen und Liedern
19:00: Hl. Messe: Wallfahrt der Fraen a Mammen

Dienstag, 13. August: Fatimafeier

19:15: Internationaler Rosenkranz mit Liedern von Fatima
20:00: Internationale Messe, anschl. Lichterprozession zur Fatimakapelle
„Nachprimiz“ von Neupriester Emmanuel Ecker aus Metz

Mittwoch, 14. August: Wallfahrt der deutschen Nachbarn

18:30: ab Kirche Rosport: Pilgergang zu Fuß zur Klaus
20:00: Vorabendmesse mit Kräuterweihe: Pfarreiengemeinschaft Trierweiler

Donnerstag, 15. August: Mariä Himmelfahrt

10:00: Rosenkranz
10:30: Lateinisches Hochamt mit gregorianischem Choral und Kräuterweihe
15:30: Rosenkranz
16:00: Vesper

Freitag, 16. August: Hl. Rochus – „Muppemass“

19:00: Hl. Messe vor der Kapelle, anschl. Hundesegnung
Festgast: Abbé Romain Richer, Seelsorger der Landjugend

Sonntag, 18. August: Kirmes „Krautwischdag op der Klaus“

09:30: Rosenkranz
10:00: Hochamt
Festgast: Dechant Benedikt Welter, Saarbrücken
15:30: Rosenkranz
16:00: Muttergottesandacht
17:30: Klavierkonzert mit David Ianni
Nach der Prozession: „Hieselter Kiermes“

Montag, 19. August: Kirmesmontag – Wallfahrt für die Verstorbenen

18:15: Rosenkranz mit Impulsen und Liedern
19:00: Hl. Messe für die Verstorbenen, anschl. Segnung der beiden Friedhöfe

Besonnech Momenter an der Muttergotteswoch

„Hieselter Kiermes“ den 18. August

Zenter dem Mëttelalter ass de Sonndeg no Mariä Himmelfahrt als grousse Pilgerdag op der Klaus dokumentéiert. Em 10 Auer ass déi feierlech Houmass, gesonge vum Rouspert-Uesweller Männerchouer, ier dann duerno d’Prëssëssioun iwwer Feld a Flouer geet. Als Festgaascht kënnt de Pfarrer Benedikt Welter, Deche vu Saarbrécken an ee vun de Spriecher vum „Wort zum Sonntag“ d’Mass an d’Priedegt halen. Nomëttes ass, wéi gewinnt, ëm 4 Auer Muttergottesandacht.

No der Prëssessioun geet dest Joer fir d‘éischt d’Hieselterkiermes op. Kiermes wéi fréier heescht et da mat Spill a Spaass, Iessen an Drénke fir Jonk an Aal bis owes, wann de Pianist David Ianni e Concert an der Kapell spillt.

Kanner- a Familljendag den 12. August

Eis Klaus ass eng eenzegaarteg Plaz, déi vill Leit begeeschtert. Kanner a Familljen invitéiere mir een Dag op der Giischterklaus ze verbréngen. Mam Bléck op de Feierdag vum 15. August proposéiere mir zesummen e Krautwësch ze maachen. Mir ginn d’Kraider an d’Heelplanze sammelen, déi mir brauchen, kucke wat si bedaiten a wat dat alles mam Fest vu Mariä Himmelfahrt ze dinn huet. Dee Wesch kann op Léiffrawëschdag mat an d’Mass geholl gi fir geseent ze ginn. Treffpunkt den 12. August ëm 10:00 Auer beim Brudderhaus. Et geet bis ca. 16:00 Auer.

Wéint der Organistatioun mellt Iech w.e.gl. un beim abbé Luc Schreiner (Tel. 691-842052).

Fatimafeier den 13. August

Mat eise portugiesesche Schwesteren a Bridder feiere mir den 13. August de Fatimadag als Erënnerung un d’Muttergotteserscheinungen an der Cova de Iria. Em 19:15 Auer biede mir de Rousekranz a méi Sproochen a sange Lidder vu Fatima. Em 20:00 Auer feiert de Neipriister Emmanuel Ecker vu Metz eng international Mass mat eis. Duerno geet eng Liichterpressessioun bis bei d’Fatimakapell.

Rochusdag mat Seene vun de Muppen den 16. August

Wéi zijort feiere mir de Schutzhellege vun den Honn, den hellege Rochus, op sengem Dag ëm 19:00 Auer mat enger Mass virun der Kapell. Do kënnen och all brav véierbeeneg Frënn matkommen. No der Mass ginn d’Muppe bei der Statue vun hierem Schutzpatréiner an der Kapell geseent.

Celebração de Nossa Senhora de Fátima no verão no Santuário de Girsterklaus para todos que não puderam partir de férias a Portugal e todos os devotes de Nossa-Senhora de Fátima

Terca-Feira 13.08.2019

horas 19:15: Terço «internacional» e Cântigos de Fátima
horas 20:00: Santa Missa «internacional» e Procissão das velas até à capela de Fátima.
Prima Missa do novo Padre Emmanuel Ecker (Metz)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu