lb fr pt en
 
13. Januar 2020

Neijoerschempfang am Zeeche vun „150 Joer Diözes Lëtzebuerg“

Membere vum Klerus, Uerdensleit an haaptamtlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Kierch hunn dem Kardinol Hollerich déi beschte Wënsch iwwermëttelt

Ganz vill Mataarbechterinnen a Mataarbechter hate sech um Méindeg Nomëtteg am Bëschofshaus afonnt, fir op d’neit Joer unzestoussen.

Méi wéi 130 Membere vum Klerus, Uerdensleit, haaptamtlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Kierch a weider Invitéeën, ënnert hinnen och de Père Abbé vu Klierf, hate sech op Invitatioun vum Kardinol Jean-Claude Hollerich um Méindeg Nomëtteg Rendez-vous am Bëschofshaus fir den Neijoerschempfang ginn.

Fir d’éischte Kéier war et um Generalvikar Patrick Muller, fir am Numm vun alle Mataarbechterinnen a Mataarbechter e grousse Merci fir d’Invitatioun auszespriechen an dem Kardinol déi allerbeschte Wënsch fir 2020 ze presentéieren. Réckbléckend op dat vergaangent Joer huet hie vun engem „zimmlech mouvementéierte“ Joer geschwat an ass nieft der Mentioun vun der Priisterwei vum Yves Olinger, der Diakonewei vum Vincent De Smet an der „Consécration des vierges“ vum Josiane Binsfeld virun allem op déi lescht 6 Méint agaangen mat der Ernennung vum Weibëschof Leo Wagener duerch de Poopst Franziskus (24.7.), der Presentatioun vun der neier Bistumsleedung (30.7.) a vun der Kardinolsernennung vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg (1.9.). D’Participatioun um Consistoire de 5. Oktober zu Roum, d’Danksagungsfeier an der Kathedral den 9. November, ma och d’Rees an Thailand mat de Jonken ware fir déi vill déi derbäi waren en Erliefnes. Duerch d’Ernennung vum Monseigneur Hollerich zum Kardinol krut Lëtzebuerg méi eng grouss Plaz an der Weltkierch, sou de Generalvikar.

De Generalvikar Patrick Muller huet all Leit elo schonn op d’Mataarbechterfest den 19. Juni zu Iechternach invitéiert.

E bessere Chrëscht ze sinn als Virsaz

Als Virsaz fir d’neit Joer huet de Generalvikar sech selwer virgeholl „e bessere Chrëscht ze sinn“, fir datt een ëmmer méi gëtt, wat ee wëll sinn. D’Bistumsjubiläum „150 Joer Diözes Lëtzebuerg“, dat dëst Joer gefeiert gëtt, ass duerfir eng gutt Geleeënheet, steet et dach ënnert dem Motto „Zesumme Kierch sinn – Faire Église ensemble“. Dësen Anniversaire, sou de Generalvikar, erlaabt engersäits der Kierch sech hirer Identitéit nees méi bewosst ze ginn, d’Kierchen an de Patrimoine z’entdecken an och d’Geschicht vun der Diözes nach besser ze kennen. An deem Kontext huet hien dem Chanoine Georges Hellinghausen a senger Ekipp Merci gesot fir d’Erstelle vum Programm a besonnesch och fir d’Publikatioun vun der Geschicht vun der Diözes am Laf vum Joer. De Bistumsjubiläum ass dann awer anerersäits och e gudde Moment, fir no vir ze kucken, an deem Sënn huet hien de Weibëschof an de Kardinol als e Geschenk fir d’Diözes bezeechent. Mat Bléck op déi no Zukunft huet hien op d’Bëschofswuert fir déi eeler Leit (den 19.1.) an de Sonndeg vum Wuert Gottes, deen de Poopst Franziskus agefouert huet, ervirgehuewen (de 26.1.). Och op d’Mataarbechterfest den 19. Juni zu Iechternach gouf schonn invitéiert. Alles Momenter, an deene mir kënnen zesumme Kierch sinn.

Mat engem Zitat vum Poopst Franziskus huet de Generalvikar Patrick Muller geschloss: «Noël est la revanche de l’humilité sur l’arrogance, de la simplicité sur l’abondance, du silence sur le vacarme, de la prière sur „mon temps à moi“, de Dieu sur mon ego.»

Duerch Iech an duerch Äert Engagement gëtt d’Kierch gebaut

Den Accueil vun zwou Famillje vu Lesbos zu Lëtzebuerg ass e konkreten Ausdrock vun enger missionnarescher Kierch, sou de Kardinol Hollerich.

Dono war et um Kardinol Jean-Claude Hollerich, fir villmools merci fir déi gutt Wënsch ze soen an doriwwer eraus jidder eenzelnem fir säi Chrëschtsinn. „Merci fir Äert Chrëschtsinn, Merci fir dat konkret Engagement; duerch Iech an duerch Är Äntwert an Äert Engagement gëtt d’Kierch hei zu Lëtzebuerg gebaut.“ E besonnesche Merci huet de Kardinol alle Leit vum Kierchefong gesot, an deem eng enorm Aarbecht geleescht gouf a gëtt, déi nei Perspektive fir d‘Zukunft opmécht.

Doriwwer eraus huet de Mgr. Hollerich den Accueil vun zwou Famillje vu Lesbos hei zu Lëtzebuerg ervirgehuewen an als e konkreten Akt vun enger missionarescher Kierch bezeechent. D’Wäerter vum Evangelium ze liewen an ze verzichten, fir aneren ze hëllefen, dat ass den Ausdrock vun enger einfacher a bescheidener Kierch, där hiert Bild an der Gesellschaft sech lues a lues verännert, „an dat ass dréngend néideg“ huet de Kardinol ënnerstrach.

Uschléissend huet de Mgr. Hollerich zesumme mat allen Invitéeën d’Glas op dat nach jonkt Joer gehuewen.


All Informatiounen zum Bistumsjubiläum op https://cathol.lu/150joer

Roger NILLES
roger.nilles cathol.lu

Responsable du SCP (2013-2020)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu