lb fr pt en
 
17. Mee 2019

Priisterwei vum Yves Olinger an Diakonewei vum Vincent De Smet

E Samschdeg, den 18. Mee 2019 an der Kathedral / Livestream hei um Site / Liest den Témoignage vun de Weiekandidaten

E Samschdeg, den 18. Mee 2019, um Héichfest vun der Tréischterin am Leed, weit den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich den Diakon Yves Olinger zum Priister an de Seminarist Vincent De Smet zum Diakon fir d’Äerzdiözes Lëtzebuerg. All Gleeweg sinn häerzlech invitéiert un der Feier deel ze huelen. D’Liturgie fänkt um 9 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg un.

Um Virowend, de 17. Mee, sinn all Leit um 20 Auer zu enger gemeinsamer Gebietswuecht fir Beruffungen an der Kathedral invitéiert.

Den Yves Olinger ass 40 Joer al an ass zu Izeg opgewuess. No der Première am Stater Kolléisch huet hien um ISERP studéiert. Dunn huet hie wärend dräizéng Joer als Schoulmeeschter an der Stad geschafft, dovun déi meeschten Zäit zu Bouneweg, wou hien och gewunnt huet. No enger Aféierungszäit (Propädeutikum) am „Grand Séminaire de Luxembourg“ an der Stad gouf hie fir d’Studium op Paräis an op Boston geschéckt. Zënter senger Wei zum Diakon den 10. November 2018 schafft den Yves Olinger als Diakon an der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.

No der Priisterwei ass d’Primiz e Sonndeg, den 2. Juni, um 10 Auer zu Bouneweg virgesinn.

De Vincent De Smet ass 30 Joer al a kënnt vun Ettelbréck, wou hien och seng Schoule gemaach huet: Als éischt eng Léier an der Verwaltung, dono eng 13e Commerce. Uschléissend huet hien e Propädeutikumsjoer (Aféierungsjoer) am „Grand Séminaire de Luxembourg“ an der Stad gemaach. Vun do aus ass hien dunn an de Service vun den Abonnementer vum „Luxemburger Wort“ schaffe gaangen. No enger Rei Joren am Aarbechtsliewen ass hien am September 2014 an den iwwerdiözesane Priisterseminaire, Studienhaus St. Lambert zu Lantershofen bei Bonn geschéckt ginn, fir Theologie ze studéieren. Zënter September d’lescht Joer ass hien elo am Stage an der Par Musel a Syr Saint-Jacques, wou hien och wäert säin Diakonatsjoer maachen.

D’Mass gëtt am Live-Stream op www.cathol.lu iwwerdroen.

“Firwat net du?” – “Firwat dann ech!” – “Firwat eigentlech net?!”

Mäin Numm ass Vincent De Smet, an ech sinn iwwert vill Weeër getrëppelt fir haut do ze stoen, wou ech stinn. Als Ettelbrécker Jong war ech a menger Kandheet Massendénger, awer mat de Joren huet sech dunn de Kontakt zur Kierch verluer. Iwwer Frënn a Schoulkollegen hunn ech du mäin Heemechtspaschtouer kenne geléiert. Zu däer Zäit nach an enger anerer Par, huet hie mir enges Daags am Summer zwou Noriichte matgedeelt; eng gutt an eng schlecht. Déi schlecht Noriicht war, datt hin do wou e war, fort geet; déi gutt, datt hien op Ettelbréck kënnt. Hie koum souguer net eleng, mee zesumme mat engem Kaploun. Zu Ettelbréck gouf et nach Sr. Virginie, déi mir och gehollef huet, mech erëm séier an d’Parliewen z’integréieren. Enges Owens an der Mass koum a mir d’Fro op: “Firwat net du?”. Sou séier wéi d’Fro koum, hunn ech se och op Äis geluecht; fort war se awer net. Enges Daags hunn ech mech dunn eisem Kaploun uvertraut. Deen huet mir emol als éischt geroden, meng Schoul fäerdeg ze maachen. Wéi ech mäin Diplom an der Täsch hat, hunn ech mech dunn och bal direkt an der Stad am Seminaire gemellt, an ech si fir e Propädeutikum (Aféierungsjoer) ugeholl ginn. No engem léierräiche Propädeutikum, deen ech zesumme mat engem weidere Kandidat souwéi mat zukünftege KatechetInne gemaach hunn, huet mech mäi Wee an d’Aarbechtswelt gefouert. Sou hunn ech dunn am Service vun den Abonnementer vum “Luxemburger Wort” ugefaangen. A genau hei sollt mäi Wee da fir eng Rei Jore stoe bleiwen, well de Gedanke fir Priister ze ginn, war wäit fort. Ëmmer erëm sinn ech awer bannent deene Jore vun de Leit op Glawensfroen ugeschwat ginn, an esou ass lues a lues erëm en néien, weidere Wee entstanen. Wéi ech du fest am Suedel souz, zefridde mat mir a mat der Welt, do huet sech deen do uewe gemellt a mech drun erënnert, datt ënnert dem Äis nach eppes géif léien. Du koum d’Fro: “Firwat ech?!”. No enger Zäit vun Ausernanersetzung mat menger Beruffung, hunn ech dunn erëm de Kontakt mam Seminaire opgeholl, dee mech fir d’Studium op Lantershofen (bei Bonn) geschéckt huet. Hei studéiere jonk a jonk bliwwe Männer, déi op d’mannst 25 Joer al sinn a scho geschafft hunn um sougenannten “3. Ausbildungswee” Theologie. Vum Bäcker, iwwert de Gärtner, bis zum Banquier ass alles dobäi. No mengem erfollegräichen Ofschloss 2018 sinn ech dunn an de Stage an d’Par “Musel a Syr – Hl. Jakobus” komm, wou ech dat, wat ech geléiert hunn, dierf an d’Praktescht ëmsetzen.

Ech kann haut soen, datt aus mengem zäitweisen “Beruffungsëmwee” eng fest Strooss ginn ass. Fir mech ass et wichteg, datt ech fir d’Leit do ka sinn, dëst elo souwuel a mengem Diakonatsjoer, wéi natierlech och doriwwer eraus, an dat zu all Zäit mat 2 Féiss um Buedem vun der Realitéit. Ech si ganz dankbar dofir, datt ech d’Leit dierf begleeden an alle fir si wichtege Situatioune vun hirem Liewen. Zesumme baue mir ee fir deen aneren un eise Weeër, déi eis Orientéierung a Sécherheet, och fir de Glawe ginn. Sou ënnerschiddlech eis Weeër, sou ënnerschiddlech si mir Mënschen; awer egal wéi mir sinn, mir dierfe gleewen, datt den Herrgott alleguer eis Weeër mat eis geet. Ech si gedroe vum Herrgott an esou vill Leit; also dann: “Firwat eigentlech net?!”.

E Bléck no hannen: Wéi hutt Dir Iech zënter der Diakonewei op dëse wichtege Moment virbereet?

Yves Olinger: Et war eng ganz intensiv Zäit déi läscht 6 Méint. Den 10. November sinn ech zu Bouneweg zum Diakon geweit ginn. Dono ass d’Preparatioun weidergaangen: besonnesch de Stage an der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul an d’Coursen am Centre Jean XXIII sinn do ervirzehiewen. No menger Demande, fir zum Priister geweit ze ginn, war eng Period vu Skrutinum (wou gekuckt gëtt, ob de Kandidat d’Konditiounen erfëllt, fir Geeschtlechen ze ginn), déi mat engem perséinleche Gespréich beim Här Äerzbëschof ofgeschloss gouf.

D’konkret Preparatioun vun der Wei selwer ass virun allem zesumme mam Präses vum Seminaire vu Lëtzebuerg, dem Abbé Patrick Muller, dem Cérémoniaire vum Här Äerzbëschof, dem Abbé Jempi Reiners, an dem Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral, dem Här Marc Dostert, geschitt.

Kuerz virun der Wei ass och nach eng Retraite an engem Klouschter, geleet vum Spiritual vum Lëtzebuerger Seminaire, dem Pater Daniel Sonveaux s.j.

D’Priisterwei selwer ass scho speziell:

• Si ass wéi d’lescht Joer an der Mëtt vun der Oktav, um Héichfest vun der Tréischterin am Leed, der Patréinesch vu Lëtzebuerg.

• An der selwechter Feier gëtt och de Vincent De Smet zum Diakon geweit.

Et ass fir mech eng grouss Freed, fir d’Kierch vu Lëtzebuerg zum Priister geweit ze ginn.

E Bléck no vir: Wat erwaart Dir an Ärem priisterlesche Wierken? Wat ass Iech besonnesch wichteg?

Et ass eng ganz villsäiteg Aufgab, déi do viru mir läit, dëst an enger Zäit, déi vill Changementer a sech dréit. Dat ass eng Erausfuerderung. An et wäerten an deenen nächste Joren och weider grouss Erausfuerderungen op mech duerkommen.

E groussen Challenge ass d’Glawensvermëttlung (an dat net nëmme fir mech als fréiere Schoulmeeschter): Wéi kënne mir Chrëschten engem aneren de Message vu Jesus Christus méi no bréngen? Mir si gefuerdert, dem Jesus nozefollegen, deen eis opdréit: “Duerfir gitt a maacht aus alle Vëlleker Jünger” (Mt 28,19). Eng immens Aufgab.

De Priisterberuff geet domat wäit iwwer de sakramentelle Beräich eraus: Et ass eng méi oder manner reegelméisseg Begleedung vun de Leit duerch hiert Liewen, mat den Héichten an den Déiften, déi d’Liewe mat sech bréngt. Fir mech ass et wichteg, mir ëmmer erëm virun An ze féieren, firwat ech dëse Beruff gewielt hunn, an zwar fir déi zwee wichtegst Geboter méi bewosst liewen ze kënnen: „Du solls den Här, däi Gott, gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil a mat dengem ganzen Denken.“ (Mt 22,37) an „Du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer.“ (Mt 22,39)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu