lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 8. Januar gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
Den 8. Januar, um Festdag ’Erscheinung des Herrn’ (Epiphanie), gouf d’Sonndesmass aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. Et huet den Ensemble Vocal Cantus Gaudium gesong, Dirigentin war d’Nancy Back-Kelsen, Organist de Fränz Theis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Den Ensemble Vocal Cantus Gaudium
Den Ensemble Vocal Cantus Gaudium, wéi den Numm et scho seet, soll d’Freed um Sange fërderen. Déi meescht Hären, déi bal alleguer an engem gemëschte Chouer sangen, hunn et flott fonnt am renge Männergesank hiren Horizont ze erweideren.
Am Dezember 2022 huet den Ensemble Vocal Cantus Gaudium, mat sengen 20 aktive Memberen, e flotten Advents-Concert, zu Uespelt an zu Diddeleng an der Kierch gesongen.
Den nächste grousse Rendez-vous ass den 23. Abrëll am Sall vum Centre Saint-Martin zu Diddeleng, wou mer e flotte Concert, zesumme mat der Gesangsklass vun der Diddelenger Musekschoul presentéieren. Fir méi Detailer kënnt dir Iech gäre mellen. D’Direktioun vum Chouer huet déi ganz engagéiert Madamm Nancy Back-Kelsen, déi hei zu Lëtzebuerg am Chouerwiese keng Onbekannten ass.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Noël étranger | Louis-Claude d‘Aquin |
---|---|---|
Agangslidd | Aus dem Himmelssall | Goergen/Goldschmit |
Kyrie | Messe brève no5 | Charles Gounod |
Gloria | Les anges dans nos campagnes | Traditional |
Tëschegesank | Es kam ein Engel | Lied aus Ungarn |
Alleluia | Alleluia | Wolfgang Amadeus Mozart |
Gowelidd | Come, o thou King of Kings | Traditional |
Sanctus | Messe brève no5 | Charles Gounod |
Agnus Dei | Messe brève no5 | Charles Gounod |
Kommioun | Panis Angelicus | César Franck |
Schlusslidd | Ein Stern ging auf im Osten | |
Sortie | Spanische Toccatina sortie brève no5 | Jos Kinzé |