lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf aus dem Haaptmann’s Schlass iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 10. Februar, um 9 Auer aus dem Haaptmann’s Schlass vu Berbuerg iwwerdroen. D’Berbuerger Schlass-Sänger aus dem CIPA Haaptmann’s Schlass vu Berbuerg hunn zesumme mat hire Frënn an de Schwësteren aus dem Mutterhaus vun den Elisabetherinnen gesongen ënnert der Leedung vum Michèle Neuens, dat och op der Uergel begleet huet. Weiderhi sinn d’Sänger duerch de Joreskrees am Asaz, sief et bei enger Muttergottesandacht, engem Summerfest, engem Concert oder enger Chrëschtfeier.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Marche avec nous Marie | Georges Lefèbvre |
---|---|---|
Agangslidd | Ins Wasser fällt ein Stein | T: Manfred Siebald / M: Kurt Kaiser |
Kyrie | Kyrie, Kyrie Eleison | T: Detlev Jöcker/M: Rolf Krenzer (LD 126) |
Gloria | Gloria | T+M: aus Lourdes (LD 146) |
Alleluja | Hallelu Hallelu Hallelu, Halleluja | Traditional |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Von guten Mächten | T: Dietrich Bonnhoeffer / M: Siegfried Fietz (LD 328) |
Sanctus | Saint le Seigneur | M: Bernhard de Clairvaux (LD 245) |
Ananmèse | Däin Doud Här verkënnege mir | M: René Ponchelet (LD 264) |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Wo Menschen sich vergessen | T: Th. Laubach + M: Ch. Lehmann |
Kommuniounslidd | Wenn am Himmel de Stääne danze (Instrumental) | M: F. Binninger / R. Kowalak |
Maria zu lieben | M: Avec-Maria vu Lourdes (LD 514) | |
Schlusslidd | Einen guten Freund zu finden | T: Rolf Krenzer / M: Siegfried Fietz (LD 616) |
Sortie: Uergel | Highland Cathedral | Ulrich Roever & Michael Korb |
Chouer: Berbuerger Schlass-Sänger aus dem CIPA Haaptmann’s Schlass vu Berbuerg zesumme mat hire Frënn an de Schwësteren aus dem Mutterhaus vun den Elisabetherinnen
Dirigentin an Organistin: Michèle Neuens