lb fr pt en
Jahr A (2019-2020)  
24. Dezember 2019

Nëmmen e Kand...

Gedanke fir Chrëschtdag vum Monique Hermes

Déi handgeschnëtzt Krëpp vum Albert Amann an der Kierch zu Innerberg/Montafon.
(Foto: Monique Hermes)

 

E Kand koum op d’Welt
deemools an der Fielsegrott
op de Felder vu Bethlehem.
Nëmmen e Kand.
En onschëllegt Kand.

 

E Kand wollt Fridde bréngen
an eng zerrasse Welt
voller Onrou a Gewalt,
voller Haass a Sträit.
Dofir ass e Kand komm.

 

E Kand wollt Liicht sinn
an enger däischterer Zäit,
Liicht fir déi Arem an déi Schwaach,
fir déi Kleng an déi Ënnerdréckt.
Dat wollt e Kand.

 

E Kand huet Hoffnung bruecht,
deemools zu Bethlehem.
Hoffnung fir Grouss a Kleng,
fir Arem a Räich.
Dat konnt e Kand.

 

E Kand ass komm,
vu Gott geschéckt,
fir der Welt ze weisen,
datt Grousses
am Klenge geschitt.

 

Dat Kand
gëtt och haut gebuer,
wou Mënsche Fridde stëften,
wou Mënschen Hoffnung schenken,
wou dat Gutt Meeschter gëtt.

 

Dat Kand
wëllt eis Häerzer opmaachen,
kann d’Welt veränneren,
wäert äis de Wee weisen...
D’Friddenskand vu Bethlehem.

Monique Hermes

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu