lb fr pt en
Weltkierch . Église universelle  
1. Oktober 2018

Fir d’Eenheet vun der Kierch bieden

Appell vum Poopst Franziskus gëtt an der Äerzdiözes Lëtzebuerg opgegraff

Um Hannergrond vun de rezenten ënnerkierchlechen Entwécklungen appelléiert de Poopst Franziskus un déi Gleeweg, fir hiert individuellt a gemeinschaftlecht Gebiet ze intensivéieren. Esou soll am Mount Oktober weltwäit all Dag de Rousekranz fir d’Eenheet vun der Kierch gebiet ginn. D’Opgräife vun dësem groussen Uleies huet de Poopst dem Réseau Mondial de Prière du Pape (Gebietsapostolat) - www.popesprayer.net - uvertraut. Ech invitéieren Iech duerfir dës Gebietsinitiativ an Aere Poren a Gemeinschaften, an der Verschiddenheet vun Äre Méiglechkeeten, matzedroen.

De Rousekranz soll ofgeschloss gi mat dem eelste Mariegebiet „Unter deinen Schutz und Schirm“ [1] a mat der Uruffung vum Äerzengel Michael [2].

Leo Wagener
Generalvikar

[1Unter deinen Schutz und Schirm fliehen wir, o heilige Gottesgebärerin;
verschmähe nicht unser Gebet in unseren Nöten,
sondern erlöse uns jederzeit von allen Gefahren.
O du glorreiche und gebenedeite Jungfrau,
unsere Frau, unsere Mittlerin,
unsere Fürsprecherin.
Versöhn uns mit deinem Sohne,
empfiehl uns deinem Sohne,
stell uns deinem lieben Sohne vor.

[2Saint Michel Archange, défends-nous au combat, sois notre protection contre la méchanceté et les pièges du diable; que Dieu le réprimande, nous prions humblement; et toi, Prince de l’armée céleste, jette en enfer Satan et tous les mauvais esprits qui sillonnent le monde à la recherche de la ruine des âmes. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu