lb fr pt en
Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés  
Abrëll 2005

Biblesch Blécker op den Trouscht

“Kuck! Tréinen vun Ënnerdréckten … a keen Tréischter fir si!” (Koh 4, 1)

Ech soll iech, am Kader vun dësem Recyclage iwwer d’Oktave, eng biblesch Beliichtung zum « Trouscht » an « Tréischten » proposéieren, woubei enner anneren déi zwou éischt Schrëftliesungen vun der « Ave spes nostra » Mass (zënter 1975) solle berücksichtegt ginn (Jes 49, 13-15 an 2 Kor 1, 3-7). Zum Schluss, soll ech dann och eng Verbindung mat der Oktave proposéieren, déi bekannterweis d’Maria als « Consolatrix afflictorum » veréiert.

Allerdéngs gëtt d’Maria néierens an der Bibel « Consolatrix afflictorum » genannt (eréischt géint 1400 an engem Text, deen dem hellegen Bonaventura zougeschriewen gëtt).

Den Titel « consolatrix » oder « consolator afflictorum » kënnt och néierens an der laténgescher Bibel fir. Et ginn awer e puer Texter wou déi Leit déi kräischen getréischt ginn, wou allerdéngs de Vokabular nët konstant ass (och nët op Latäin):

  • déi Leit déi am Exil zu Babylon woren gi vum Prophéit Jesaja am viraus getréischt, laut dem Weisheitslehrer Ben Sirach (dee wousst na näischt vun engem Deutero-Jesaja) (Sir 48, 24);
  • déi Leit déi schlecht dru woren, si vum Job selwer getréischt ginn (Job 29, 25);
  • esou wéi Gott déi Démüteg getréischt huet, tréischt Hien och de Paulus andeems den Titus bei hie kënnt (2 Kor 7, 6);
  • eng vun der Séiligpreisungen annoncéiert datt déi Leit déi kräischen getréischt ginn (Mt 5, 4(5)).

Konkret heescht dat, datt wann mir wëllen d’Maria als « Consolatrix afflictorum » biblesch verdéiwen, dann kënne mir dat nëmmen indirekt machen, andeems mir eng marianesch Lecture vu Bibeltexter maachen oder eng biblesch Verdéiwung vum Bild vun der Maria proposéieren.

Et bleift op allefall interessant, net nemmen fir eistr Verständis vum Maria mee och fir eist eegent Engagement fir déi Leit déi an eiser Welt traureg sinn - während der Oktave oder och nët - fir déi Erfahrungen an Wéer vum Trouscht, déi an der Bibel opgezeechent sinn, an Uecht ze huelen. Ech proposéieren iech duerfir e klenge Parcours duerch d’Bibel, wou verschidden Stëmmen sech op ennerschiddlech Art a Weisen zu Wuert mellen. De Choix vu Texter ass geleed duerch d’Präsenz vum Vokabular vum Trouscht an Tréischten (nacham op hebräesch an parakaleô op griechesch, obschonns dee Vokabular vill an ënnerschiddlech Bedeitungen huet). Zum Schluss dann géng ech probéieren, e puer Iwwerléiungen zur Oktave an zum Personnage vum Maria zu formuléieren. Ech man och dann eng Propositioun fir ee weideren Éierentitel fir d’Maria : « Memoriae custos », « Koschtesch vum Gediechtnis », « Gardienne de la mémoire », en Titel den direkt un der biblescher Duerstellung vun der Maria hängt an e wesentlecht Element vum Trouscht zum Ausdréck bréngt.

II

D’Bibel verzielt dacks vum « tréischten » am Fall vum Doud vun enger Persoun déi ee gären hat. Ech géng gären e puer dovunner verdéiwen.

1. Fir d’éischt aus dem Buch Rut: Zwou Wittfraen, ouni Kanner an an der Gesellschaft vun deemols bal ouni Iwwerliewenschance! D’Rut, eng jong Moabiterin, entscheed sech nom Doud vun hirem Mann net zréck bei hir Famill ze goen, mee fir am Land an am Glawen vun hirer Schwéiermamm, Noémi, ze bleiwen. Si engagéieren sech solidaresch fir an der schwiereger Situation eens ze ginn. Wéi d’Rut gesot kritt, datt de Booz de Go’el vun der Famill vun hirem verstuewenem Mann ass (deen aus der Famill, deen zoustänneg wor fir Leit ze hëllefen, déi an eng schwiereg Situation gerode woren, vläicht soguer deen déi sollt opkommen fir der Pflicht vum « mariage lévirat » no ze kommen), da geet si op séngem Feld no Nahrung sichen, déi no der Ernt iwwreg bliwwen ass. Op der richteger Plaz, am richtege Moment, kënnt si an d’Gespréich mam Booz, dee sech an der Tëschenzäit an d’Bild setze geloos hat iwwer d’Rut. Hei en Extrait aus hirem Gespréich (Rt 2, 10-14):

10 Alors elle se jeta face contre terre et se prosterna; et elle lui dit : « Pourquoi m’as-tu considérée avec faveur jusqu’à me reconnaître, moi une inconnue ? » 11 Booz lui répondit en disant : « On m’a conté et reconté tout ce que tu as fait envers ta belle-mère après la mort de ton mari, comment tu as abandonné ton père et ta mère et ton pays natal pour aller vers un peuple que tu ne connaissais ni d’hier ni d’avant-hier. 12 Que le SEIGNEUR récompense pleinement ce que tu as fait, et que ton salaire soit complet de par le SEIGNEUR, le Dieu d’Israël, sous la protection de qui tu es venue chercher refuge ». 13 Elle dit alors : « Considère-moi avec faveur, maître, puisque tu m’as consolée et puisque tu as parlé au coeur de ta servante; et pourtant, moi, je ne serai pas comme une de tes servantes ! »
14 Puis, au moment du repas, Booz lui dit : « Approche ici pour manger du pain et tremper ton morceau dans la vinaigrette ». Alors elle s’assit à côté des moissonneurs. Il lui tendit du grain grillé. Elle mangea, fut rassasiée et en eut de reste.

Den Trouscht kënnt eréischt fir d’Rut duerch d’Unerkennung vun hirer Geschicht, déi de Booz verzielt (eng Art Anamnes), mee och duerch d’Unerkennung vun senger Persoun. D’Rut ass méi wéi aktiv an dëser Erzielung an de Booz fänkt un séng Aufgab als Go’el eescht ze huelen. Als Weisheetsschrëft, weist d’Buch Rut ënner anerem, datt déi auslännesch Fraen duerchaus hir Plaz an der jüdescher Gesellschaft a Relioun fanne können, an dat an der Zäit nom babylonischen Exil, wou eng stark Auslänner- an Fraen- Feindlechkeet zur dominanter Ideologie gehéiert huet.

2. Zum Schluss vun der Jousefs-Erzielung (Gn 37-50) liese mir, nodeems de Jakob gestuerwen war, datt dem Jousef seng Bridder gefaart hatten, datt hie seng Rache géng ausüben (Gn 50,15-21):

15 Voyant que leur père était mort, les frères de Joseph se dirent: « Si Joseph allait nous traiter en ennemis et nous rendre tout le mal que nous lui avons causé ! » 16 Ils mandèrent à Joseph: « Ton père a donné cet ordre avant sa mort : 17 Vous parlerez ainsi à Joseph: “De grâce, pardonne le forfait et la faute de tes frères. Certes, ils t’ont causé bien de mal mais, de grâce, pardonne maintenant le forfait des serviteurs du Dieu de ton père.” ». Quand ils lui parlèrent ainsi, Joseph pleura. 18 Ses frères allèrent d’eux-mêmes se jeter devant lui et dirent : « Nous voici tes esclaves. » 19 Joseph leur répondit : « Ne craignez point. Suis-je en effet à la place de Dieu ? 20 Vous avez voulu me faire du mal, Dieu a voulu en faire du bien : conserver la vie à un peuple nombreux comme cela se réalise aujourd’hui. 21 Désormais, ne craignez pas, je pourvoirai à votre subsistance et à celle de vos enfants ». Il les réconforta et leur parla coeur à coeur.

Datt de Jousef seng Bridder getréischt huet an zu hiren Häerzer geschwat huet, markéiert de Schluss vun enger Geschicht déi een tatsächlich als « Trouscht-Erzielung » an an engems als eng Versöhnungs-Erzielong kéint nennen. Déi geet mat Sécherheet duerch sämtlech Etappen vun enger langer Démarche vum Trouscht, vun der Versöhnung an der Verzeihung.

  • D’Erzielong, déi mam Gewaltakt vun de Bridder géint de Jousef ugefangen huet, beschreift d’Ontréischlechkeet vum Jakob, wéi hien d’Noriicht vum Doud vum Jousef matgedeelt kritt (37, 35).
  • D’Bridder musse selwer léieren an soguer spieren, wat sie hirem Papp an hirem Brudder ugedoen hunn.
  • Si mussen hir Geschicht dacks erzielen, wiederhuelen an verschaffen an enger Art Anamnese, déi sech och als Sënnebekenntnis ausdréckt.
  • Si musse selwer de Jousef erëm erkennen, anzwar als een, deen sech nët un hinne räche wellt.
  • De Jousef bleiwt nët onberéiert vun dëser Démarche. Sechs mol huet hien gekrasch, sou den Text.
  • Zum Schluss, wéi de Papp gestuerwen ass an d’Bridder zidderen virun der Rache, déi sie sech erwaarden, geheien si sech virum Jousef op de Buedem. Hie schwätzt dann e klärend Wuert: « Den Härgott huet dat Béist an dat Gutt verwandelt. Ech sinn heihinner geschéckt ginn, fir Äert Iwwerliewen ze sëcheren. » Dommadder huet de Jousef seng Bridder getréischt, awer nëmmen well hien selwer getréischt gouf, well hien eens ginn ass mat senger Situation als Affer vun der Gewalt vu senge Bridder, well hien versöhnt war mat senger eegener Geschicht.

Zum Trouscht-Prozess gehéiert also Zäit, Erzielt-Erënnerung (Anamnes), sech an d’Situation vum Aneren versetzen, Verzeihung an Versöhnung, och d’Kapazitéit sech a seng perséinlech Geschicht an enger méi grousser Geschicht ze situéieren. Déi Jousefs-Erzielung als Weisheetsliteratur présentéiert e Modell vun engem Versöhnungswee tëschent Bridder; se proposéiert allerdengs och e Modell fir d’Roll vum « Kinnék »:

  • hien ass ee vun de Bridder
  • hie stellt sech net iwwer déi aner Bridder
  • hie steet an hirem Déngscht, net nëmmen fir hinnen ze ginn wat si während der Hongersnot brauchen fir z’iwwerliewen, mée och fir de Versöhnungs- an den Trouscht-Prozess ze begleeden an soguer méiglech zu machen.

3. Am Buch ben Sirach, och aus der Weisheitsliteratur, fanne mir am Kapitel 28 eppes ewéi eng Gebrauchsanweisung, wéi ee korrekt a « gesond » mat der Trauer ëmgoen soll (Si 38, 16-23):

16 Mon fils, verse des larmes sur celui qui est mort ;
comme un homme cruellement touché, entonne une complainte.
Donne à son corps la sépulture qui lui est due et ne néglige pas sa tombe.
17 Lamente-toi amèrement, pleure à chaudes larmes,
fais le deuil qu’il mérite, un jour ou deux pour éviter les médisances,
puis console-toi de ta peine.
18 Du chagrin en effet peut sortir la mort et l’affliction du coeur mine les forces.
19 Dans la détresse, chagrin permanent, et le coeur maudit une vie de pauvre.
20 N’abandonne pas ton coeur au chagrin, écarte-le et souviens-toi de la fin.
21 N’oublie pas, il n’y a pas de retour, tu ne seras d’aucune utilité au mort et tu te ferais du mal.
22 Souviens-toi que son sort sera aussi le tien: moi hier, toi aujourd’hui.
23 Dès qu’un mort repose, cesse de songer à lui, console-toi de lui dès qu’il a rendu l’âme.

4. Eng nächst Etapp op eisem Parcours ass d’Buch Job, och Weisheetsliteratur. Dir wësst, datt dat Buch eigentlech e philosopheschen Débat duerstellt: Wéi ass et ze verstoen, datt e Mënsch, dee gerecht geliewt huet, op eemol leide muss, säi Besëtz, seng Famill an souguer seng Gesondheet verléiere muss. Déi traditionnel Weisheetsléier seet ons : wann ee gerecht handelt a liewt, da gëtt ee belount; wann een nët richteg handelt, da gëtt ee bestroft. Eng nët ganz logesch Conclusion, déi dacks gezu gëtt ass awer: wann et engem schlecht geet, dann huet ee bestemmt eppes gemacht fir dat ze verdéngen. Et héiert een oft haut, wann een mat Krankheet, Doud oder soss perséinlech Katastrophen konfrontéiert gëtt: Wat hunn ech dann nëmme gemacht fir dat ze verdéngen?

Nun ass et elo esou, datt et dem Job nët gut geet. Seng Frënn a Weisheets-Kollégen, ginn dat gewuer an si gin bei hien fir hien ze tréischten (Jb 2, 11-13):

11 Les trois amis de Job apprirent tout ce malheur qui lui était advenu et ils arrivèrent chacun de son pays,
Elifaz de Témân, Bildad de Shouah et Çofar de Naama. Ils convinrent d’aller le plaindre et le consoler.
12 Levant leurs yeux de loin, ils ne le reconnurent pas. Ils pleurèrent alors à grands cris.
Chacun déchira son manteau et ils jetèrent en l’air de la poussière qui retomba sur leur tête.
13 Ils restèrent assis à terre avec lui pendant sept jours et sept nuits.
Aucun ne lui disait mot, car ils avaient vu combien grande était sa douleur.

Den Trouscht-Prozess geet afillsam un: dem Job seng Frënn deelen seng Trauer, seng Sprachlosegkeet virun enger Katastroph, déi einfach nët ze verstoen ass. Si waarden souguer, bis datt de Job als Éischten d’Wuert ergräift, an zwar fir seng eegen Existenz zu verfluchen an domadder de Plang vum Schöpfer Gott a Fro ze stellen. Doropshin behaapten seng Frënn allerdéngs, datt laut der Weisheetsléier et nëmmen esou ka sinn, datt de Job selwer Schold drun ass, datt hien irgendeng Kéier Schlechtes gemach huet an datt hien elo dowéinst gestroft gëtt. De Job verteidegt sech, andeems hien nët nëmmen seng Onschold behaapt, mee och dat hien selwer sech als « Tréischter » agesat huet fir Leit, déi Affer vun Ongerechtegkeet oder vu Schicksalsschléi woren. Am Kap 21, 2 stellt hien senge Frënn hiren beléierenden Discours a Fro: Si solle lauschteren, wat hien ze soen huet; do dran sollen hir Trouscht-Aarbechten bestoen. Anescht gesot, déi theologesch, philosophesch Weisheetsdiscouren mat hiren allgemenge Regelen, déi d’Komplexheet vum mënschlechem Liewen nët richteg treffen, hëllefen nët. (Tëschent Klammeren: Wat ass den Ënnerscheed tëschent dësen Discouren an engem Wuert vun Trouscht dat d’Häerz vun engem Mënsch trëfft? (Vgl. Rut an Jousef)). Mir musse waarden bis déi « mystesch » Erfahrung vom Job, wou den Härgott selwer sech zu Wuert mellt an dem Job kloer mecht, datt hien nët den Duerchbléck an der mënschlecher Existenz huet an och nët am Härgott sengem Plang fir d’Schöpfung. Am Kapitel 42, 1-6, gëtt de Job zou:

1 Job répondit alors au SEIGNEUR et dit :
2 Je sais que tu peux tout et qu’aucun projet n’échappe à tes prises.
3 “Qui est celui qui dénigre la providence sans y rien connaître ?”
Eh oui, j’ai abordé, sans le savoir, des mystères qui me confondent.
4 “Écoute-moi”, disais-je, “à moi la parole, je vais m’interroger et tu m’instruiras.”
5 Je ne te connaissais que par ouï-dire, maintenant, mes yeux t’ont vu.
6 Aussi, j’ai horreur de moi et je me désavoue sur la poussière et sur la cendre.

De Job muss akzeptéieren, datt hien (wéi och d’Weisheet iwwerhaapt) net alles versteet, an net alles vum Härgott wees. De Job muss akzeptéieren, datt hien nëmmen e klengen Deel vun der Schöpfung ass, an datt en Aneren den Duerchbléck an den Iwwerbléck huet. Op enger interessanter Art a Weis kréien dem Job seng Frënn d’Levite geliess vum Härgott, an de Job muss souguer en Affer fir si maachen, e gutt Wuert fir si aleen (intercéder), well si nët mat Oprichtegkeet vum Härgott geschwat hunn während hire Plaidoyeren (42, 7-9).

5. Nach en anere Weisheetslehrer, de Koheleth, mellt sech mat engem eegene Bléck op Trouscht… oder éischter op d’Absenz dovunner (Ko 4, 1):

D’autre part, je vois toutes les oppressions qui se pratiquent sous le soleil.
Regardez les pleurs des opprimés : ils n’ont pas de consolateur;
la force est du côté des oppresseurs : ils n’ont pas de consolateur.

Fir déi Leit, déi am Liewen ënnerdréckt ginn, do gëtt et keen Trouscht a keen Tréischter, elo nët an och herno nët, well all Liewen ass op dem Doud ausgericht. Esou beobacht de Koheleth d’Welt an d’Haltung vun de Mënschen. Wann et gutt geet, kréien d’Mënschen Zäit vum Härgott fir vun hirem Besëtz a Wuelstand ze profitéieren. Wann nët, dann eben nët. Déi Leit, déi ënnerdréckt sinn, hunn sowisou Näischt… Esou ass et, seet de Koheleth. Op et esou muss sinn, dat ass nët nëmmen eng aner Fro mee och eng Erausfuerderung fir d’Gerechtegkeet an d’Solidariteet ënnert de Mënschen. Mée, et schéngt nët, datt de Kohelet vill dovunner begéint huet a sengem Liewen.

6. Bis elo hu mir Texter gelies, déi vun Trouscht-Erfahrungen vun lauter eenzelne Persounen geschwat hunn, ob dat an der Form vun beriichtenden Erzielongen zum Ausdrock komm ass, oder am Genre littéraire vun der Weisheetsléier. En extrem wichtege Bléck op Trouscht fannen mir am Kader vun der Nationalkatastroph vum 6. Jh., also d’Zerstéierong vum Tempel an vun der Stad vu Jerusalem, sowie d’successiv Deportatiounen vun ville Juden duerch d’Muecht vun de Neo-Babylonier ënner dem Kinnék Nebuchadnezer. De Verloscht vun der politescher Haaptstad, vun der Dynastie an vum Hellégtum, wou den Härgott präsent wor an dat d’Garantie gewëssermoossen vum göttleche Schutz duergestallt huet: duerch esou Evenementer ass eng Natioun gerëselt bis un d’Fëllementer.

Déi Situatioun gëtt op verschidden Manéiere geliess, verstanen a gedeit:

  • De Psalm 137 dreemt vun der Rache.
  • D’Klagelieder stelle fest, datt d’Zerstéierung vum Tempel an vu Jerusalem eng Strof vum Härgott ass fir d’Sënnen vu Jerusalem selwer, an datt et kéen Tréischter a keen Trouscht gëtt, nët vun der Säit vun de Liebhaber vu Sion, och nët vun der Säit vum Härgott.
  • Am sougenannten Trouschtbuch vum Jeremiah (Jr 30, 1-31) hu mir en Text, deen wahrscheinlech tëschent denm Ufank vun dem Josias senger reliéiser Reform (ca. 622) an séngem Doud (609) geschriwwe ginn ass. An daer Zäit ass eng grouss Hoffnung entstanen: D’Provënzen vum fréiere Nordräich solle nees erobert an vum Süden annexéiert ginn. Assyrien, dat Samarien am 722/721 zerstéiert hat an d’Leit duerch d’Welt zerstreet hat, huet nämlech e groussen Deel vun sénger Muecht verluer. Jr 31, 10-20 ass fir eise Sujet interessant:

10 Nations, écoutez la parole du SEIGNEUR, annoncez-la aux rivages lointains, dites :
Celui qui a jeté Israël aux quatre vents le rassemble, il le garde comme un pasteur son troupeau.
11 Le SEIGNEUR rachète Jacob, il le revendique, le délivrant de la main d’un plus fort.
12 Ils arrivent, ils entonnent des chants de joie sur les hauteurs de Sion.
Ils affluent vers les biens du SEIGNEUR, vers le blé, le moût et l’huile fraîche,
vers le petit et le gros bétail.
Ils se sentent revivre comme un jardin bien arrosé, ils ne seront plus languissants.
13 Alors les jeunes filles dansent et elles s’épanouissent,
ainsi que les jeunes gens et les vieillards.
Je change leur deuil en joie, je les réconforte (console) je fais s’épanouir les affligés
[litt. je les fais réjouir de leur tristesse Vg: et consolabor eos et laetificabo a dolore suo].
14 Je gorge les prêtres de viandes grasses ;
mon peuple se rassasie de mes biens - oracle du SEIGNEUR.
15 Ainsi parle le SEIGNEUR:
Dans Rama on entend une voix plaintive, des pleurs amers :
Rachel pleure sur ses enfants, elle refuse tout réconfort,
car ses enfants ont disparu.
16 Ainsi parle le SEIGNEUR : Assez! Plus de voix plaintive,
plus de larmes dans les yeux ! Ton labeur reçoit sa récompense
– oracle du SEIGNEUR : - ils reviennent des pays ennemis.
17 Ton avenir est plein d’espérance - oracle du SEIGNEUR :
– tes enfants reviennent dans leur patrie.
18 J’entends, oui, j’entends Ephraïm qui se lamente:
«Tu me domptes et je me laisse dompter comme un taurillon indocile:
fais-moi revenir, que je puisse revenir, car toi, SEIGNEUR, tu es mon Dieu.
19 Dès que je commence à revenir, je suis plein de repentir ;
sitôt que je me vois sous mon vrai jour, je me frappe la poitrine:
[Litt: Après mon retour, je me suis consolé; après m’avoir connu, j’ai frappé ma cuisse]
Sur moi honte et déshonneur !
Ma jeunesse a été un scandale, j’en supporte les conséquences».
20 Ephraïm est-il pour moi un fils chéri, un enfant qui fait mes délices?
Chaque fois que j’en parle, je dois encore et encore prononcer son nom;
et en mon coeur, quel émoi pour lui ! Je l’aime, oui, je l’aime
– oracle du SEIGNEUR.

Wichteg ass

  • de Rappel vun der Aktioun vum go’el (V. 11)
  • datt den Trouscht kënnt nodeems een déi gerecht Strof ofgesaat huet (V. 16)
  • datt de Wee zréck, nët nëmmen geographesch, mée och moralesch, mat sech bréngt, datt een e klore Bléck iwwer sech selwer an iwwer seng eege Liewensgeschicht kritt, an datt een esou Trouscht fannen kann (V. 18-19).

Fir d’Nordräich ass déi hoffnungsvoll Prophezeiung nët an Erfellung gangen… Se huet awer vläicht eng Roll gespillt an der Deitung vun der Nationalkatastrophe am 6. Jh. am Süden.

  • Am Ez 14, 21-23 liese mir datt een, dat wat een am babylonischen Exil erlieft, als eng gerecht Strof vum Härgott versteet. Dat ass eng Quell vun Trouscht, well ee wees datt een nët vum Härgott verloos ass:

21 « ... Car ainsi parle le Seigneur DIEU :
Même si j’ai envoyé mes quatre terribles châtiments contre Jérusalem :
l’épée, la famine, les bêtes féroces et la peste,
pour en retrancher hommes et bêtes,
22 pourtant un reste y subsiste.
On a fait sortir de la ville des fils et des filles ;
les voici qui viennent vers vous.
Vous allez constater leur conduite et leurs actes ;
alors vous vous consolerez du malheur que j’ai fait venir sur Jérusalem,
de tout ce que j’ai fait venir sur elle.
23 Ils vous consoleront,
car vous verrez leur conduite et leurs actes ;
alors vous saurez que
ce n’est pas sans raison que j’ai accompli tout ce que j’ai fait dans la ville -
oracle du Seigneur DIEU ».

  • D’Kapitelen 40-66 am Buch Jesaja ginn och « Trouscht-Buch » genannt. Firwat ?
  • Jes 40, 1 fänkt u mat : « Tröstet, tröstet mein Volk »:

1 Réconfortez, réconfortez mon peuple, dit votre Dieu,
2 parlez au coeur de Jérusalem
et proclamez à son adresse
que sa corvée est remplie,
que son châtiment est accompli,
qu’elle a reçu de la main du SEIGNEUR
deux fois le prix de toutes ses fautes (Es 40, 1-2).

  • Jes 66, 10-13 mécht eng Aart Inklusioun mat der Widderhuelung vum Trouscht-Vokabular, obschons de Gedanken en aneren ass:

10 Jubilez avec Jérusalem, exultez à son sujet, vous tous qui l’aimez.
Avec elle, soyez enthousiastes, oui, enthousiasmés, vous tous qui aviez pris le deuil pour elle.
11 Que vous suciez le lait et soyez rassasiés de son sein réconfortant (= sein de consolation)!
Que vous tiriez le maximum et jouissiez de sa mamelle glorieuse!
12 Car ainsi parle le SEIGNEUR:
Voici que je vais faire arriver jusqu’à elle la paix comme un fleuve,
et, comme un torrent débordant, la gloire des nations.
Vous serez allaités, portés sur les hanches et cajolés sur les genoux.
13 Il en ira comme d’un homme que sa mère réconforte:
c’est moi qui, ainsi, vous réconforterai, oui, dans Jérusalem, vous serez réconfortés.

D’Kapitelen 40-55 gin engem anonyme Prophéit (Deutero oder Zweete-Jesaja) zougeschriwwen, deen um Enn vum babylonëschen Exil d’Befreiung ugekënnegt huet, déi duerch de perseschen Kinnék Kyros réaliséiert gin ass nom 49/50 Joer laangem Exil.

D’Kapitelen 56-66 (Trito-Jesaja) gin nom Exil datéiert, wéi Restauratiounsaarbechten fir Jerusalem a fir den Tempel am Gang woren. Dohier d’wichteg Plaz vun der Mamm Jerusalem am Jes 66. Vgl. och Za 1, 17.

Den Deutero-Jesaja proposéiert eng Lekture vun der Geschicht: d’Strof vum Vollek ass elo eriwer, den Härgott huet sech un säin Vollek erënnert an hien huet de Kyros geschéckt fir den Heemwee fir déi déportéiert Juden fräi ze machen. Et ass an dësem Kontext wou déi éischt Liesung von der « Ave spes nostra » Mass ze situéieren ass: mir liesen Jesaja 49, 13-15 a sengem Kontext 49, 7-15:

7 Ainsi parle le SEIGNEUR,
le Rédempteur et le Saint d’Israël, à celui dont la personne est méprisée
et que le monde regarde comme un être abject, à l’esclave des despotes :
Des rois verront et se lèveront, des princes aussi, et ils se prosterneront,
par égard pour le SEIGNEUR, qui est fidèle, pour le Saint d’Israël qui t’a choisi.
8 Ainsi parle le SEIGNEUR :
Au temps de la faveur, je t’ai répondu, au jour du salut, je te suis venu en aide ;
je t’ai mis en réserve et destiné à être l’alliance du peuple,
en relevant le pays, en redonnant en partage les patrimoines désolés,
9 en disant aux prisonniers : « Sortez ! »
A ceux qui sont dans les ténèbres: « Montrez-vous ! »
Le long des chemins ils auront leurs pâtures, sur tous les coteaux pelés, leurs pâturages.
10 Ils n’endureront ni faim ni soif, jamais ne les abattront ni la brûlure du sable, ni celle du soleil ;
car celui qui est plein de tendresse pour eux les conduira, et vers les nappes d’eau les mènera se rafraîchir.
11 De toutes les montagnes je me ferai un chemin, et les chaussées seront pour moi surélevées.
12 Les voici : de bien loin ils arrivent, les uns du nord et de l’ouest,
les autres, de la terre d’Assouan.
13 Cieux, poussez des acclamations ; terre, exulte, montagnes, explosez en acclamations,
car le SEIGNEUR réconforte son peuple, et à ses humiliés il montre sa tendresse.
14 Sion disait : « Le SEIGNEUR m’a abandonnée, mon Seigneur m’a oubliée ! »
15 La femme oublie-t-elle son nourrisson,
oublie-t-elle de montrer sa tendresse à l’enfant de sa chair ?
Même si celles-là oubliaient, moi, je ne t’oublierai pas !

7. En neie Bléck op de bibleschen Trouscht-Gedanken fannen mir, vlaicht onerwart, am Neien Testament am Johannesevangelium, mee präzis an der sougenannter Abschiedsried (Jn 14-17). Do begéine mir dem Personnage vum Paraklet - paraklêtos op griechisch. Wéi soll een dat Wuert iwwersetzen? Den Augustinus (an nach Anerer) huet geschriwen, et kéint een op Latäin sowuel advocatus ewéi consolator gebrauchen, well Verb (parakaleô) a Substantiv (paraklêtos) ginn an e puer Richtungen: tréischten, opmonteren, wéi och ermahnen. Fir sech nët entscheeden ze mussen, transposéiert den Hieronymus dat Griechescht « Paraklêtos » einfach op Latäin « Paracletus » a senger Vulgata-Iwwersetzung. Esou hunn och d’Bible de Jérusalem an d’TOB et gemacht (Paraclet). De Luther huet « Tröster » iwwersat (de Segond « Consolateur »), wat allerdengs an der gudder aller Kathoulescher Traditioun steet: an der Péngscht Sequenz, vum Stephen Langton géint 1200 geschriwen, gëtt den Hellege Geescht ugeschwat als « Consolator optime ». D’Zürcher-Bibel geet vun der passiver Form vum paraklêtos aus an iwwersetz « Beistand », mat der Erklärung dobäi: « “Paraklet”, das heisst wörtlich: “ein (zur Hilfe) Herbeigerufener”; damit ist gemeint ein Rechtsbeistand oder Fürsprecher" ». D’Einheitsübersetzung geet och a déi Richtung mat « Beistand ». Esou fannen mir « advocatus » erem. Wann ee wees, datt am Hymnus « Salve regina », enstanen um Enn vum 11. Jh., datt d’Maria « advocata nostra » genannt gëtt a géint 1400 « consolatrix », da kann ee schonn eng Verbindung tëschent der Beschreiwung vum Geescht an däer vum Maria feststellen. Op een esou wäit muss goen wéi verschidden protestantesch Theologen a soen datt d’Maria d’Plaz vum Hellege Geescht am Katholizismus ageholl huet, dovunner sinn ech nët iwwerzeegt, well an der gudder aller kathoulescher (biblescher) Traditioun gëtt d’Maria an der Dynamik vum Härgott séngem Geescht intégréiert.

Interessant am Johannesevangelium fir d’Dynamik vum Tréischter-Geescht si folgend Texter:

  • Jn 14, 16-17: Moi, je prierai le Père: il vous donnera un autre Paraclet qui restera avec vous pour toujours. C’est lui l’Esprit de vérité, celui que le monde est incapable d’accueillir parce qu’il ne le voit pas et qu’il ne le connaît pas. Vous, vous le connaissez, car il demeure auprès de vous et il est en vous.
  • Jn 14, 26: Le Paraclet, l’Esprit Saint que le Père enverra en mon nom, vous enseignera toutes choses et vous fera ressouvenir de tout ce que je vous ai dit.
  • Jn 15, 26: Lorsque viendra le Paraclet que je vous enverrai d’auprès du Père, l’Esprit de vérité qui procède du Père, il rendra lui-même témoignage de moi ; et à votre tour, vous me rendrez témoignage, parce que vous êtes avec moi depuis le commencement.
  • Jn 16, 5-11: Mais maintenant je vais à celui qui m’a envoyé et aucun d’entre vous ne me pose la question : “Où vas-tu ?”. Mais parce que je vous ai dit cela, l’affliction a rempli votre cœur. Cependant je vous ai dit la vérité : c’est votre avantage que je m’en aille ; en effet, si je ne pars pas, le Paraclet ne viendra pas à vous ; si, au contraire, je pars, je vous l’enverrai. Et lui, par sa venue, il confondra le monde en matière de péché, de justice et de jugement ; en matière de péché: ils ne croient pas en moi ; en matière de justice: je vais au Père et que vous ne me verrez plus ; en matière de jugement : le prince de ce monde a été jugé.
  • Jn 16, 13-14: Lorsque viendra l’Esprit de vérité, il vous fera accéder à la vérité tout entière. Car il ne parlera pas de son propre chef, mais il dira ce qu’il entendra et il vous communiquera tout ce qui doit venir. Il me glorifiera car il recevra de ce qui est à moi et il vous le communiquera.
  • Jn 14, 27; 16, 33; 20, 19-23: Je vous donne ma paix…

De Geescht am Johannesevangelium, Tréischter, Affekot a Beistand

  • ass de Geescht vun der Wourecht
  • erënnert un d’Wierder an d’Liewen vum Jesus
  • gëtt souguer Zeechness vum Jesus of
  • seet d’Wourecht iwwer d’Welt
  • ënnerstëtzt déi chrëschtlech Gemeinschaft an der Ausenanersetzung mat der Welt
  • seet schlussendlech e Wuert vum Fridden, allerdéngs nët wéi d’Welt sech de Fridden virstellt.

Wann dat nët wesentlech Elementer vum Trouscht sinn, dann hunn ech guer näischt verstan vun der biblescher Traditioun.

III

Sech opmaachen fir déi vill Stëmmen zum Trouscht an tréischten an der Bibel ze héieren, ass schonn a sech eng Herausfuerderung. Mir hätte gären klor, eendeiteg Aussoen a Rezepter; mir kréien Erfahrungen an Iwwerzeegungen, déi an ons nokléngen, geeschtlech a geeschteg Nahrung, déi nach verdaut muss ginn an hir Plaz an eise Käpp an Häerzer fannen muss. Et bleift awer méiglech, e puer Pisten vum biblischen Trouscht-Gedanken ze zeechnen.

Den Trouscht ass eng Démarche, méi wéi eng Saach

  • eng Démarche vun der mënschlecher Solidaritéit, déi vu baussen kënnt
  • a konkrete Gesten,
  • mat Wieder déi wouer sinn, déi d’Wirklichkeet an hirer Komplexheet eescht huelen, déi d’konkret mënschlech Wierklechkeet treffen (d’Bibel seet : Wierder, déi d’Häerz vun der Mënschen treffen), Wierder déi sech nët an der Abstraktioun an an den allgeméngen theologesch-philosphesch-weisheetlechen « Wourechten » verléieren
  • eng Démarche, déi engem Mënsch, dee bedreckt an zesummengeschloen ass, hëlleft aus sénger Isolatioun erauszeklammen, hëlleft en éierleche Bléck op seng Situation ze werfen an d’Wirklechkéit unzehuelen.

=> hei erkenne mir d’Wichtigkeet vun der Go’el Fonktioun, déi mir méi ewéi eng Kéier begéint hunn a Verbindung mam Trouscht-Prozess.

Et ass schonn ugedeit: den Trouscht ass eng Démarche, déi awer och vu banne kommen muss:

  • de bedréckten an ënnerdréckte Mënsch muss akzeptéieren de Wée vum Trouscht ze goen
  • hien gëtt agelueden, e Wee vun der Versöhnung ze goen, an zwar nët nëmmen an engem moralesche Sënn: hie muss sech versöhnen souwuel mat sénger eegener Zerbriechlechkeet ewéi mat däer vun der mënschlecher Existenz iwwerhaapt.
  • hien kann och vlaicht hoffen, datt et eng Uerdnung an der Welt gëtt… déi een nët onbedéngt duerchkuckt a versteet.

Den Trouscht fanne verlaangt, datt een d’Gediechtnes beaarbecht, duerch eng Zort Anamnes, wou duerch d’Erzielen vun sengem eegene Liewenswee ee lues a lues gewuer gëtt vu wou ee kënnt, wouhin ee geet, wéi een ass a wien een ass. Dofir muss een natirlech Zäit a Gedold hunn.

An engem gleewege Kontext kann een och d’Anamnes maachen vun der grousser Geschicht, wéi d’Männer a Fraen iwwer d’Jordausenden op ënnerschiddlech Art a Weisen hire Wee mam Härgott gemach hunn. Bei Chrëschten heescht dat awer och sech un dem Jesus seng Geschicht a Wierder erënnern. Wéi ass déi Erënnerong méiglech, ouni datt een d’Bibel liest an verënnerlecht? Et ass nëmmen esou datt en Dialog tëschent senger eegener Geschicht an der grousser « Heilsgeschicht » méiglëch gëtt.

Da kann den Trauregen a Bedréckten e Wuert vun der Wouerecht zu senger eegener Situatioun soen, geloossen, wou hien och akzeptéiert, datt hien nëmmen een Deel vun eppes Gréisseres ass an datt hie Kraaft fënnt fir sech op e neits op de Wee ze machen.

***

Dës biblesch Perspektiven zum Trouscht kéinten hëllefräich sinn, wann mir probéieren am Kader vun der Veréirung vun der “Tréischterin” konkret iwwer de Sënn an d’Missioun vun der Oktave nozedenken. Ech géng gären dat ganzt fixéieren mat Hëllef vun dem neien Éierentitel vun Maria, den ech am Ufank annoncéiert hunn: Memoriae custos. Et ass am Fong en Titel deen am déiwen Aklang mat der Duerstellung vum Maria am Neien Testament steet. Zweemol gëtt d’Maria präsentéiert als déi Persoun déi Evenementer a Wierder an sech erageholl an doriwwer nogeduecht huet fir ze probéieren ze verstoen: bei der Gebuert vum Jesus an deem wat d’Hiirden doriwwer erzielt hunn, ewéi och bei der Entscheedung vum 12-jähregen Jesus fir sech schonn ëm sengem Papp seng Saachen ze bekëmmeren. Maria, Memoriae Custos, ass och déi Persoun déi am Magnificat hir eege Geschicht innerhalb vun der grousser Geschicht vun hirem Vollek mam Härgott situéiert, Geschicht déi mam Verspriechen dem Abraham géintiwwer ugangen ass an déi elo duerch d’Liewen vum Jesus a vun der chrëschtlecher Gemeinschaft weidergeet. Eis Welt ass tatsächlich dacks eng Welt ouni Gediechtnes an dann och ouni Visioun. Vläicht kann d’Veréierung vu Maria, memoriae custos a consolatrix afflictorum e Wee vun der Hoffnung fir Mënschen vum haut weisen. Mat Sécherheet hätt si sech kënnen dat Luewgebiet vum Paulus zu eege machen, dat Gebiet dat mir an der zweeter Liesung vun der Ave spes nostra Mass fannen (2 Ko 1, 3-7). Den Trouscht der si ons proposéiert, huet séng Quell am Härgott:

3 Béni soit Dieu, le Père de notre Seigneur Jésus Christ, le Père des miséricordes et le Dieu de toute consolation;
4 il nous console dans toutes nos détresses, pour que nous puissions consoler tous ceux qui sont en détresse,
par la consolation que nous-mêmes recevons de Dieu.
5 De même en effet que les souffrances du Christ abondent pour nous,
de même, par le Christ, abonde aussi notre consolation.
6 Sommes-nous en difficulté?
C’est pour votre consolation et votre salut.
Sommes-nous consolés ?
C’est pour votre consolation qui vous fait supporter les mêmes souffrances que nous endurons nous aussi.
7 Et notre espérance à votre égard est ferme :
nous savons que, partageant nos souffrances, vous partagez aussi notre consolation.

Wann d’Maria « consolatrix afflictorum » genannt gi kann, dann ass et well si de Mënschen hir Leed deelt a matdréit, an der Erwaardung vum Trouscht dee vum Härgott kënnt. Eis Veréierung vum Maria, « Consolatrix afflictorum » an Ikon vum Härgott sengem Trouscht, soll ons a Bewegung setzen, fir selwer Männer a Fraen vum Trouscht ze ginn,

  • Mënschen, déi sech hiere eegener Plaz an der Weltgeschicht an der Heilsgeschicht bewosst sin,
  • Mënschen, déi op d’Jäizen héieren, vun denen déi ausgebeut gin, déi bedréckt, traureg, oft alléng an ouni Geschicht sin,
  • Mënschen, déi als go’elim a paraklêtoi, advocati a consolatores, sech am Déngscht vun denen « afflicti » stellen

…an dat nët nëmme während der Oktave.

Thomas OSBORNE
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu