lb fr pt en
Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés  
Abrëll 2005

Den Titel “Consolatrix afflictorum”: theologisch, historisch, sozial

“Consolatrix afflictorum”: ’t kënnt ee mengen, dat wier en alen Hutt. Mä Mëtt Mäerz 2005 fannen sech am Internet ëmmerhin, laut Yahoo-Sichmaschinn, ëm déi 460 Androungen zu deem Stéchwuert. Ass d’Iddi vun der “Consolatrix afflictorum” also am Géigendeel e Renner?

Ech versichen dës Unitéit iwwer den Titel vun der Tréischterin fënneffach opzezéien, all Kéier op engem anere Regester, interdisziplinaresch also: theologesch, historesch, literaresch, geographesch a sozial.

1. Theologesch

1.1. Gi mer aus vum Mënsch. Getréischtginn - mir maachen all d’Erfarung - ass eppes zudéifst Mënschleches a Begléckendes. An enger Leedsituatioun getréischt ginn, deet äis gutt. Getréischtginn, dat ka geschéien doduerch dass ee bei äis ass a mat äis fillt, mat äis schweigt oder äis encouragéiert, oder awer äis ënner d’Äerm gräift an äis konkret hëlleft. Fir deen, deen tréischte wëllt, gëlt, laut engem Diktum vum Fundamentaltheolog Heinrich Fries: “Wer trösten will, muss mitleiden können.”[1]

1.2. Mat-leiden! Op dës Aart a Weis, duerch Mat-Leiden, hëllt och Gott Undeel um mënschleche Leed. Matleidend, mat äis leidend, ass hien präsent am mënschleche Leiden. “Wer trösten will, muss mitleiden können.” Hie leid mat, well e selwer d’Situatioun vum Leiden vu bannen hir kennt, jo se um eegene Läif erfuer huet, am Kräiz vu sengem Jong. D’Passioun vu Christus ass den Erwäis derfir, dass Gott d’Leiden net verschmäht. Schon eleng esou spennt hien Trouscht: Schmäerz a Leed si Gott net friem, duefir sinn och Schmäerz a Leed vum Mënsch keng Plazen, deenen hien sech ging entzéien, Plaze wou Gott wäit ewech, wou e fort wier, mä villméi sinn si Plazen, wou hien do ass a mat äis ass. D’Leiden trennt net vu Gott, mä et verbënnt mat Gott - dee selwer Leed a Leiden kennt. Et ass eng gemeinsam Erfarung vu Gott a Mënsch.

Eisen Usazpunkt ass also dee vun der Kräizestheologie. D’Kräiz ass awer och Zeeche vum iwwerwonnene Leed, well et ofgeléist gët duerch d’Operstehung. De Gekräizegten ass den Operstanenen, den Operstanenen ass de Gekräizegten. Och dat ass vu vireran eng Trouschtperspektiv, se seet: All Leiden ass provesoresch an ass derzou bestëmmt ëmgewandelt ze ginn. A well de Jesus den éischten ass, deen dat esou erfiert, ass hien och den éischten, deen äis dës tréischtlech Perspektiv virun Aen hällt. Hien ass deen éischten, deen tréischt, hien ass d’Quell vun all Trouscht. Mer sinn also hei, beim Trouschtgedanken, am Zentrum vum chrëschtleche Glaf, nämlech beim Paschamystère.

Gi mer nach e Schratt weider. De Jesus schenkt Trouscht ë. a. duerch den Hellege Geescht, deen e schéckt - biblesch a liturgesch bezeechent als Tréischtergeescht, “Tröstergeist”, “Consolator optimus”, “Paraklet”[2]. Dësen Trouscht kënnt un beim Mënsch do, wou de Geescht um Wierk ass, z. B. bei der Feier vun de Sakramenter.[3]

Hale mer also fest - en éischte Punkt: Gott, deen dräifaltege Gott selwer, ass et, deen tréischt. Gott ass de Gott vun all Trouscht!

1.3. Den Trouscht geet vu Gott aus, an e geet op Maria iwwer. Gewëss, mer veréieren Maria als eng aktiv tréischtend Gestalt. Dat muss awer erklärt ginn. Si brauch och hirersäits Trouscht, si muss selwer getréischt ginn. Maria ass net selwer den Trouscht, si ass fir t’éischt emol déi, déi emfängt - vu Gott als dem Tréischter. Grad ënner dem Kräiz brauch si selwer Trouscht. Do leid si, do gëlt och fir si, am Hibléck op hir spéider Roll als Tréischterin: “Wer trösten will, muss mitleiden können.” Wat hir duerch d’Kräiz geholl gët, kritt se duerch d’Operstehung zréckgeschenkt. Et gët eng ganz ausserbiblesch Traditioun - se geet zréck bis op d’Kirchenväter -, beluecht ë. a. duerch den hl. Ignatius vu Loyola, déi schwätzt vun enger freedeger Begéignung vu Maria mat hirem operstanene Jong, deen säin an hiert Leed iwwerwonnen huet[4], an deen sech och eist Leed zu eege mécht fir et ze iwwerwannen.[5] Esou beschreift den Ignatius an der 4. Woch vu sengen Exerzitien, an der éischter Betrachtung, “wie Christus unser Herr unserer Herrin erschien”, an e recommandéiert, dëst “Tréischteramt ze betruechten, dat Christus, eisen Här, ausübt, an et domat ze vergläichen, wéi Frënn een den aner tréischten”. Den Ignatius huet dës Begéignung aus der “Vita Jesu Christi...” vum Ludof vu Sachsen (1300-1378) entholl. Well Maria duerch hire Jong getréischt gët, bied de Ludolf si, och him selwer zur Tréischterin ze ginn[6]:

“O Maria, Gottesgebärerin und gnadenreiche Jungfrau, wahre Trösterin aller Verlassenen, die zu dir rufen, durch jene große Freude, mit der du getröstet wurdest, als du erkanntest, dass der Herr Jesus am dritten Tage frei von Leiden von den Toten auferstanden ist: Sei du die Trösterin meiner Seele und mache mich für würdig, mir bei deinem und Gottes eingeborenem Sohn am Jüngsten Tage, wenn ich mit Seele und Leib auferstehen und über meine einzelnen Taten Rechenschaft ablegen werde, zu helfen, dass ich es vermag, dem Urteil ewiger Verdammnis durch dich, fromme Mutter und Jungfrau, zu entgehen und mit allen Auserwählten Gottes glücklich zu den ewigen Freuden zu gelangen. Amen.”

Den Operstanenen ass also den Trouscht fir Maria. T’ass d’Iddi vum “Regina coeli, laetare”, dee mer an der Oktav sangen: Maria soll sech freën iwwer hire Jong, deen operstan ass: “Resurrexit, sicut dixit...” Als selwer getréischt, kann si dann zur Tréischterin fir anerer ginn.

De Jesus ass engersäits Trouscht fir Maria, anerersäits gët och si zur Tréischterin, fir hien a fir äis. Fir hien: D’chrëschtlech Frömmegkeet gesäit dat op zwou Plazen lokaliséiert: an der Begéignung mam Jesus ënnert dem Kräiz an och scho virdrun um Kräizwee. Maria erfiert selwer ënnert dem Kräiz, wat Leiden ass, se hällt duerch a gët domat e Beispill vun Duerchhalen. Schon eleng dat stäerkt, schon eleng dës gemeinsam Erfarung a Solidaritéit mat de Mënschen, déi leiden, schenkt Trouscht.

Derbäi kënnt hiert aktivt an direkt Intervenéieren, dat mer bei hir froen. Och dofir heescht et am “Regina coeli”: “Ora pro nobis Deum, alleluja.” (Bitt Gott ür uns Maria). Den Alfons Benning, op deen ech mech hei beruffen, schwätzt vun enger Bréckefunktioun vu Maria, Maria als Bréck: “Für den Trost besitzt sie so etwas wie eine Brückenfunktion: Durch ihre Fürbitte bei Gott baut sie dem Trost eine Brücke zu den Menschen.”[7] Maria als Bréck, dat ass e Bild, dat am Akathystos-Hymnus virkënnt: “Sei gegrüßt, unsere Brücke von der Erde zum Himmelreich”, steet do. Si dréit dat, wat äis bedréckt, viru Gott an erwierkt äis säin Trouscht.

Mat deër Bréckefunktioun ze dinn huet d’Bild vu Maria als Leeder, et ass e Bild aus der westlecher an der östlecher Traditioun. An der westlecher Traditioun ass si d’”Scala Jakob”, d’Leeder, déi de Jakob am Dram gesinn huet a wou d’Engelen erop bei Gott ginn. Domat ass si d’Symbol vum mënschechen Ukomme bei Gott; e Bild vum éiwege Liewen, dat eist lescht Zil ass, a wouhin si virausgeet, d’Trap op, d’Leeder erop. Déi östlech Traditioun kristalliséiert sech an enger weiderer Uruffung vum Akathystos-Hymnus: Maria ass déi himmlesch Leeder, op deër Gott erofgeklommen ass bei d’Menschen (“Sei gegrüßt, Himmelsleiter, darauf Gott herniederstieg”). Béid Traditiounen, déi westlech an déi östlech, soen: Maria ass d’Leeder, oder d’Bréck iwwer déi de Kontakt mat Gott, eist Higoe bei Gott a säi Komme bei äis, méiglech gët.

1.4. Maria ass och ëmmer, theologesch gesinn, d’Personnifikatioun vun der Kierch. Hei ass nach emol op déi spirituell Tournure vum hl. Ignatius hinzeweisen: Maria gët duerch d’Operstehung vun hirem Jong getréischt.[8] Well si gesäit als éischt de verherrlechte Läif vu Christus a gët him, als déi personnifizéiert Kierch, agegliddert. Esou hëllt elo schon d’Kierch deel un der Freed an um Trouscht vun der Operstehung.[9] Mat Maria ass d’Kierch erageholl an déi tréischtlech Perspektiv vun Ouschteren. Och esou gët Maria, als grouss Symbolgestalt vun der Kierch, zur Tréischterin. Heira fënnt d’Schlussoratioun vun eiser Oktavmass hir Bedeitung: “Schenke uns die Kraft, mit der Mutter Jesu unter dem Kreuz zu stehen und das Leiden ihres Sohnes zu teilen, damit wir (d. h. d’Kierch; gh) auch teilhaben an seiner Auferstehung.”

1.5. Duefir gët Maria ugeruff an allen irdeschen Néit vun de Mënschen, fir do ze intervenéieren, fir do Problemer ze léisen. Den Irenäus vu Lyon gebraucht schon am 2. Joerhonnert d’Bild vun der “Knotenlöserin”. Et gehéiert zur reliéiser Praxis vu ville gleewege Mënschen, och einfache Mënschen, datt si spontan an hire Néit virun engem Muttergottesbild eng Käerz ufänken an esou hiert Vertrauen op d’Hëllef vu Maria zum Ausdrock bréngen. Wat kann den Trouscht vu Maria bewierken? Et kann d’Léisung vun engem Problem sinn oder de moralesche Bäistand, fir bei engem Problem net ze verzweifelen, mä duerchzehalen. Dësen Trouscht gët äis wéi neie Buedem ënnert de Féiss, nämlech d’Gewëssheet, dass an alle Schicksalsschléi Gott äis net verléisst, mä zou äis steet. Trouscht ass dann d’Zouso, dass Gott äis net eleng léisst.

Zwou Implikatiounen.

1.6. “Trösterin der Betrübten” ass en éischterlechen Titel: Maria hëllt deel um Ouschtersig vu Christus, wat de Bëschof Jean Hengen villfach betount huet a sengem Magistère. Hie schlussfolgert an engem Artikel: “Er bestärkt uns im festen und unverlierbaren Vertrauen auf die Erfüllung der gegebenen Verheißung, die mit dem Ostersieg Christi sich verwirklicht hat. (...) Mit diesem österlichen Herrn, der für uns starb und auferstand, blieb Maria innigst verbunden. Mit ihm hat sie Leid und Tod überwunden. So ist sie mit Recht zum Zeichen der sicheren Hoffnung und des Trostes geworden.”[10] Duefir ass et sënnvoll, dass eis Oktav an der Ouschterzäit gefeiert gët.

1.7. Bei dem Titel schwéngt vu sech aus och d’Bild vun der Schmäerzensmadonna, der Pietà, mat, nämlech Maria ënnert dem Kräiz. Obwuel d’Lëtzebuerger Tréischterin sech als gekréinte Kinnigin presentéiert, net als Schmäerzensfra. Dës Diskrepanz tëscht Titel a Bild wëllt reflektéiert ginn. T’ass Maria um Karfreidech a Maria op Ouschterdag. Kënnt een dëst net deiten als Ausdrock vun eisem Liewen: de Karfreidech gehéiert derzou wéi den Ouschtersonndeg, d’Leed an d’Iwwerwanne vum Leed. Vläicht esou wéi d’Pietà vum Michelangelo, wou zwar Maria den doudege Christus um Schouss dréit, awer béid net traureg, mä verklärt duergestallt sinn, béid a jonker Schéinheet, wou dat neit Operstehungsliewen schon duerch Leed an Dout eduerch transparent gët, am Senn vun der johanneëscher Theologie.

1.8. “Consolatrix afflictorum!” D’Fro stellt sech: Wien sinn d’”afflicti” haut, déi solle getréischt ginn? Wende si sech u Maria? D’”afflicit” sinn all déi, déi vum Liewen niddergedréckt ginn, déi verwonnt oder vun haarde Schicksalsschléi getraff sinn. Ginn si vu Maria getréischt? Trouscht an eisem Sënn ass eng reliéis Kategorie a sëtzt de Glaf viraus, en ass keen Automatismus, keng innerweltlech technesch Problemléisungsinstanz. Dës Aart Trouscht ass eng iwwernatierlech, e gët nëmme geschenkt, wann een dru gleeft, d. h. derfir eng Antenn, d’Disponibilitéit huet. An nach eng Ofgrenzung: Et geet bei dësem Trouscht net ëm Hëllef aus dem Beräich vun der Psychiatrie - mä sougur an der Psychiatrie musse Patienten dodru gleewen, soss bewierkt och déi näischt.

2. Historesch

2.1. Den Trouschtgedanken gët scho bei eenzelne Kierchepäpp, vum 4. Joerhonnert un, mat Maria a Verbindung bruecht. Am Mëttelalter entstinn dann Noutlitanien, wou Maria ugeruff gët als “gütiger Trost der zu dir Fliehenden” an “Trost der Bedrückten”; a Reimlitaneien am 15. a 16. Joerhonnert als “Trösterin der Sünder”, “Trost der Verlassenen - Mitleid der Betrübten”, “Heiliger Trost der Betrübten”, “Trösterin der Weinenden”. Zënter dem 12. Joerhonnert existéiere Gnodebiller a Wallfahrten zur Tréischterin a gët d’Consolatrix-Iddi e verbreetend, volkstümlecht Motiv.[11]

Am Mëttelalter war d’Schmäerzensmamm méifach Inhalt vu Visiounen, an dat op verschiddene Plazen an zu ënnerschiddlechen Zäiten, vu Schweden bis Spuenien. Am éischten Offenbarungsbuch vun der hl. Birgitta vu Schweden seet de Jesus zu senger Mamm: “Du bist wie das kostbare Gold, das auf dem eisernen Amboss gehämmert worden ist, denn du bist mit unzähligen Schmerzen geprüft worden. Durch mein Leiden hast du mehr gelitten als je ein Mensch.”[12]

2.2. D’Lauretanesch Litanei, déi sech am Mëttelalter lues entwéckelt, besteet aus verschiddene Gruppe vu Muttergottesuruffungen. Eng Grupp besteet aus véier Nothelferin-Uruffungen: Heil der Kranken (salus infirmorum), Zuflucht der Sünder (refugium peccatorum), Trösterin der Betrübten (consolatrix afflictorum), Hilfe der Christen (auxilium christianorum). D’Prädikat “consolatrix (consolatio) afflictorum” fënnt een fir d’éischte Kéier an enger ëm 1400 entstanener Reimlitanei, déi dem hl. Bonaventura zougeschriwwe gët. En aneren Auteur, den Arnoldus Religiosus, féiert a senger Samschdeslitanei “consolatio desolatorum” un.

Déi véier Uruffungen gräifen op, wat scho vum 2. Joerhonnert un d’Kierchenväter a -lehrer Irenäus, Justin, Cyrill vu Jerusalem, Ambrosius a Johannes vun Damaskus vu Maria soen. Se gesinn a Maria déi grouss Helferin a Fürspriecherin, net nëmme bei iwwernatierleche Belangen vum Mënsch, mä och an eise konkrete Suergen an Néit vum Liewen wéi Kranksinn, moralescht Versoen, séilesch Trauer a Verloossenheet. Theologeschen Ausgangspunkt ass d’Eva-Maria-Parallele: D’Eva war duerch de Sëndefall d’Quell vum Onheel vun der Mënschheet, Maria gët d’Ursaach vum Heel, well si der Welt de Retter schenkt an domat de Paradies, deen zënter der éischter Eva verluer gaangen ass, erëm hierstellt. Duerch déi zweet Eva gët de Schued, deen entstan ass, behuewen. Si ass bleiwend mat hirem Jong verbonnen, deen Erbaarmen huet, als seng Jüngerin a Gehilfin. Si wierkt weiderhin an der Heilsgeschicht vu sengem Vollek.[13] D’Aktualiséierung vun der Eva-Maria-Parallell kënnt een esou gesinn: Wat d’Mënschheet vun Ufank un gefeelt huet (duefir steet d’Eva), dat gët duerch Maria erëm wettgemat.

All dat bréngt Mënschen derzou ze bieden: “Unter deinen Schutz und Schirm fliehen wir, o heilige Gottesgebärerin, verschmähe nicht unser Gebet in unseren Nöten, sondern erlöse uns in jeder Zeit von allen Gefahren!” Duefir gët Maria als Schutzschëld symbolesch duergestallt, oder als befestegt Stad, déi géint all méiglech Feinden schützt.

2.3. “Tröstern der Betrübten” ass ee vun den Titelen, déi op mënschlech Néit an Hoffnung op Hëllef duerch d’Muttergottes hiweisen, esou wéi “Mutter der Barmherzigkeit”, “Maria-Hilf”, “Maria vom Sieg”. Esou Titelen, vereenzelt schon am Spéitmëttelalter bekannt[14], verbreede sech an der Zäit no der Reformatioun, wat eng Blütezäit vun der Marienwallfahrt gët.

2.4. Zu Bologna ensteet am Spéitmëttelalter eng Maria-Trost-Erzbruderschaft vum Augustineruerden a verbreed am 17. an am 18. Jorhonnert d’Veréirung vun der “Maria vum Trouscht (Maria vom Trost)” an aller Welt. Dobäi gët d’Mamm vum Trouscht och zur Landespatréinesch vum Fürstentum Liechtenstein.[15]

2.5. Firwat de Pater Brocquart vun Thionville fir dat Mariebild, dat hien um Glacis opgestallt huet, den Titel “Consolatrix afflictorum” wielt, duefir gi méi Erklärungen ugefouert.[16] Entweder en huet en aus engem vun deene villen Trouschtbicher erausgeholl oder en huet sech duerch d’Wallfahrt Sewen am Elsass inspiréiere gelooss; oder awer e leed en aus de widdregen Zäitëmstänn hir wéi Pescht, Krich, Deirecht an Elend, an dat ënnert dem Undriff vun der Lauretanescher Litanei, déi den Titel féiert. Méiglecherweis hu méi Grënn konvergent matgespillt. Esou oder esou, den Trouschtgedanken war um Ufank vum 17. Joerhonnert aktuell an dem Pater Brocquard virginn. Esou gouwen et virun der Lëtzebuerger Wallfahrt Plazen, wou Maria als Tréischterin am Leed oder mat enger ähnlecher Trouscht-Uruffung veréiert gouf, wéi zu Werne, Marienborn bei Mainz, Widdern bei Bamberg, Vilvorde an Belgien, Laeken, Léck, Turin...

De marianeschen Trouschtgedanken loug deemols an der Loft. E weideren Indiz dofir: Fir an der Nout vum Drëssegjährege Krich a senge katatstrophale Folgen fir d’Stad Iechternach Maria unzeflehen - datselwecht Motiv, dat zur Erwielung vun der Tréischterin zur Stad- a Landespatréinesch féiert -, baut den Abt Petrus Fisch 1654 déi Iechternacher Muttergotteskapell extra muros, “pro maiore confluentis populi devotione ac solatio” (zur Vermehrung der Frömmigkeit des herbeiströmenden Volkes und zu seinem Troste), wéi eng Insriptioun ugët.[17]

2.6. Dat II. Vatikenescht Konzil gräift sengersäits den Titel op, andeems et vu Maria als “Zeichen der sicheren Hoffnung und des Trostes für das wandernde Gottesvolk” schwätzt (Konzilskonstitutioun “Lumen gentium” Nr. 68). Deeselwechte Gedanken am Zesummenhang mat Maria geet haut weider. 1998 huet de Poopst Jean-Paul II. d’Vollek an d’Kierch vu Mozambique der Muttergottes, ë a. an hirer Eegenschaft als Tréischterin vun de Betrübten, geweit.

3. Den Titel a senger Verbreedung - geographisch

3.1. Duerstellungen vun der Lëtzebuerger Muttergottes an domat och vum Titel gët et an der ganzer Welt, wou Zaldoten, Emigranten oder Missionaren e Bild matgeholl hunn. Am bekanntesten si Kevelaer um Nidderrhäin, wou zënter 1642 eng bedeitend Wallfahrt ëm e klengt Andachtsbild vun der Lëtzebuerger Consolatrix entstan ass[18], oder och Carey an Amerika (Ohio)[19]. Systematesch duergestallt sinn dës Plazen an der Zesummestellung vum fréieren Dompfarrer Michael Faltz “Unsere Liebe Frau von Luxemburg im Ausland” (1958) an an der Broschür vum Aloyse Biehl “Unsere Liebe Frau von Luxemburg in den 5 Kontinenten” (1978). D’Lëtzebuerger Consolatrix ass an alle fënnef Kontinenten punktuell unzetreffen, irgendwéi erschéngt se wéi e “global player” ante litteram. An der Virhal vun eiser Kathedral gi 86 Kierchen, Kapellen a Statuen ugeféiert, déi nom Titel vun der Consolatrix afflictorum benannt sinn: nieft Lëtzebuerg 8 an Europa, 36 an Afrika (dorënner och en afrikanescht “Kevelaer”), 15 an Asien (Ozeanien), 13 an Nordamerika an 13 a Südamerika.[20]

3.2. Geographesch an zäitlech ass festzehalen, dass den Titel respektiv d’Iddi vun der “Consolatrix afflictorum”, och onofhängeg vu Lëtzebuerg, verbreed war an ass. Et ass also keng Lëtzebuerger Eegenaart, obwuel eis Oktav duerchaus hir eege Prägung huet.

E puer Beispiller siewe genannt.

3.2.1. Zu Wien ass am Stadzentrum net wäit vum Stephansdoum, an der Kapuzinerkierch en Uelechtableau vun der “Trösterin der Betrübten”. E Kapuziner hat et 1727 vu Roum matbruet. Et ass an engem Marmeraltor an der Keeserkapell opgestallt, deen d’Keeserin Maria Theresia gestëft hat an deen sech iwwer der Gruft vun den Habsburger befënnt.[21]

3.2.2. Zu Maria Plain bei Salzburg koum zënter 1652 - déiselwecht Zäit wéi d’Lëtzebuerger Wallfahrt entsteet - e Bild vu “Maria Trost” zu Eieren. Hei huet ë. a. d’Famillje Mozart Hëllef a schwiereger Situatioun gesicht. Et gët déi (allerdéngs ëmstridden) Hypothes, de Wolfgang Amadeus hätt seng Kréinungsmass fir d’Kréinungszeremonie vun dësem Bild 1751 komponéiert.[22]

3.2.3. En Ofleër vum Salzbuerger Gnodebild fanne mer am däitschen Nesselwang (Allgäu), an der dorteger Wallfahrtskierch “Maria Trost”. An der Paderborner Busdorfkirche erënnert e Steen mat der Inschrift “Consolatrix afflictorum” un e Klouschter vu 1680.[23] A Bayern dréit “U. L. F. von Föching” ë. a. och den Titel “Gewaltige Trösterin der Betrübten”.[24]

3.2.4. Zu Paräis gët et - nieft zwou Statuen vun der Lëtzebuerger Tréischterin an der Kierch St. Joseph l’Artisan an der Rue Lafayette[25] - zwou weider Plazen, déi mam Titel “Notre-Dame de Consolation” verbonne sinn: eemol déi fréier Abteikierch Saint-Germain-des-Prés, an deër eng mëttelalterlech Marmerstatue ganz volkstümlech veréiert gët[26]; soudann eng Kapell net wäit ewech vun der Place de la Concorde an de Champs Elysées, déi als Memoria fir eng verheerend Feierkatastroph op engem Bazar de Charité Enn des 19. Joerhonnert opgeriicht ginn ass.[27] Zu Trinité/Fécamp an der Normandie ass desgläichen eng Statue vun der “Consolatrix afflictorum”.

3.2.5. Mer fannen eng Statue vun der Tréischterin - Maria mat Kand a spuenescher Kleedung - an der Namurer Kierch Saint Jean Baptiste, an eng Pietà mat dem Titel zu Léck an der Eglise Saint-Jacques, nieft villen aneren Uertschaften an der Belsch, wou Maria als “Consolatrice” veréiert gët.[28]

3.2.6. Och an Italien ass d’Uruffung verbreed. Zu Roum gët et am Staddeel Casalbertone un der Via Tiburtina d’Parkierch S. Maria Consolatrice, fréier Titelkierche vum Kardinol Ratzinger.[29]

An an der réimescher Kierch S. Camillo de Lellis eng Immakulata-Statue ouni Kand mam Titel “Consolatrice degli Afflitti”. Vill Sanctuairen gët et an Italien zu Eiere vun der “Consolata”, esou zu Turin - d’Consolata ass Patréinesch vun der Stad a vum Erzbistum - d’Kierch S. Maria Consolatrice, eng vun den traditiounsräichsten Wallfahrtskierchen am Piemont[30], oder Biller mat enger “Addolorata”, d. h. enger Schmäerzensmadonna, wéi zu Varese (Basilika S. Vittore).

3.2.7. Och déi orthodox Kierch kennt e Fest vun der “Trösterin der Betrübten”, zënter d’Schwëster vum Moskauer Patriarch 1688 virun engem Bild mat deem Titel geheelt gi war. Et ass 1711 op St. Petersbuerg iwwerdroe ginn, wou d’Kinnigin Elisabeth hir eng Kierch mat deemselwechten Titel baue gelooss huet.[31]

3.2.8. Ähnlich gët et den Titel an der Slovakei an a Polen (Drohiczyn).

4. E Beispill aus der Literatur: d’Gretchentragödie am Goethe sengem “Faust”

4.1. E Wuert zum protestantesche Kontext, fir de Goethe, selwer Lutheraner, ze situéieren: An der Romantik gët protestanteschersäits, als Reaktioun op d’Zäit vun der Aufklärung, Maria op en neits duergestallt als déi, déi ëm hire Jong trauert, vun deër Trouscht a Freed ausginn an déi op hir Veréirer e wohltuenden Afloss huet.[32]

4.2. Hei eng Bewandnis, déi och indirekt mat Lëtzebuerg ze dinn huet. T’war am Oktober 1792. De Goethe war mat sengem Landeshär, dem Herzog vu Sachsen-Weimar, um Réckzugsgefecht virun der franséischer Revolutiounsarméi zu Lëtzebuerg. Ob hien an denen aacht Deeg d’Bild vun der Tréischterin gesinn huet, ass net gewosst. Fest steht: Hien, de liberale Lutheraner, musst irgendwinni a sengem Liewen en Zougank fonnt hunn, mindestens passiv, zur Consolatrix afflictorum.

Steet dach eent vun de suggestivste Gedichter un d’Schmäerzensmadonna a sengem Lieweswierk Faust, méi präzis an deem Deel, deen als d’Gretchentragödie bezeechent gët. Als Mater dolorosa ass d’Muttergottes eng Zuflucht fir déi jonk Fra Gretchen an hirer Nout. Vum Mephisto hat d’Gretchen mam jonke Faust sech verféiere gelooss. Si erwaard elo e Kand a weess net méi, wéi et weidergoe soll. Am Zwinger, engem Raum tëschent zwou Stadmaueren, stécht se Blummen an eng Vas virum Mariebild an enger Nisch, esou wéi et der hei an eiser Stad och en etlech gët. D’Gretche mécht sech Loft, andeems et mat beweegtem Häerz bied - et handelt sech heibäi ëm eng fräi Nachahmung vum “Stabat Mater dolorosa”, dat dem mëttelalterlechen Jacopone da Todi zougeschriwwe gët a méifach vertount ginn ass[33]. D’Gretchen bied also an hirer existenzieller Kris:

“Ach neige,
Du Schmerzenreiche,
Dein Antlitz gnädig meiner Not!
Das Schwert im Herzen,
Mit tausend Schmerzen
Blickst auf zu deines Sohnes Tod.
Zum Vater blickst du,
Und Seufzer schickst du
Hinauf um sein’ und deine Not.
Wer fühlet,
Wie wühlet
Der Schmerz mir im Gebein?
Was mein armes Herz hier banget,
Was es zittert, was verlanget,
Weisst nur du, nur du allein!”

Veranschauleche mer äis all déi Gebieder, déi an eiser Oktav virum Bild vu Maria ähnlech gesot, geduecht, gekrasch, jo ënnerlech gejaut ginn: “Ach neige, du Schmerzenreiche, dein Antlitz gnädig meiner Not!” Mer stinn an anger laanger Rei mat Dausenden, déi hei Trouscht gesicht hunn. De Goethe gët hei der Mariefrömmegkeet vum Vollek en déife poeteschen Ausdrock a breed déi spéider Szen vun der Erhéiung vun der Mater Gloriosa an den Himmel vir.

4.3. Dëst Motiv vun der Zuflucht zu Maria an der villfacher, och sozialer a psychescher Bedrängnis, ass en zentrale Gedanke vun eiser Oktav. An déiselwecht Iddi geet spéider iwwer op en anere bekannten däitschen Auteur, den Alfred Döblin. A sengem literaresche Schaffen gewënnt dat sozialt Moment an der Mariefrömmegkeet eng erausragend Roll: d’Tatsaach dass Maria fir d’Vollek, a besonnesch fir déi kleng Leit mat Trouscht an Hëllef an der Nout intervenéiert; dass si éischter op der Säit vum Affer als wéi vum Herrscher a Siiger steet. Dëst literarescht Motiv, net zulescht begrënnt am Magnificat-Gesank, fënnt duerch den Döblin Agank an déi däitsch erzielend Dichtung, d’Epik, vum 20. Jorhonnert: Maria als Firsprecherin, Maria als Symbol vum Schutz vun uewen!

4.4. Zréck bei de Goethe a säi Faust an d’Gretchen. An den dramateschen Emstänn, wou si sech eramanövréiert, do gët si schëlleg, matschëlleg um Dout vun hirer Mamm, vun hirem Brudder a vum eegene Kand. An si weess net méi aus nach an, fir der Problematik Här ze ginn. D’Gretchen ass eng literaresch Figur, an dach fanne mir all äis an deem Personnage erëm: mir an eiser scholdhafter Verstréckung a mat eise Réckschléi; an eiser Ratlosegkeet virun de Problemer vun der Zäit; an eisem Sichen a Striewe no Sënn, no leschter Gebuergenheet, no Gléck an Zukunft. Vun elauter Suergen gët d’Gretchen zerfriess, an d’“Frau Sorge” als d’Personifizéierung vun all hirer ënnerer Onrou an hirer Gewëssensnout trëtt op.

Mä vun der “Frau Sorge” ass Maria de Géigepol: Bei hier kënnen d’Suergen deponéiert ginn, si hëlt engem se of a reecht se virun. Eis perséinlech Tragödie an engem oder méi Akten kënne mer hei zur Sprooch bréngen an thematiséieren. Jo, d’“Frau Sorge”, dat si gewëssermoossen mir! A Maria ass déi eigentlech “Mutter Courage”: Si hat Mutt beim Kräiz, hirem grousse Liewesdrama, an si gët och de Mënsche Mutt an hiren diverse Liewesdramen.

4.5. E Bou spant sech vum Faust I eriwwer bei de Faust II, vun der “Schmerzensreiche” bis hin zur “Gnadenreiche” am zweeten Deel, wou Maria als déi glécklech, strahlend Gottesmamm gefrot gët ëm Gléck a wou si dat, grad och dat lescht Gléck, net verseet. Als Mater gloriosa trëtt si elo ervir an hëlt d’”Büßerin, sonst Gretchen genannt” op, andeems si emphatesch als “Jungfrau, Mutter, Königin, Göttin” ugeruff gët. Dem Goethe säi Faust ennegt mat enger grandioser Visioun: mam gewaltege Chouer, mam Bekenntnis vun de Sënderinnen an enger Erscheinung vun der Madonna an héichromantescher Verklärung. Iwwert si seet de Speaker, wéi en d’Corona vun den Erléisten defiléiere gesäit:

“Dort ziehen Frauen vorbei,
Schwebend nach oben.
Die Herrliche mittenin
Im Sternenkranze,
Die Himmelskönigin,
Ich seh’s im Glanze.
Höchste Herrscherin der Welt!
Lasse mich im blauen,
Ausgespannten Himmelszelt
Dein Geheimnis schauen.”

Esou ka vum Faust gesot ginn, wéi och hien opgeholl gët, aus beruffenem Engelsmond, andeems seng Schold begradegt, jo gnodenhaft eliminéiert gët:

“Gerettet ist das edle Glied
Der Geisterwelt vom Bösen:
“Wer immer strebend sich bemüht,
Den können wir erlösen.”
Und hat an ihm die Liebe gar
Von oben teilgenommen,
Begegnet ihm die selige Schar
Mit herzlichem Willkommen.”

An d’Gretche waart do schon op säi geléifte Faust, si mat villen aneren ënnert dem Schutzmantel vun der Madonna, vun deër proklaméiert gët:

“Um sie verschlingen
Sich leichte Wölkchen,
Sind Büßerinnen,
Ein zartes Völkchen,
Um ihre Kniee
Den Äther schlürfend,
Gnade bedürfend.”

An de Chouer vun de Büßerinnen - si stellen äis Mënschen an eiser moralescher Schwaachheet an an eiser Verstréckung an dat Béist duer -, d’Béisserinnen empfänke Maria mat de Wierder:

“Du schwebst zu Höhen
Der ewigen Reiche,
Vernimm das Flehen,
Du Ohnegleiche,
Du Gnadenreiche!”

A Maria intervenéiert, fir d’Schold vun de Mënsche viru Gott nogelooss ze kréien an erweist sech an der leschter, der entscheedender Stonn, une fois de plus, als déi grouss Consolatrix. An d’Gretche selwer, “Una poenitentium”, sengt déi lescht Stroph vun der Rettung, zu deër Maria hiert bäidréit:

“Neige, neige,
Du Ohnegleiche,
Du Strahlenreiche,
Dein Antlitz gnädig meinem Glück!”

An éier de Rideau zougeet, gläichsam als Ausbléck an d’Eiwegkeet, séngt de Chorus mysticus, ënnert dem Stéchwuert “finis”:

“Das Unbeschreibliche,

Hier ist’s getan;

Das Ewig-Weibliche

Zieht uns hinan.”

5. Maria an de sozialen Engagement

5.1. Eisen theologeschen Ausgangspunkt ass deen hei: Gott tréischt, an dat encouragéiert Mënschen hirersäits ze tréischten.[34] An eng Implikatioun vum marianeschen Trouschtgedanken ass déi hei: Net nëmme Maria ass Tréischterin am Leed, mä och d’Kierch - duerch déi verschidden Wierkweisen, mat deenen si de Mënschen tréischtend zur Säit steet.[35] Dat ass awer keng nei, modern Erfindung. E Réckbléck an d’Mëttelalter beleed datselwecht. Op ville Plazen, esou a Lothréngen hei bei äis an der Noperschaft, stungen déi meescht mëttelalterlech Spedolsgrëndungen, wou et ëm d’Ophuele vu Kranken, Pilger an Aarmen gaangen ass, ënnert dem Patrozinium vu Maria als deër matleidender an zugläich Trouscht spendender Fra. Si war iwwer de Spedolsagäng oder um Altor an der Kapell duergestallt, als Mamm mam Kand oder als Schmäerzensmadonna.

5.2. De Kardinol Gantin huet de Gedanken an der Oktave 1991 esou op de Punkt bruecht: “Il ne servirait à rien en effet de venir prier Notre-Dame de consolation si nous refusions ou négligions d’apporter à notre prochain, immédiat ou éloigné, l’appui de la consolation que nous recevons nous-mêmes de Dieu par Marie; et surtout si nous ne prêtions pas attention à la manière mariale de consoler, discrète, humble, doucement et tendrement efficace.”[36]

5.3. De Pater Klopp S.J. hat bei der Auswäertung vun der Dräihonnertjoerfeier vun der Erwählung vun der Landespatrounin 1978 véier Froen opgeworf. Déi drëtt “geht um das Teilen mit den Ärmsten, den Hungernden, den Benachteiligten, den Handikapierten. Die marianische Spiritualität bringt uns zu einer sehr feinfühligen Ausübung der Nächstenliebe. Wir sollten im marianischen Jubeljahr das Einüben in das Teilen unseres Wohlstandes mit den Ärmsten, mit allen Randgruppen einüben.”[37] Dësen Opruff sollt net Stëmm vun engem Ruffer an der Wüste sinn.

5.4. Beim Jubiläum vun 1978 huet d’Lëtzebuerger Kierch drop verzicht, Maria zu Éieren Monumenter oder materiell Geschenker ze multiplizéieren. Se sëtzt villméi, stimuléiert vum sozial agestallten Deche vun der Gare Jean Heinisch, e konkret Zeeche vu Solidaritéit fir Mënschen an Nout a weess sech dobäi inspiréiert vun der Déngschthaltung vu Maria. Esou grënnt se en nationalt Wierk zugonschte vun physesch Handikapéierten an nennt et „Fondation du Tricentenaire“. Dozou am Réckbléck de Generalvikar Mathias Schiltz, Präsident vun der Stëftung:

„Et wor am Joer 1978. (...) An der Virberedung vun de Feierlechkeeten ass d’Iddi opkomm, deem Trouscht vun eiser Patréinesch eng ganz konkret Form ze ginn, hir souzesoen lieweg Hänn ze schenken, fir dass si an engem Beräich ganz wierksam hëllefen an Trouscht schenke kënnt. D’Wiel ass op d’Mënsche mat Handicap gefall, Fraën a Männer, aaler a Jonker. Firwat?

Denke mer un dat Wuert Consolatrix - consoler. Doranner stécht d’Wuerzel ’solus’ - alleng, déi mer och am Wuert ’isoléiert’ erëm fannen. Jo, deemols (...) waren déi handicapéiert Leit nach vill méi isoléiert a marginaliséiert ewéi haut. An dat huet och d’Famillje betraff, besonnesch d’Famillje mat engem handicapéierte Kand. Hinne sollt gehollef ginn, aus der Isolatioun erauszekommen, doduerch dass mer géifen déi aner Wuerzel aktivéieren, déi am Numm Consolatrix stécht: dat klengt Wiertche ’cum’ - ’mat’. Mat de Familljen vun den Handicapéierten a fir si sollt zu Walfer e Foyer geschaf ginn, wou si kënnten Entlaaschtung fannen, an deen zugläich eng Plaz vun der Begéignung sollt sinn. D’Wierk vum ’Tricentenaire’ war gebuer.”[38]

An dëser Optik ass an der Agangshal vum “Tricentenaire”-Foyer zu Heeschdref e Glasmosaik mat enger stiliséierter Tréischterin, vum Künstler Bernard Biersohn, ubruecht. Ähnlech iwwer dem Walfer Foyer op der Hausfassad.

Den Erzbischof F. Franck stellt esou de Bezug tëschent Maria an der Kierch hier, wat den “Tricentenaire” ugeet: “Verkörpert sich nicht die tröstende Haltung der Gottesmutter etwas in diesem Werk? Ist Maria ein Bild für die Kirche, so erscheint es umso tiefsinniger, dass sich das ’Tricentenaire’ als ein Werk der ganzen Luxemburger Kirche versteht. Mit Blick auf ihre Patronin hat diese in den vergangenen (...) Jahren, indem sie sich für die Stiftung interessiert und eingesetzt hat, das menschenfreundliche Antlitz Gottes widergespiegelt.”[39]

5.5. En anert punktuellt Beispill vun engem soziale Gest ënner marianesche Vierzeechen: Den Erléis vun der Fatima-Wallfahrt vu Christihimmelfahrtsdag 2004 stellen d’„Amitié Portugal-Luxembourg” an d’„Oeuvres paroissiales“ vu Nidderwolz zur Verfügung fir zwee Projeën géint d’Nout a Brasilien.[40]

5.6. De soziale Gedanken ëm Maria ass weltkierchlech, net zulescht ënner dem Afloss vun der deemols aktueller südamerikanescher Befreiungstheologie, thematiséiert ginn am Marianesche Joer 1987/88. Et sollt verdäitlecht ginn, dass iwwer Wallfahrten a Feieren eraus dat Marianescht Joer duerch eng sozial Dimensioun ze verlängere wier, an dat am Sënn vun enger “Kultur vun der Solidaritéit” an enger “integraler Promotioun vum Mënsch”. De Verantwortleche stung dobäi ë. a. virun Aen de Besuch vu Maria bei Elisabeth, fir hir bei der Gebuert vum Johannes ze hëllefen, hiert Intervenéieren zu Kana op der Hochzäit an hiert Wierken ënnert dem Kräiz, wou si mam Jesus zugonschte vun de Mënsche gelidden huet.

Esou huet dat Marianescht Joer e soziale Schwéierpunkt gesat, als en Aspekt vum “Kult in Geist und Wahrheit”, wéi en am Johannes-Evangelium proposéiert gët (Joh 3,24), d. h. e Kult, deen sech am Liewe verlängert, duerch Nächsteléift a konkreten Engagement fir Hëllefsbedürfteg, an dat an der Optik an an der Linn vu Maria. Maria gët dobäi net nëmmen als iwwernatierlech Tréischterin gesinn, mä als déijéinech, déi zum aktiven, innerweltlechen Trouscht all déi stimuléiert, déi sech op si beruffen - zugonschte vun deene Mënschen, déi hëllefs- a schutzbedürfteg sinn. De Programm vum Magnificat-Lidd, deen sech u Maria selwer erfëllt huet (Niddreger erhéichen, Hongereger mat Gowe beschenken, Erbaarmen entgéintbréngen), gët zum Programm vun der Kierch: gesongene Magnificat a praktizéierte Magnificat! Ass dat net déi beschte Weichestellung, fir ze verhënneren, dass marianesch Devotioun a Sentimentalitéit, Kitsch oder Bigotterie ausaart?[41]

An deemselwechte Geescht huet de Poopst Jean-Paul II. am Vatikan en Haus fir “sans abri” opgeriicht, mat dem Numm “Donum Mariae (Geschenk vu Maria)”; et gët betreit vun de Mutter-Teresa-Schwësteren.

5.7. An sengem Schreiwes “Marialis cultus” (Nr. 28) hat schon de Paul VI. ähnlech formuléiert: “Schließlich werden sie klarer erfassen, dass das Wirken der Kirche in der Welt gleichsam eine Weiterführung der Sorge Marias ist: denn die tätige Liebe der Jungfrau in Nazareth, im Hause der Elisabeth, in Kana, auf Golgotha... findet ihre Fortsetzung in der Sorge der Kirche für die Kleinen, die Armen und Schwachen, in ihrem ständigen Einsatz für den Frieden und die soziale Gerechtigkeit.”

5.8. Wéi e Fuedem innerhalb vun der Mariendevotioun ass d’Iddi vun der sozialer Aarbecht a vum Asaz fir Gerechtegkeet zugonschte vu Schwaachen, Kranken, Ënnerdréckten an Hëllefsbedürftegen vun all Zort aus enger marianescher Haltung eraus ënner Hellegen, Peepst, awer och am chrëschtleche Foussvollek ervirgetratt. Dëst aus dem Bewosstsäin eraus, dass et net nëmmen e Schwätzen iwwer Maria gi kann, net nëmmen e Bieden zou hir, mä och en Noahmen vun Maria - am Handelen.[42]

Den Titel “Consolatrix afflictorum” gët also zum Programm fir äis all, well a Maria fanne mer duergestallt, wéi eise Glaf soll sinn. Si ass jo eis Schwëster am Glaf, an de Modell vum Glaf. De Poopst Jean-Paul II. huet emol zu Castelgandolfo gesot (beim Angelus, den 18. September 1983): “Bridder a Schwësteren, leet der iech Rechenschaft of? Fir Maria als Tréischterin am Leed richteg ze veréieren, musse mir selwer virun der Welt transparent Zeeche vu gëttlechem Trouscht sinn... Et dierf kengem entgoen, dass an eise chrëschtleche Gemeinschaften d’Dignitéit vun de Mënsche gefërdert gët, geschützt a befreit gët, falls se verletzt ginn ass. Fir et mam Apostel ze soen: Mir sollen äis freën mat deenen, déi frou sinn, a kräische mat deenen, déi traurech sinn. (Rm 12,15). Fir dës Aufgab soll Maria äis... uspornen an e Virbild sinn.”

An de Kardinol Schönborn vu Wien mécht folgend Paraphras op de “Salve Regina” - domat schléissen ech. Et ass en Auszug aus den “Conférences de carême” an Notre-Dame zu Paräis vun 2004: „Or, c’est bien vrai que la vie terrestre nous fait traverser une vallée de larmes. Loin d’être pessimiste, cette image, reprise dans le fameux chant du Salve Regina, est une parfaite traduction de notre béatitude. Restons dans la métaphore: une vallée, certes, peut être étroite, sombre, pénible. Mais elle comporte deux éléments d’espérance: d’abord elle est orientée. Qui marche dans une vallée ne tourne pas en rond. La vallée conduit au large. C’est une autre image que celle de la roue du destin qui tourne infiniment. Et puis une vallée est ouverte vers le haut. Qui avance dans la vallée aura toujours au-dessus de lui la promesse du ciel ouvert.“[43]

Dat weist Maria äis.


[1] H. FRIES, Hoffnung, die den Menschen heilt, Freiburg-Basel-Wien 1979, 24ff.

[2] Cf. Pfingstsequenz, 2. an 3. Stroph: “Consolator optime, dulcis hospes animae, dulce refrigerium. In labore requies,in aestutem peries, in fletu solatium.” Op däitsch: “Höchster Tröster in der Zeit, Gast der Herz und Sinn erfreut, köstlich Labsal in der Not. In der Unrast schenkst du Ruh, hauchst in Hitze Kühlung zu, spendest Trost in Leid und Tod.” Cf. Magificat Nrn. 243 und 244.

[3] A. BENNING, Maria und der Trost, Löningen 1990, 6-10.

[4] M. KARGER, “Wie Christus unser Herr erschien unserer Herrin “. Zur Entstehung der ersten Auferstehungsbetrachtung in den “Geistlichen Übungen” des heiligen Ignatius von Loyola, in Geist und Leben 64 (1991) 106-128, hier 127f.

[5] “Maria ist also nicht die ursprüngliche Quelle des Trostes. Sie weist vielmehr von sich fort auf den Trost hin, auf Christus, den Auferstandenen, der alles Leid der Welt, auch das unsere, überwunden hat. Der Auferstandene ist die Quelle allen Trostes.” BENNING, Maria und der Trost, 13.

[6] A. WINTER, “Trösterin der Betrübten”. Mariologische Studien ( = Fuldaer Hochschulschriften 30), Frankfurt am Main 2003, 20.

[7] BENNING, Maria und der Trost, 17.

[8] Die Trösterin der Betrübten in der Spiritualität des heiligen Ignatius. Vortrag von Pater Jean-Claude Hollerich SJ im Centre Convict, an Luxemburger Wort (LW)

(23. 4. 1991) 6 ; V. INSOLERA, L’intensa devozione ignaziana a Maria “strada maestra” per giungere a Cristo, an L’Osservatore Romano (4. 4. 1991) 6.

[9] J.-M. HENNAUX, En apparaissant à la Vierge Marie, le Christ ressuscité a fondé son Eglise, an Nouvelle Revue Théologique 126 (2004) 33-48, bes. 45f: “Le corps de gloire du ressuscité est le corps de sa manifestation, de sa communication. Il n’est donc pas étranger à ce que nous appelons son ’corps mystique’. En apparaissant à Marie, le Christ ressuscité l’agrège, d’une manière définitive déjà, à son corps de gloire, à son corps mystique. Il fait d’elle son corps. (...) Il peut lui communiquer la totalité du salut et de la grâce, de telle sorte qu’associée à son oeuvre de salut depuis l’Incarnation, elle puisse devenir, après avoir participé de la manière la plus étroite à Sa passion, sa parfaite collaboratrice dans la diffusion même des fruits de la rédemption. En d’autre mots, le Christ la constitue figure personnelle de l’Eglise-médiatrice de toute grâce. Le Seigneur, en effet, ne veut rien faire sans l’aide, sans la médiation, de son Epouse, l’Eglise. Celle-ci intervient dans la dispensation de toute grâce.”

[10] J. HENGEN, “Maria - Trösterin der Betrübten”, an Consolatrix Afflictorum, das Marienbild zu Kevelaer. Botschaft, Geschichte, Gegenwart, Kevelaer 1992, 75-83, bes. 78ff.

[11] Ibid. 77.

[12] J. PELIKAN, Maria. 2000 Jahre in Religion, Kultur und Geschichte, Freiburg-Basel-Wien 1999, 135f.

[13] G. NITZ, Lauretanische Litanei, an Marienlexikon IV, St. Ottilien 1992, 33-44.

[14] K. GUTH, Geschichtlicher Abriss der marianischen Wallfahrtsbewegungen im deutschsprachigen Raum, in Handbuch der Marienkunde, hrsg. von W. BEINERT und H. PETRI, Regensburg 1984, 721-848, hier 754.

[15] A. ZUMKELLER, Trost, an Marienlexikon

VI, St. Ottilien 1994, 477-479.

[16] HENGEN, Maria, 75ff.

[17] P. KAUTHEN, Vor 350 Jahren entstand die Echternacher Muttergotteskapelle, an Die Warte (6. 5. 2004).

[18] Cf. Marienlexikon III, 1991, 547-549.

[19] Letzeburger Sonndesblad (6. 8. 2000) 1-7. M. FALTZ, Unsere Liebe Frau von Luxemburg im Ausland,

Luxemburg 1958, 132-145.

[20] WINTER, Trösterin der Betrübten, 13.

[21] G. HELLINGHAUSEN, Erwählung der Stadtpatronin vor 330 Jahren, an LW (10. 10. 1996) 17.

[22] GUTH, Geschichtlicher Abriss, 807. Cf. och Marienlexikon V, 1993, 654 an de Guide Maria Plain Salzburg, Salzburg 1972.

[23] W. BALKENHOL, Führer durch die Busdorfkirche Paderborn, Paderborn o. J.

[24] WINTER, Trösterin der Betrübten, 13.

[25] De la Mission Saint-Joseph des Allemands à la Paroisse Saint-Joseph Artisan, Paris (manuscrit) 1996 ; LW (5. 5. 1997) 9.

[26] J. CAROT - C. PICHON-VARIN, Regard sur Notre-Dame de la Consolation, (feuillet) s. l. s. d. ; G. HELLINGHAUSEN, Die Trösterin der Betrübten in Saint-Germain-des-Prés, an Warte (6. 5. 1999).

[27] D. PAOLI, L’incendie du Bazar de la Charité, Paris 1997 ; Chapelle commémorative du Bazar de la Charité. Notre-Dame de Consolation, (Guide) s. l. s. d. ; G. HELLINGHAUSEN, Notre-Dame de Consolation - à Paris et à Luxembourg, an Warte (9. 10. 1997).

[28] “Notre Dame de Consolation”, an Warte (4. 5. 1955).

[29] Cf. OR/deutsch (15. 2. 1991) 5 an G. HELLINGHAUSEN, Zur Erwählung der Landespatronin am 20. Februar 1678, an Warte (20. 2. 1997).

[30] Cf. Marienlexikon VI, 485.

[31] Marienfeiertage. Wir feiern ihre Feste, o. O. o. D., 50.

[32] H. PETRI, Maria in der Sicht evangelischer Christen, an Handbuch der Marienkunde, I, Regensburg 2/1996, 382-419, hier 391.

[33] PELIKAN, Maria, 133f.

[34] De Kardinol Schönborn féiert aus ënner Beruffung op d’Séilegpreisungen, besonnesch déijéinech, déi den Traurejen Trouscht an Aussicht stellt (“Selig die Trauernden, denn sie werden getröstet werden”, cf. Mt. 5,4): “Cette promesse de consolation, de bonheur, vient de Dieu, mais elle ne conduit nullement au quiétisme, à une attitide passive de la part des hommes. Les Béatitudes de l’Evangile ont généré une immense vague de charité active pour coopérer avec le dessein divin de bonheur humain. (...) Les hôtels-Dieu que nos touristes visitent aujourd’hui sont les témoins de cette béatitude, car ils témoignent que cette béatitude a été génératrice de compassion, de générosité, de soins actifs des malades. Cardinal C. SCHÖNBORN, Bonheur ou malheur de vivre, an Qui nous fera voir le bonheur ? Conférences à Norte-Dame de Paris, carême 2004, Paris (Presses de la Renaissance) 2004, 59-85, hei 68-70.

[35] Heizu nach emol de Kardinol Schönborn: “L’Eglise de Jésus, mère de consolation: n’est-ce pas en elle que cette béatitude se réalise quotidiennement par le don des sacrements? Le pardon des pêchés - quelle consolation pourrait être plus forte? Le don du Corps et du Sang du Christ - c’est bien maintenant déjà qu’il console des affligés. Enfin toute la réalité, invisible mais tellement efficace, de l’Esprit Saint, le Consolateur, qui nous est donné dans l’Eglise, réalisant dès maintenant ce que Jésus a promis aux affligés.” Dohir ass d’Kierch “Mère de la consolation”. An hie schlussfolgert: “Voilà un premier regard sur la béatitude des affligés. Loin de nous désengager, de nous désintéresser de la souffrance, cette béatitude ne cesse de provoquer des élans de consolation: - soulager la souffrance par la compassion, par les soins, par la lutte infatigable contre les maux de toute sorte, physiques et spirituels; - ouvrir les vannes de la consolation que Dieu a données en abondance à son Eglise pour qu’elle en soit la Mère et la dispensatrice.” Ibid. 70-72.

[36] Homélie lors de la clôture de l’Octave, le dimanche 5 mai 1991.

[37] J. KLOPP, 4 Fragen nach dem marianischen Jubiläum, an Luxemburger Marienkalender 1979, 10f.

[38] Cf. Jubiläumsbroschüre Fondation du Tricentenaire. Services pour personnes handicapées 1978-2003, 3.

[39] Erzbischof F. FRANCK, 20 Jahre „Tricentenaire“, an LW (19. 2. 1998) 13.

[40] Cf. LW

(8. 7. 2004) 9.

[41] G. HELLINGHAUSEN, Maria und die Option zugunsten der Armen, an Warte (25. 2. 1988).

[42] Beispiller cf. G. HELLINGHAUSEN, Heilige, Päpste und Maria, an LW (29. 4. 1989) 17.

[43] Cardinal C. SCHÖNBORN, Bonheur ou malheur de vivre, 83f.

Georges HELLINGHAUSEN
georges.hellinghausen cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu