lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

24. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 18,21-35

21 De Péitrus ass bei de Jesus getratt a sot zu him: “Här, wéi dacks muss ech mengem Brudder verzeien, wann hie géint mech sënnegt? Bis zu siwemol?”

22 De Jesus sot zu him: "Net bis zu siwemol, soen ech dir, ma bis zu 77-mol.

23 Dowéinst ass d’Himmelräich ze vergläiche mat engem Kinnek, deen d’Ofrechnung mat senge Kniecht maache wollt.

24 Wéi hien ugefaang hat mat Ofrechnen, ass ee bei hie bruecht ginn, deen him 10.000 Talenter schëlleg war.

25 Well dee Kniecht déi net zréckbezuele konnt, huet den Här den Uerder ginn, hien, seng Fra, seng Kanner an alles, wat hien hat, ze verkafen, fir datt d’Suen zréckbezuelt gi kéinten.

26 Dunn ass de Kniecht virun him niddergefall an huet gesot: ’Hief Gedold mat mir, ech bezuelen dir alles zréck!’

27 Well et dem Här am Häerz wéigedoen huet, huet hien de Mann goe gelooss an him seng Schold nogelooss.

28 Wéi de Kniecht dunn erausgaang ass, ass hien engem vun senge Matkniecht begéint, deen him 100 Sëlwermënze schëlleg war. Hien huet dëse Matkniecht mam Hals geholl, esou datt hien hie bal erwiergt huet, a sot: ’Bezuel mir dat zréck, wat s du mir schëlleg bass!’

29 De Matkniecht ass niddergefall an huet gebiedelt: ’Hief Gedold mat mir, ech bezuelen dir et zréck!’

30 De Kniecht awer wollt net; hien ass villméi higaang an huet deen aneren an de Prisong gehäit, bis deen seng Schold zréckbezuelt hätt.

31 Wéi elo seng Matkniecht gesinn hunn, wat geschitt war, goufen si ganz verdrësserlech, an si sinn hirem Här alles erziele gaang.

32 Dueropshin huet den Här de Kniecht ruffe gelooss a sot: ’Du wéischte Kniecht! Deng ganz Schold hunn ech dir nogelooss, well s du dorëm gebiedelt hues.

33 Häss du duerfir net och misse mat dengem Matkniecht baarmhäerzeg sinn, esou wéi ech mat dir baarmhäerzeg war?’

34 A voller Roserei huet den Här hien de Folterkniecht ausgeliwwert, bis hien alles, wat hie schëlleg war, zréckbezuelt hätt.

35 Esou mécht och mäi Papp am Himmel et mat iech, wann dir net een deem anere vun Häerze verzeit."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu