lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

3. Ouschtersonndeg A

Lk 24,13-35

13 Deen éischten Dag vun der Woch waren zwéi vum Jesus senge Jünger ënnerwee an en Duerf, dat 60 Stadievu Jerusalem ewech läit an Emmaus heescht.

14 Si hunn ënner sech iwwer all dat geschwat, wat geschitt war.

15 Wéi si matenee geschwat an diskutéiert hunn, ass de Jesus selwer op si duerkomm a mat hinne virugaang.

16 Ma hir Ae ware wéi blann, esou datt si hien net erkenne konnten.

17 Hien awer sot zu hinnen: “Wat sinn dat fir Saachen, iwwer déi dir ënnerwee matenee geschwat hutt?” Du sinn si traureg stoe bliwwen.

18 Ee vun hinnen, dee Kleopas geheescht huet, huet him geäntwert: “Bass du dann deen Eenzegen, deen zu Jerusalem wunnt an net weess, wat dës Deeg hei geschitt ass?”

19 Hie sot zu hinnen: “Wat dann?” Si soten: "Dat mat dem Jesus vun Nazareth. Hie war e Prophéit an huet virum Herrgott an dem ganze Vollek grouss Saache gemaach a gesot.

20 Eis Hohepriister an déi Iewescht vun eisem Vollek hunn hien ausgeliwwert, fir datt hien zum Doud veruerteelt géif ginn, an si hunn hie gekräizegt.

21 Mir awer hate gehofft, hie wär deen, deen Israel erléise géif, ma et ass haut schonn deen drëtten Dag, zënter datt dat geschitt ass.

22 Et kënnt elo nach derbäi, datt e puer vun eise Fraen äis ganz doruechter gemaach hunn: De Muerge fréi waren si beim Graf,

23 ma si hunn säi Läif net fonnt. Du sinn si komm an hu behaapt, si hätten eng Erscheinung vun Engele gehat, déi soten, hie géif liewen.

24 E puer vun deenen, déi bei äis waren, sinn dueropshin och bei d’Graf gaang, an si hunn alles esou fonnt, wéi d’Fraen et gesot haten; hien awer hunn si net gesinn.”

25 Du sot de Jesus zu hinnen: "O, wat sidd dir schwéier vu Begrëff an zéi, fir all dat an ärem Häerz ze gleewen, wat d’Prophéite gesot hunn!

26 Huet net de Christus misse leiden an dann an seng Herrlechkeet agoen?"

27 An ugefaang mat dem Moses a mat alle Prophéiten huet hien hinnen duergeluecht, wat an alleguer de Schrëften iwwer hie steet.

28 Esou sinn si an d’Duerf komm, wouhin si ënnerwee waren, an de Jesus huet gemaach, wéi wann hie weidergoe wéilt.

29 Dunn hunn si hie gedirängelt a soten: “Bleif bei äis, well et gëtt esou lues Owend, den Dag geet op en Enn!” Dueropshin ass hie mat eragaang a bei hinne bliwwen.

30 Wéi hie mat hinne bei Dësch war, huet hien d’Brout geholl an den Herrgott gelueft, hien huet et gebrach an hinnen et ginn.

31 Du sinn hinnen d’Aen opgaang, an si hunn hien erkannt; hien awer huet sech hire Blécker entzunn.

32 An si soten een zum aneren: “Huet net eist Häerz gebrannt, wéi hien ënnerwee mat äis geschwat huet a wéi hien äis d’Schrëft duergeluecht huet?”

33 Déiselwecht Stonn nach hunn si sech op de Wee gemaach a sinn hannescht op Jerusalem gaang, wou si déi Eelef an och nach anerer beienee fonnt hunn.

34 Dës soten: “Den Här ass wierklech operstan, an hien ass dem Simon erschéngen!”

35 Dunn hunn och si erzielt, wat hinnen ënnerwee geschitt war, a wéi hien sech ze erkenne ginn huet, andeems hien d’Brout gebrach huet.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu