lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

10. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 9,9-13

9 Där Deeg een huet de Jesus e Mann, dee Matthäus geheescht huet, beim Oktroishaische sëtze gesinn, an hie sot zu him: “Komm mir no!” Dunn ass de Mann opgestan an ass him nogaang.

10 A wéi de Jesus am Haus bei Dësch war, kuck, du si vill Steierandreiwer a Sënner komm an hunn sech mat him an senge Jünger un den Dësch gesat.

11 D’Pharisäer, déi dat gesinn hunn, soten zu de Jünger: “Firwat ësst äre Meeschter mat de Steierandreiwer an de Sënner?”

12 De Jesus awer huet et héieren a sot: "Et sinn net déi Gesond, déi en Dokter brauchen, ma déi Krank.

13 Dir awer gitt a léiert, wat et heescht: Baarmhäerzegkeet wëll ech, an net Affer! Ech sinn nämlech net komm, fir déi Gerecht ze ruffen, ma d’Sënner."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu