lb | fr | pt | en |
22. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 7,1-8.14-15.21-23
1 D’Pharisäer an eng Rei Schrëftgeléiert, déi vu Jerusalem erofkomm waren, sinn zesumme bei de Jesus gaang.
2 Si hu gesinn, datt e puer vun senge Jünger d’Brout mat onrengen, dat heescht ongewäschenen Hänn giess hunn.
3 D’Pharisäer, wéi d’Judden alleguer, iessen nämlech net, bis si sech d’Hänn gewëssenhaft gewäsch hunn; op déi Manéier halen si fest un der Traditioun vun deenen Eelsten.
4 Och wann si vum Maart kommen, iessen si net, bis si sech gewäsch hunn, an si halen nach u villen anere Bräich fest, déi si iwwerholl hunn, wéi d’Spulle vu Becheren, Kréi a koffer Kesselen oder d’Ofwäsche vun de Bänken.
5 D’Pharisäer an d’Schrëftgeléiert hunn de Jesus also gefrot: “Firwat behuelen deng Jünger sech net esou, wéi d’Traditioun vun deenen Eelsten et wëllt, ma si iessen d’Brout mat onrengen Hänn?”
6 Hie sot zu hinnen: "Den Isaias hat recht mat deem, wat hien iwwer iech Schäinhelleg prophezeit huet. Et steet nämlech geschriwwen: Dat Vollek hei éiert mech mat de Lëpsen, hiert Häerz awer ass wäit ewech vu mir.
7 Ma si veréiere mech ëmsoss. Déi Léieren, déi si d’Leit léieren, sinn eenzeg an eleng Virschrëfte vu Mënschen!
8 Dir loosst dem Herrgott säi Gebot lass an haalt iech un d’Traditioun vun de Mënschen.”
14 Dueropshin huet hien déi sëlleche Leit nees bei sech geruff a sot zu hinnen: "Lauschtert mir all no a verstitt dat hei:
15 Näischt, wat vu baussen an de Mënsch erageet, kann hien onreng maachen, ma dat, wat aus dem Mënsch erauskënnt, dat mécht de Mënsch onreng.
21 Well vu bannen eraus, aus de Mënschen hirem Häerz, kommen déi schlecht Absichten, fir onerlaabte Geschlechtsverkéier ze hunn, een ze bestielen, een doutzemaachen,
22 d’Bestietnes ze briechen, geiereg, nidderträchteg an hannerlëschteg ze sinn, iwwer d’Sträng ze schloen, abgaschteg ze sinn, ze lästeren, iwwerhieflech an onverstänneg ze sinn.
23 All dëst Béist kënnt vu bannen eraus a mécht de Mënsch onreng."