lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

5. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 1,29-39

29 De Jesus ass mat dem Jakobus an dem Johannes an d’Haus vum Simon a vum Andreas gaang.

30 Do louch dem Simon seng Schwéiermamm mat Féiwer am Bett. Si hunn dem Jesus gläich vun hir erzielt.

31 Dueropshin ass hie bei d’Fra gaang, huet si mat der Hand geholl an huet si opgeriicht. D’Féiwer ass vun hir gewach, an si huet si bedéngt.

32 Wéi et awer Owend gouf – d’Sonn war schon ënnergaang –, hunn d’Leit all déi bei hie bruecht, déi krank a vun Dämone besiess waren.

33 D’ganz Stad war virun der Dier versammelt.

34 De Jesus huet der vill geheelt, déi allméiglech Krankheeten haten, an hien huet vill Dämonen ausgedriwwen. Dobäi huet hien d’Dämonen awer net zu Wuert komme gelooss, well si woussten, wien hie war.

35 An aller Fréi – et war nach däischter – ass hien opgestan, ass fortgaang an huet sech eng ofgeleeë Plaz gesicht; do huet hie gebiet.

36 De Simon an déi, déi bei him waren, sinn him nogaang,

37 a wéi si hie fonnt haten, soten si zu him: “Si sichen dech alleguer.”

38 Du sot hien zu hinnen: “Loosse mer enzwousch anescht higoen, an d’Dierfer hei ronderëm, fir datt ech och do [d’Evangelium] verkënnege kann; duerfir sinn ech jo fortgaang.”

39 An hien ass duerch ganz Galiläa gaang, huet an hire Synagogen [d’Evangelium] verkënnegt an huet d’Dämonen ausgedriwwen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu