lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

6. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 1,40-45

40 En Aussätzegen ass op de Jesus duerkomm an huet hien ëm Hëllef gebieden. Hien ass virun him op d’Knéie gefall a sot: “Wann s du wëlls, kanns du maachen, datt ech reng ginn.”

41 De Jesus, deem et am Häerz wéigedoen huet fir de Mann, huet d’Hand ausgestreckt, huet deen Aussätzege beréiert a sot zu him: “Ech wëll: Gëff reng!”

42 Am selwechten Ament ass den Aussaz vum Mann gewach, an hie war reng.

43 De Jesus huet hien direkt fortgeschéckt

44 an him ausdrécklech un d’Häerz geluecht: “Maach, datt s du kengem eppes sees, ma géi, weis dech dem Priister an affer fir deng Rengegung dat, wat de Moses virgeschriwwen huet, als Bewäis fir si!”

45 De Mann awer ass fortgaang an huet ugefaang, Jann a Mann z’erzielen, wat geschitt war, an d’Noriicht dovun dorëmmer ze verbreeden. Esou konnt de Jesus sech net méi an enger Stad weisen, an hien huet sech nëmme méi dobaussen op ofgeleeëne Plazen opgehal. An dach koumen d’Leit vun iwwerall hier bei hien.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu