lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

24. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 8,27-35

27 De Jesus ass mat senge Jünger an d’Dierfer ëm Cäsarea Philippi gaang. Ënnerwee huet hien d’Jünger gefrot: “Fir wien halen d’Leit mech?”

28 Si soten zu him: “Déi eng halen dech fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, nees anerer fir soss ee vun de Prophéiten.”

29 Dunn huet hien si gefrot: “An dir, fir wien haalt dir mech?” De Péitrus huet him geäntwert: “Du bass de Christus!”

30 Dueropshin huet de Jesus hinne gedreet an hinne verbueden, mat iergendengem iwwer hien ze schwätzen.

31 An hien huet ugefaang, si doriwwer ze beléieren, datt de Mënschejong villes erleide misst, datt hie vun den Eelsten, den Hohepriister an de Schrëftgeléierte verstouss misst ginn, datt hien doutgemaach misst ginn an no dräi Deeg operstoe misst.

32 Dëst sot hien onverblimmt a riichteraus. Dunn huet de Péitrus hien op d’Säit geholl an huet ugefaang, him Virwërf ze maachen.

33 Iwwerdeems de Jesus sech ëmgedréit huet, huet hien seng Jünger gekuckt an huet sengersäits dem Péitrus de Virworf gemaach: “Fort mat dir, Satan, hanner mech! Du hues net dat am Sënn, wat den Herrgott wëllt, ma dat, wat d’Mënsche wëllen!”

34 Duerno huet de Jesus déi sëllege Leit bei sech geruff, zesumme mat senge Jünger, an hie sot zu hinnen: "Wann ee mir nokomme wëllt, da soll deen sech selwer verleegnen, hie soll säi Kräiz op sech huelen a mir nokommen!

35 Well deen, deen säi Liewe rette wëllt, dee verléiert et; wien awer wéinst menger a wéinst dem Evangelium säi Liewe verléiert, dee rett et."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu