lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

27. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 10,2-16

2 Et koume Pharisäer bei de Jesus an hunn hie gefrot, ob et engem Mann erlaabt wär, seng Fra fortzeschécken – op dës Manéier wollten si hien op d’Prouf stellen.

3 Hien awer huet hinne geäntwert: “Wat huet de Moses iech virgeschriwwen?”

4 Si soten: “De Moses huet et zougelooss, datt een e Scheedungsbréif schreift an d’Fra fortschéckt.”

5 De Jesus awer sot zu hinnen: "Et ass wéinst ärer Haarthäerzegkeet, wou hien dëst Gebot fir iech geschriwwen huet.

6 Ma vum Ufank vun der Schëpfung un huet hien [den Herrgott] si als Mann an als Fra geschafen;

7 dowéinst verléisst e Mann Papp a Mamm a verbënnt sech mat senger Fra,

8 an déi zwee ginn eent; duerfir sinn si net méi zwee, ma eent.

9 Wat den Herrgott also matenee verbonnen huet, dat soll de Mënsch net trennen."

10 Doheem hunn seng Jünger hie weider heiriwwer gefrot.

11 Hie sot zu hinnen: "Wien seng Fra fortschéckt an eng aner bestit, dee brécht domat säi Bestietnes mat där éischter Fra,

12 a wann si hire Mann fortgeschéckt huet an en anere bestit, da brécht och si d’Bestietnes."

13 Dunn hunn d’Leit Kanner bei hie bruecht, fir datt hien si beréiere sollt, ma si krute vun de Jünger Virwërf gemaach.

14 Wéi de Jesus dat gesinn huet, ass hien hafteg ginn a sot zu dësen: "Loosst d’Kanner bei mech kommen, hënnert si net drun, well fir hiresgläichen ass dem Herrgott säi Räich!

15 Amen, ech soen iech: Wien dem Herrgott säi Räich net unhëlt wéi e Kand, dee kënnt ni an dat Räich eran."

16 An hien huet d’Kanner ëmäerbelt, huet hinnen d’Hänn opgeluecht an huet si geseent.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu