lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

15. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 10,25-37

25 Een, deen sech am Gesetz auskannt huet, ass opgestan. Hie wollt de Jesus op d’Prouf stellen a sot: “Meeschter, wat muss ech maachen, fir um éiwege Liewen deelzehunn?”

26 De Jesus sot zu him: “Wat steet am Gesetz geschriwwen? Wat lies du do?”

27 De Mann huet geäntwert: “Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat dengem ganzen Denken , an du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer.”

28 De Jesus sot zu him: “Du hues gutt geäntwert; maach dat, da kriss du d’Liewen.”

29 De Mann awer wollt sech rechtfertegen a sot zum Jesus: “Wien ass da mäin Nächsten?”

30 Dueropshi sot de Jesus: "E Mann ass vu Jerusalem erof op Jericho gaang, an hien ass Raiber an d’Gräpp gefall. Déi hunn hien ausgedoen an hunn hien zerschloen; du sinn si fortgaang an hunn hien hallef dout leie gelooss.

31 Zoufälleg ass e Priister dee Wee erofkomm. Wéi hien de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanschtgaang.

32 D’selwecht war et och mat engem Levit: Wéi hien op déi Plaz komm ass an de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanschtgaang.

33 E Samariter awer, deen och ënnerwee war, ass bis bei de Mann komm, a wéi hien dëse gesinn huet, huet et him am Häerz wéigedoen.

34 Hien ass bei de Mann gaang, huet Ueleg a Wäin op seng Wonne geschott an huet se verbonnen. Dunn huet hien de Mann op säin eegent Reitdéier gehuewen, hien an e Wiertshaus gefouert a fir hie gesuergt.

35 Deen Dag drop huet hien zwou Sëlwermënzen erausgeholl, dem Wiert se ginn a gesot: ’Suerg du elo fir hien! Dat, wat s du méi u Sue brauchs, ginn ech dir erëm, wann ech zréckkommen.’

36 Wie vun dësen dräi ass dann elo denger Meenung no deen Nächste gi vun deem, deen ënner d’Raiber gefall war?”

37 Deen, deen sech am Gesetz auskannt huet, sot: “Deejéinegen, deen him géintiwwer baarmhäerzeg war.” Du sot de Jesus zu him: “Da géi, a maach du et gradesou!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu