lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

17. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 11,1-13

1 De Jesus war anzwousch amgaang ze bieden, a wéi hien dermat fäerdeg war, sot ee vun senge Jünger zu him: “Här, léier äis bieden, esou wéi och de Johannes seng Jünger biede geléiert huet!”

2 Du sot hien zu hinnen: "Wann dir biet, da sot: Papp, däin Numm sief gehellegt;däi Räich soll kommen;

3 gëff äis Dag fir Dag dat Brout, dat mir brauchen;

4 looss äis eis Sënnen no, well och mir selwer loosse jidderengem dat no, wat hien äis schëlleg ass; a féier äis net a Versuchung!”

5 An hie sot zu hinnen: "Huelt emol un, ee vun iech hätt e Frënd an hie géif matzen an der Nuecht bei dee goen an zu him soen: ’Frënd, léin mir dräi Brout,

6 well ee vu menge Frënn ass vun enger Rees bei mech komm, an ech hunn näischt, wat ech him virsetze kéint!’,

7 an deejéinege géif da vu bannen äntweren: ’Plo mech net! D’Dier ass schonn zougespaart, a meng Kanner an ech, mir leien am Bett. Ech kann net opstoen, fir dir eppes ze ginn.’ –

8 Ech soen iech: Wann deejéinegen och net opsteet, fir him eppes ze ginn, well et säi Frënd ass, dann hieft hien sech awer wéinst deem aneren senger Onverschimtheet a gëtt him esou vill, wéi hie brauch.

9 Duerfir soen ech iech: Frot, da gëtt iech ginn; sicht, da fannt dir; klappt, da gëtt iech opgemaach!

10 Well wie freet, dee kritt, a wie sicht, dee fënnt, a wie klappt, dee kritt opgemaach.

11 Wie vun iech géif als Papp, dee vun sengem Jong e Fësch gefrot krit, him amplaz vum Fësch eng Schlaang ginn?

12 A wie géif him, wann hien en Ee gefrot krit, e Skorpioun ginn?

13 Wann also dir, déi dir béis sidd, amstand sidd, äre Kanner gutt Saachen ze ginn, wéivill méi gëtt de Papp am Himmel deenen hellege Geescht, déi hien drëm froen!"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu