lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

24. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 15,1-32

1 D’Steierandreiwer an d’Sënner sinn alleguer bei de Jesus komm, fir him nozelauschteren.

2 Dunn hunn d’Pharisäer an och d’Schrëftgeléiert gegrommelt a soten: “Deen do hëlt sech de Sënner hirer un, an hien ësst esouguer mat hinnen!”

3 Hien awer huet hinnen dëst Gläichnes erzielt:

4 "Wie vun iech, deen 100 Schof huet an eent dervu verléiert, léisst net déi 99 an der Wüüst zréck a geet deem verluerenen no, bis hien et fënnt?

5 A wann hien et fonnt huet, dann hëlt hien et voll Freed op seng Schëlleren.

6 Doheem rifft hien d’Frënn an d’Noperen zesummen a seet zu hinnen: ’Freet iech mat mir, well ech hu mäi Schof, dat ech verluer hat, erëmfonnt!’

7 Ech soen iech: Esou ass och am Himmel méi Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt, wéi iwwer 99 Gerechter, déi et net néideg hunn, ëmzedenken.

8 Oder wat fir eng Fra, déi zéng Sëlwermënzen huet an eng dervu verléiert, fänkt net eng Luucht un, kiert d’Haus a sicht grëndlech, bis si se fënnt?

9 A wann si se fonnt huet, da rifft si d’Frëndinnen an d’Nopeschen zesummen a seet: ’Freet iech mat mir, well ech hunn déi Sëlwermënz, déi ech verluer hat, erëmfonnt!’

10 Esou, soen ech iech, ass och beim Herrgott sengen Engele Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt.”

11 Du sot hien: "E Mann hat zwéi Jongen.

12 Dee jéngste vun hinne sot zum Papp: ’Papp, gëff mir meng Deel!’ Dueropshin huet de Papp d’Verméigen ënner hinnen opgedeelt.

13 Et huet net laang gedauert, dunn huet dee jéngste Jong alles zesummegepaakt an ass wäit fort an en anert Land gaang, wou hien säi ganzt Verméigen duerch e Liewen am Vollen dropgemaach huet.

14 Wéi hien alles dropgekéiert hat, ass an deem Land eng uerg Hongersnout ausgebrach, an hien huet ugefaang, de Manktem ze spieren.

15 Dunn ass hien higaang an huet sech bei engem Bierger aus deem Land verdangt; deen huet hien op seng Stécker geschéckt, fir d’Schwäin ze hidden.

16 Gär hätt hien sech un de Scheeken, déi d’Schwäi gefriess hunn, sat giess, ma et huet keen him se ginn.

17 Dunn ass hien an sech gaang a sot: ’Wéivill vu mengem Papp sengen Doléiner hu Brout am Iwwerfloss, an ech kommen hei ëm vun Honger!

18 Ech maache mech elo op de Wee, ech gi bei mäi Papp, an ech soen him: Papp, ech hu géint den Himmel a géint dech gesënnegt;

19 ech sinn et net méi wäert, däi Jong genannt ze ginn. Behandel mech wéi ee vun dengen Doléiner!’

20 An hien huet sech op de Wee gemaach an ass bei säi Papp gaang. Wéi hien nach wäit ewech war, huet de Papp hie gesinn, an et huet him am Häerz wéigedoen. Hien ass op de Jong duergelaf, ass him ëm den Hals gefall an huet hie gekësst.

21 Ma de Jong sot zu him: ’Papp, ech hu géint den Himmel a géint dech gesënnegt; ech sinn et net méi wäert, däi Jong genannt ze ginn.’

22 De Papp awer sot zu senge Kniecht: ’Bréngt séier dat houbeschte Kleed erbäi an dot him et un, gitt him e Rénk fir un de Fanger a Sandale fir an d’Féiss!

23 Bréngt dat gemäschtent Kallef, schluecht et, an da wëlle mir frou sinn a gutt iessen,

24 well mäi Jong hei war dout, an hie lieft nees; hie war verluer an ass erëmfonnt ginn!’ An si hunn ugefaang ze feieren.

25 Deen eelste Jong awer war um Feld. Wéi hien heemkomm ass a méi no beim Haus war, huet hie Musek an Danz héieren.

26 Hien huet ee vun den Dénger erbäigeruff a gefrot, wat do lass wär.

27 Deen huet him gesot: ’Däi Brudder ass erëmkomm, an däi Papp huet dat gemäschtent Kallef geschluecht, well hien hie gesond erëmkritt huet.’

28 Dunn ass de Jong rose ginn a wollt net eragoen. Dueropshin ass säi Papp erauskomm an huet him gefléift.

29 Hien awer huet dem Papp geäntwert: ’Kuck, esou vill Joer déngen ech dir elo schonn, an nach ni hunn ech e Gebot vun dir iwwertratt. Ma mir hues du nach ni och nëmmen e Geessebock ginn, fir datt ech mat menge Frënn hätt kënne feieren!

30 Wéi awer däi Jong do komm ass, deen däi Verméige mat Stroossemeedercher verjuppt huet, dunn hues du fir hien dat gemäschtent Kallef geschluecht!’

31 Ma de Papp sot zu him: ’Kand, du bass déi ganzen Zäit bei mir, an alles, wat mäint ass, ass och däint.

32 Ma elo huet een dach misse frou sinn an sech freeën, well däi Brudder hei war dout, an hie lieft nees; hie war verluer an ass erëmfonnt ginn!’"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu