lb | fr | pt | en |
28. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 17,11-19
11 Op sengem Wee op Jerusalem zou ass de Jesus duerch Samaria an duerch Galiläa gaang.
12 Wéi hien an en Duerf eragoe wollt, sinn him zéng aussätzeg Männer entgéintkomm. Si si méi wäit ewech stoe bliwwen
13 an hunn haart geruff: “Jesus, Meeschter, erbaarm dech eiser!”
14 Wéi hien si gesinn huet, sot hien zu hinnen: “Gitt weist iech de Priister!” Iwwerdeems si dohi goungen, goufen si gerengegt.
15 Ee vun hinnen, dee gesinn huet, datt hie geheelt war, ass ëmgedréit an huet den Herrgott aus voller Broscht verherrlecht.
16 Hien huet sech dem Jesus zu Féiss gehäit an huet him merci gesot. Dëse Mann war e Samariter.
17 De Jesus huet geäntwert: "Sinn net déi zéng gerengegt ginn? Wou sinn dann déi aner néng?
18 Huet soss keen et fir néideg fonnt, ëmzedréien an den Herrgott ze verherrlechen, wéi just dëse Friemen?”
19 An hie sot zu him: “Stéi op a géi! Däi Glaf huet dech gerett.”