lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

5. Faaschtesonndeg C

Joh 8,1-11

1 De Jesus ass op den Olivebierg gaang.

2 Muerges fréi goung hien nees an den Tempel, an d’ganzt Vollek ass bei hie komm. Hien huet sech niddergesat an huet si geléiert.

3 Dunn hunn d’Schrëftgeléiert an d’Pharisäer eng Fra dohi bruecht, déi erwëscht gi war, wéi si d’Bestietnes gebrach hat. Si hunn d’Fra an d’Mëtt gestallt

4 a soten zum Jesus: "Meeschter, dës Fra ass op frëscher Dot erwëscht ginn, wéi si friemgaang ass.

5 Am Gesetz huet de Moses äis virgeschriwwen, esou Fraen ze stengegen. An du, wat sees du dozou?"

6 Dat soten si, fir hien op d’Prouf ze stellen; si hunn nämlech eng Ursaach gesicht, fir hien unzekloen. De Jesus awer huet sech gebéckt an huet mam Fanger op de Buedem geschriwwen.

7 Wéi si sech drugehal hunn, hien ze froen, huet hien sech opgeriicht a sot zu hinnen: “Wie vun iech nach ni gesënnegt huet, dee soll als Éischten e Steen op si geheien!”

8 Dunn huet hien sech nees gebéckt an huet op de Buedem geschriwwen.

9 Wéi si dat héieren hunn, sinn si hirer Wee gaang, een nom aneren, fir d’éischt déi Eelst. De Jesus ass eleng zréckbliwwe mat der Fra, déi nach an der Mëtt stoung.

10 Hien huet sech opgeriicht a sot zu hir: “Fra, wou sinn si? Huet keen dech veruerteelt?”

11 Si sot: “Keen Eenzegen, Här.” Du sot de Jesus: “Och ech veruerteelen dech net. Géi a sënneg vun elo un net méi!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu