lb | fr | pt | en |
2. Sonndeg am Joereskrees A
Joh 1,29-34
29 De Johannes huet de Jesus op sech duerkomme gesinn a sot: "Kuckt, d’Lamm Gottes, dat d’Sënne vun der Welt ewechhëlt!
30 Deen heiten ass et, vun deem ech gesot hunn: No mir kënnt een, dee mir viraus ass, well hie viru mir war.
31 Ech hunn hien net kannt, ma fir datt hien Israel bekannt gemaach géif ginn, dowéinst sinn ech komm an deefe mat Waasser.”
32 An de Johannes huet bezeit: "Ech hunn de Geescht gesinn erofkomme wéi eng Dauf vum Himmel, an en ass op him bliwwen.
33 Ech hunn hien net kannt, ma deen, dee mech geschéckt huet, fir mat Waasser ze deefen, huet mir gesot: ’Deejéinegen, op deen s du de Geescht erofkomme gesäis an op deem e bleift, deen ass et, dee mat hellegem Geescht deeft.’
34 Ech hunn dat gesinn, an ech bezeien: Hien ass dem Herrgott säi Jong."