lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Pällemsonndeg C

Lk 19,28-40 + Lk 22,14-23,56

1. Pällemweih

28 De Jesus ass erop op Jerusalem gaang.

29 Wéi hien an d’Géigend vu Bethphagee a vu Bethanien koum, bei de Bierg, deen Olivebierg genannt gëtt, huet hien der zwéi vun de Jünger virgeschéckt

30 a sot: "Gitt an d’Duerf vis-à-vis! Wann dir erakommt, fannt dir do en Ieselsfillen, dat ugestréckt ass an op deem nach ni e Mënsch souz. Maacht et lass a féiert et heihin!

31 A wann een iech freet: ’Firwat maacht dir et lass?’, dann äntwert einfach: ’Den Här brauch et.’"

32 Déi zwéin, déi geschéckt gi waren, hunn sech op de Wee gemaach, an si hunn alles esou fonnt, wéi hien hinnen et gesot hat.

33 Wéi si d’Fille lassgemaach hunn, soten déi, deenen hiert et war: “Firwat maacht dir dat Fille lass?”

34 Si hu geäntwert: “Den Här brauch et.”

35 Dunn hunn si et bei de Jesus gefouert. Nodeems si dem Fillen hir Kleeder op de Réck geworf haten, hunn si de Jesus drop gehuewen.

36 Wéi hien do geridde komm ass, hu Leit hir Kleeder virun him op dem Wee ausgebreet.

37 A wéi hie bis dohi komm ass, wou et den Olivebierg erofgeet, dunn hunn déi sëllege Jünger sech gefreet an ugefaang, den Herrgott wéinst all deene Wonner, déi si gesinn haten, haart ze luewen:

38 “Geseent sief deen, dee kënnt, hie kënnt als Kinnek am Här sengem Numm! Am Himmel Fridden an Herrlechkeet héich do uewen!”

39 En etlecher vun de Pharisäer, déi an der Mënschewull waren, soten zu him: “Meeschter, stéier deng Jünger!”

40 Ma hien huet geäntwert: “Ech soen iech: Wann si hei de Mond halen, da jäizen d’Steng.”

2. Mass

14 Wéi d’Stonn komm war, huet de Jesus sech un den Dësch gesat, an d’Apostele mat him.

15 Hie sot zu hinnen: "Wat hunn ech derno verlaangert, dëst Pessach nach mat iech z’iessen, éier ech leide muss.

16 Well ech soen iech: Ech iessen et net méi, bis et seng Erfëllung fënnt am Herrgott sengem Räich.“17 Dunn huet hien e Kielech geholl an dem Herrgott merci gesot, an hie sot:”Huelt en an deelt ënner iech!

18 Well ech soen iech: Vun elo un drénken ech net méi vum Drauwestack senger Fruucht, bis dem Herrgott säi Räich kënnt.“19 An hien huet Brout geholl an dem Herrgott merci gesot; hien huet et gebrach, hinnen et ginn a gesot:”Dat hei ass mäi Läif, dee fir iech hiergi gëtt. Maacht dëst, fir menger ze gedenken!“20 Gradesou huet hien nom Iessen de Kielech geholl a gesot:”Dëse Kielech ass deen neie Bond a mengem Blutt, dat fir iech vergoss gëtt.

21 Ma kuckt, deejéinegen, dee mech ausliwwert, sëtzt mat mir um Dësch.

22 De Mënschejong muss zwar dee Wee goen, dee fir hie bestëmmt ass, ma gare deem senger, duerch deen hien ausgeliwwert gëtt!"

23 Dunn hunn si ugefaang, ënnereneen driwwer ze schwätzen, wie vun hinnen et wär, deen esou eppes maache géif.

24 Dueropshin ass ënner hinnen e Sträit driwwer opkomm, wie vun hinne fir dee Gréissten ze hale wär.

25 De Jesus sot zu hinnen: "D’Kinneke gebidden iwwer hir Vëlleker, an déijéineg, déi Muecht iwwer d’Vëlleker hunn, loossen sech ’Wohltäter’ nennen.

26 Dir awer sollt net esou sinn! Dee Gréissten ënner iech soll ginn ewéi dee Jéngsten, an deen, deen d’Soen huet, soll ginn ewéi deen, deen déngt.

27 Well wien ass méi grouss: deen, deen um Dësch sëtzt, oder deen, dee bedéngt? Ass et net deen, deen um Dësch sëtzt? Ech awer sinn ënner iech wéi een, deen déngt.

28 Dir sidd déijéineg, déi mat mir ausgehalen hunn, wéi ech op d’Prouf gestallt gi sinn.

29 Esou wéi mäi Papp d’Räich fir mech bestëmmt huet, esou bestëmmen och ech fir iech,

30 datt dir a mengem Räich u mengem Dësch iesst an drénkt, an datt dir op engem Troun sëtzt an iwwer déi zwielef Stämm vun Israel Geriicht haalt.

31 Simon, Simon, kuck, de Satan huet sech iech gefrot, fir iech wéi Weess siften ze kënnen.

32 Ech hu fir dech gebiet, fir datt däi Glaf net verluer geet, a wann s du d’Kéier kritt hues, da stäerk du deng Bridder!“33 De Simon sot zu him:”Här, ech si bereet, mat dir an de Prisong ze goen an esouguer an der Doud!“34 De Jesus huet him geäntwert:”Ech soen dir, Péitrus, den Hunn huet haut nach net gekréit, dann hues du schonn dräimol geleegent, mech ze kennen!“35 Du sot hien zu hinnen:”Wéi ech iech ouni Geldbeidel, Kuuschtesak a Sandalen erausgeschéckt hunn, huet et iech dunn un iergendeppes gefeelt?“Si soten:”Neen, un näischt.“36 Dueropshi sot hien zu hinnen:”Elo awer soll deejéinegen, deen e Geldbeidel huet, deen huelen – a gradesou och de Kuuschtesak –, a wie keen huet, dee soll säi Mantel verkafen an sech e Schwäert uschafen!

37 Ech soen iech nämlech dat heiten: Dat, wat geschriwwe steet, muss u mir erfëllt ginn: Hien ass zu de Verbriecher gezielt ginn. Esou geet dat an Erfëllung, wat fir mech bestëmmt ass.“38 Si soten:”Här, kuck, hei sinn zwee Schwäerter!“Hien awer sot zu hinnen:”Et geet duer."

39 Dunn ass hien erausgaang, an esou wéi et seng Gewunnecht war, goung hien op den Olivebierg. D’Jünger sinn him nogaang.

40 Wéi si do ukomm sinn, sot hien zu hinnen: “Biet, fir net a Versuchung ze geroden!”

41 Hien ass ongeféier esou wäit vun hinnen ewechgaang, wéi een e Stee geheie kann; do huet hien sech geknéit, an hien huet gebiet:

42 “Papp, wann s du wëlls, dann huel dëse Kielech vu mir ewech! Awer net mäin, ma däi Wëll soll geschéien.”

43 En Engel vum Himmel ass him erschéngen an huet hie gestäerkt.

44 Wéi hie vun Doudangscht gepaakt gouf, huet hien ëmmer méi ugespaant gebiet, an säi Schweess war ewéi Bluttdrëpsen, déi op de Buedem gefall sinn.

45 Wéi hie vum Gebiet opgestan ass a bei d’Jünger koum, waren si vun elauter Trauregkeet enttompt.

46 Du sot hien zu hinnen: “Wéi kënnt dir schlofen?! Stitt op a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot!”

47 Hie war nach amgaang ze schwätzen, wéi eng Häerd Leit dohi komm sinn. De Judas, ee vun deenen Zwielef, war un hirer Spëtzt an ass op de Jesus duergaang, fir him e Kuss ze ginn.

48 De Jesus awer sot zu him: “Judas, mat engem Kuss liwwers du de Mënschejong aus?”

49 Wéi déi, déi ronderëm de Jesus waren, gesinn hunn, wat geschéie géif, soten si: “Här, solle mir mam Schwäert draschloen?”

50 An ee vun hinnen huet op dem Hohepriister säi Kniecht lassgeschloen an him dat rietst Ouer erofgeha.

51 De Jesus awer huet geäntwert: “Haalt op, ’t ass däers elo genuch!” An hien huet d’Ouer beréiert an de Mann geheelt.

52 Zu deenen, déi géint hien ausgeréckt waren, dat heescht den Hohepriister, den Haaptleit vun der Tempelgarde an den Eelsten, sot de Jesus: "Wéi géint e Raiber sidd dir mat Schwäerter a Knëppele lassgezunn?

53 Dag fir Dag war ech bei iech am Tempel, an dir hutt d’Hand net géint mech ausgestreckt. Dat hei awer ass är Stonn, an d’Däischtert huet elo d’Muecht."

54 Si hunn hie gefaange geholl, ofgefouert an an dem Hohepriister säin Haus bruecht. De Péitrus ass hinne vu Wäitem nogaang.

55 Wéi si e Feier an der Mëtt vum Haff ugefaang an sech derbäi gesat hunn, huet de Péitrus sech matzen ënner si gesat.

56 Eng Mod huet hien am Schäi vum Feier sëtze gesinn; si huet sech hie genee ugekuckt a sot: “Deen dote war och mat him zesummen!”

57 Ma hien huet et geleegent a sot: “Fra, ech kennen hien net!”

58 Kuerz drop huet en aneren hie gesinn a sot: “Du bass och ee vun hinnen!” De Péitrus awer sot: “Neen, Mënsch, ech net!”

59 Ongeféier eng Stonn drop huet nees en aneren sech drugehal: “Et ass wouer, deen dote war och mat him zesummen; hien ass jo och e Galiläer!”

60 De Péitrus awer sot: “Mënsch, ech weess net, vu wat s du schwätz!” An deem Ament, wéi hien nach amgaang war ze schwätzen, huet en Hunn gekréit.

61 Den Här huet sech ëmgedréit an de Péitrus bekuckt. Dunn huet de Péitrus sech drun erënnert, datt den Här zu him gesot hat: “Éier den Hunn haut kréit, verleegens du mech dräimol.”

62 An hien ass erausgaang an huet batter Tréine gekrasch.

63 Déi Männer, déi de Jesus bewaacht hunn, hunn de Spott mat him gedriwwen; si hunn hie geschloen,

64 him d’Ae verbonnen an hien da gefrot: “Dajee, du Prophéit, wien huet dech geschloen?”

65 Mat nach villen anere Wierder hunn si hie gelästert.

66 Wéi et Dag ginn ass, sinn déi Eelst vum Vollek, d’Hohepriister an och d’Schrëftgeléiert zesummekomm an hunn de Jesus virun hire Sanhedrin gefouert.

67 Si soten: “Wann s du de Messias bass, da so äis et!” Hien huet hinne geäntwert: "Och wann ech iech et soen, gleeft dir jo dach net!

68 A wann ech eppes froen, äntwert dir jo och net!

69 Vun elo un awer sëtzt de Mënschejong op där rietser Säit vun deem staarke Gott.“70 Du soten si alleguer:”Da bass du also dem Herrgott säi Jong?“Hien huet hinne geäntwert:”Dir sot, datt ech et sinn.“71 Si awer soten:”Wat brauche mir nach Zeienaussoen? Mir hunn et jo elo selwer aus sengem eegene Mond héieren!"

1 Dueropshi sinn si alleguer mateneen opgestan an hunn de Jesus bei de Pilatus gefouert.

2 Si hunn ugefaang, hien unzekloen, a soten: “Deen hei hu mir erwëscht, wéi hien eist Vollek iergefouert huet, wéi hien et dru gehënnert huet, dem Keeser Steieren ze bezuelen, a wéi hie gesot huet, hie wär selwer Messias a Kinnek.”

3 De Pilatus huet hie gefrot: “Bass du de Kinnek vun de Judden?” De Jesus huet him geäntwert: “Du sees et.”

4 Du sot de Pilatus zu den Hohepriister an zu deene ville Leit, déi do waren: “Ech fanne keng Schold bei dësem Mënsch.”

5 Si awer hunn sech drugehal a soten: “Hie stëppelt d’Vollek op mat deem, wat hien d’Leit am ganze Juddeland léiert, ugefaang vu Galiläa bis heihinner.”

6 Wéi de Pilatus dat héieren huet, huet hie gefrot, ob de Mann e Galiläer wär,

7 a wéi hie gewuer ginn ass, datt de Jesus dem Herodes senger Autoritéit ënnerstallt wär, huet hien hie bei den Herodes geschéckt, deen an deenen Deeg selwer zu Jerusalem war.

8 Den Herodes huet sech gefreet, wéi hien de Jesus gesinn huet. Hie wollt hie scho laang eng Kéier gesinn, well hie vun him héieren hat an elo gehofft huet, datt de Jesus bei him zou en Zeeche wierke géif.

9 Hien huet hien des Laangen an des Breeden ausgefrot, ma de Jesus huet him näischt geäntwert.

10 D’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert awer stoungen do an hunn sech an den Äifer geriet, fir de Jesus unzekloen.

11 Zesumme mat sengen Zaldoten huet den Herodes dem Jesus seng Veruechtung ze spiere ginn, de Spott mat him gedriwwen an him e prachtvollt Kleed ugedoen; duerno huet hien de Jesus hannescht bei de Pilatus geschéckt.

12 Deen Dag sinn den Herodes an de Pilatus Frënn ginn; virdru waren si Feinde gewiescht.

13 De Pilatus huet d’Hohepriister, déi Iewescht an d’Vollek zesummegeruff

14 a sot zu hinnen: "Dir hutt mir dëse Mënsch heihinner bruecht wéi een, deen d’Vollek ierféiert. Ma kuckt, ech hunn d’Saach bei iech zou ënnersicht, an ech fannen dee Mënsch hei net schëlleg an deem, wuerwéinst dir hien uklot.

15 Och den Herodes huet näischt fonnt, well hien huet äis hien zréckgeschéckt. Kuckt, hien huet näischt gemaach, wat den Doud verdénge géif.

16 Ech loossen hien also just gäisselen, an duerno loossen ech hie fräi.”

18 Dunn hunn si all matenee gejaut: "Fort mat him! Looss äis de Barabbas fräi!”

19 De Barabbas war e Mann, dee wéinst enger Rebellioun an der Stad a wéinst Muerd an de Prisong gehäit gi war.

20 Nees eng Kéier huet de Pilatus hinnen zougeruff, hie wéilt de Jesus fräiloossen.

21 Si awer hunn sech drugehale mat Bierelen: “Looss hie kräizegen, looss hie kräizegen!”

22 Eng drëtte Kéier sot de Pilatus zu hinnen: “Wat huet hien da Schlechtes gemaach? Ech fanne kee Grond, fir hien zum Doud ze veruerteelen. Ech loossen hien also just gäisselen, an duerno loossen ech hie fräi.”

23 Si awer hunn dem Pilatus zougesat mat hirem haarde Gebrëlls an hu gefuerdert, hie sollt de Jesus kräizege loossen. A mat deem Gebrëlls hunn si sech duerchgesat.

24 De Pilatus huet beschloss, datt et esou geschéie sollt, wéi si et gefuerdert haten.

25 Hien huet deejéinege fräigelooss, dee wéinst Rebellioun a Muerd an de Prisong gehäit gi war an deen si sech gefrot haten; de Jesus awer huet hien ausgeliwwert, esou wéi si et wollten.

26 Wéi d’Zaldoten de Jesus fortgefouert hunn, hunn si e gewësse Simon vun Zyrene geholl, dee grad vum Feld koum, an si hunn deem d’Kräiz opgelueden, fir datt hien dem Jesus et nodroe sollt.

27 Vill Leit aus dem Vollek sinn dem Jesus nogaang. Och Frae waren derbäi, déi sech un d’Broscht geschloen an ëm hie gejéimert hunn.

28 De Jesus huet sech zu hinne gedréit a sot: "Dir Duechtere vu Jerusalem, kräischt net wéinst menger; kräischt léiwer wéinst ärer a wéinst äre Kanner!

29 Well kuckt, et kommen Deeg, do gëtt gesot: ’Glécklech déi Fra, déi keng Kanner kréie kann, dee Schouss, deen net gebuer huet, an déi Broscht, déi net geniert huet!’

30 An et gëtt dann zu de Bierger gesot: ’Faalt op äis!’, an zu den Hiwwelen: ’Deckt äis zou!’

31 Wann et schonn deem gréngen Holz esou geet, wat geschitt dann eréischt mat deem dieren?"

32 Et sinn och zwéi Verbriecher dohi gefouert ginn, fir mat dem Jesus higeriicht ze ginn.

33 Wéi si op déi Plaz koumen, déi Doudekapp genannt gëtt, hunn si de Jesus an d’Verbriecher do gekräizegt, deen een op senger rietser an deen aneren op senger lénkser Säit.

34 De Jesus awer sot: “Papp, verzei hinnen, well si wëssen net, wat si maachen!” An si hunn seng Kleeder ënner sech opgedeelt, andeems si d’Lous gezunn hunn.

35 D’Vollek stoung do nozekucken. Och déi Iewescht vum Vollek hunn hien ausgelaacht a soten: “Anerer huet hie gerett, da soll hien elo sech selwer retten, wann hien de Messias ass, dee vum Herrgott auserwielt gouf!”

36 D’Zaldoten, déi komm sinn, fir him Esseg ze bréngen, hu gradesou de Spott mat him gemaach

37 a gesot: “Wann s du de Kinnek vun de Judde bass, da rett dech selwer!”

38 Iwwer him houng e Schëld: Dat hei ass de Kinnek vun de Judden.

39 Ee vun de Verbriecher, déi mat him gekräizegt gi waren, huet hie gelästert a gesot: “Bass du dann net de Messias? Da rett dech selwer an och äis!”

40 Deen aneren awer huet dësem Virwërf gemaach a geäntwert: "Net emol elo fäerts du den Herrgott, wou dech dach datselwecht Uerteel getraff huet?

41 A mat Recht, wat äis ugeet, well dat, wat mir kréien, entsprécht deem, wat mir gemaach hunn. Deen do awer huet näischt gemaach, wat een net soll.”

42 An hie sot: "Jesus, denk u mech, wann s du an däi Räich kënns!”

43 Du sot de Jesus zu him: “Amen, ech soen dir: Haut nach bass du mat mir am Paradäis.”

44 Et war schonn ëm déi sechst Stonn, dunn ass et am ganze Land däischter ginn – bis déi néngt Stonn,

45 well d’Sonn sech verdäischtert huet. De Riddo vum Tempel ass an der Mëtt duerchgerass.

46 De Jesus huet haart geruff: “Papp, an deng Hänn leeën ech mäi Geescht!” No dëse Wierder ass hie verscheet.

47 Wéi de Centurio gesinn huet, wat geschitt ass, huet hien den Herrgott gelueft a sot: “Wierklech, deen do Mënsch war gerecht!”

48 An all déi Leit, déi fir dëse Spektakel dohi komm waren a gesinn hunn, wat geschitt ass, hunn sech un d’Broscht geschloen, wéi si heemgoungen.

49 Méi wäit ewech stoungen all seng Bekannten an och d’Fraen, déi him vu Galiläa aus nogaang waren. Si hunn alles gesinn.

50 Et gouf deemools e Mann, dee Jouseph geheescht huet, e Member vum Sanhedrin; hie war e gudden an e gerechte Mann –

51 mat deenen aneren hirer Entscheedung an hirer Handlungsweis war hien net averstane gewiescht –, an hien huet op Arimathäa héieren, eng vun de Judden hire Stied. Dëse Jouseph huet op dem Herrgott säi Räich gewaart.

52 Hien ass elo bei de Pilatus gaang an huet dem Jesus seng Läich gefrot.

53 Nodeems hien se erofgeholl hat, huet hien se an e léngen Duch gewéckelt an se an e Fielsegraf geluecht, wou nach keen dra geleeën hat.

54 Et war de Virbereedungsdag, just éier de Sabbat ufänke sollt.

55 D’Fraen, déi vu Galiläa aus mat dem Jesus komm waren, sinn dem Jouseph nogaang; si hunn d’Graf gekuckt an hu gekuckt, wéi d’Läich drageluecht ginn ass.

56 Du sinn si heemgaang an hunn do Essenzen a Salefe preparéiert. Um Sabbat awer hunn si gerout, esou wéi et Virschrëft war.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu