lb | fr | pt | en |
Virun engem Joer gouf de Chanoine Leo Wagener zum Weibëschof vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg geweit
d’Retrospektiv op cathol.lu
![](local/cache-vignettes/L800xH533/remise_du_baton_de_pasteur-b555a.jpg?1677943559)
- D’Priedegt vum Mgr. Jean-Claude Hollerich
- D’Usprooch vum Mgr. Leo Wagener
- VIDEO: D’Bëschofswei am Replay
D’Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener e Sonndeg, den 29. September 2019, an der Kathedral vu Lëtzebuerg war e wichtege Moment an der Kierch vu Lëtzebuerg an huet, nieft der Kardinolserhiewung vum Mgr. Jean-Claude Hollerich, d’Joer an der Diözes marquéiert. Ganz vill Leit haten drop gehalen, deen Dag mat z’erliewen - an der Kathedral oder via d’Medien.
Fir déi ënnert Iech, déi e bleiwende Souvenir vun der Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener wëllen hunn, besteet d’Méiglechkeet, den DVD vun der Wei ze kafen.
Präis pro DVD: 15 Euro (Porto abegraff).
Dir kënnt se awer och siche kommen: Präis: 13 Euro (Service Communication et Presse (Centre Convict, Gebai H, 5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg).