lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gréngendonneschdeg ABC

Joh 13,1-15

1 Et war virum Pessach-Fest. De Jesus wousst, datt seng Stonn komm war, fir aus dëser Welt bei de Papp ze goen. Hien hat déi gär, déi an der Welt zu him gehéiert hunn, an hien hat si gär bis un d’Enn.

2 Iwwer Dësch, wéi den Däiwel dem Judas, dem Simon Iskarioth sengem Jong, schonn de Gedanken an d’Häerz geluecht hat, de Jesus auszeliwweren,

3 ass de Jesus, dee wousst, datt de Papp him alles an d’Hand ginn hat an datt hie vum Herrgott ausgaang war a bei den Herrgott hanneschtgoe géif,

4 vum Dësch opgestan, huet seng iewescht Kleeder ausgedoen, huet e léngen Duch geholl an huet sech et ëmgebonnen.

5 Dunn huet hie Waasser an eng Biddche geschott an huet ugefaang, senge Jünger d’Féiss ze wäschen an se mat dem léngen Duch ofzedréchnen, dat hien ëmgebonnen hat.

6 Wéi hie bei de Simon Péitrus koum, sot deen zu him: “Här, du wëlls mir d’Féiss wäschen?”

7 De Jesus huet him geäntwert: “Dat, wat ech maachen, begräifs du elo nach net, méi spéit awer verstees du et.”

8 De Péitrus sot zu him: “Et kënnt guer net a Fro, datt s du mir jeemools d’Féiss wäschs!” De Jesus huet him geäntwert: “Wann ech dech net wäschen, dann hues du keen Undeel u mir.”

9 Du sot de Simon Péitrus zu him: “Här, da wäsch mir net nëmmen d’Féiss, ma och d’Hänn an de Kapp!”

10 De Jesus sot zu him: “Wien sech gebuet huet, deen ass ganz reng, hie brauch just nach d’Féiss gewäsch ze kréien. Och dir sidd reng, awer net alleguer.”

11 Hie wousst nämlech, wien hien ausliwwere géif, dowéinst sot hien: “Dir sidd net alleguer reng.”

12 Nodeems hien hinnen d’Féiss gewäsch hat, huet hien seng iewescht Kleeder geholl an sech nees gesat. Du sot hien zu hinnen: "Verstitt dir, wat ech mat iech gemaach hunn?

13 Dir nennt mech Meeschter an Här, a mat Recht sot dir dat, well ech sinn et.

14 Wann elo ech, den Här an de Meeschter, iech d’Féiss gewäsch hunn, dann hutt och dir een deem aneren d’Féiss ze wäschen.

15 Ech hunn iech nämlech e Beispill ginn, fir datt dir et d’selwecht maacht, wéi ech et mat iech gemaach hunn."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu